Lithium
| Lithium | |
|---|---|
| (fr) lithium | |
|
Positioun vum Lithium am Periodesystem | |
| Allgemenges | |
| Symbol | Li |
| Uerdnungszuel | 3 |
| Virgänger |
Helium |
| Nofollger |
Beryllium |
| Elementkategorie | Alkalimetaller |
| Gehéiert zu |
1. Grupp vum Periodesystem, 2. Period vum Periodesystem, Alkalimetall |
| CAS-Nummer | 7439-93-2 |
| Atomar | |
| Atommass | 6,94 |
| Elektronekonfiguratioun | 1s² 2s¹ |
| Physikalesch | |
| Dicht | 0,534 |
| Schmëlzpunkt | 180,5 °C |
| Kachpunkt | 1.317 °C |
| Cheemesch | |
| Elektronegativitéit | 0,534 |
| Aner Informatiounen | |
| Datum | 1817 |
| Genannt no | Steen |
| Elektronecouche | |
|
Elektronekonfiguratioun vum Lithium | |
|
| |

Lithium (Symbol Li) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 3 am Periodesystem vun den Elementer.
Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Relativ Atommass: 6,941.
- Elektronekconfiguratioun: [He]2s1
- Metall Radius: 1,52 A
- Energie déi néideg ass fir z'ioniséieren: 520,1 kJ/mol
- Schmëlzpunkt: 180,5 °C
- Kachpunkt: 1326 °C
D'Uerdnungszuel 3 bedeit, datt e Lithiumatom 3 Protonen an 3 Elektronen a sengem Grondzoustand huet
Roll a Verwendung
[änneren | Quelltext änneren]E Lithium-Ion (Li+) ass besonnesch kleng an éischter mat engem Magnesium-Ion (Mg 2+) ze vergläiche wéi mat engem Natrium-Ion (Na+). Natierlech huet dëst och Auswierkungen op d'Eegenschafte vum Element an der Chimie déi dann och méi dem Magnesium gläiche wéi dem Natrium. Déi meescht Salzer mat klengen Anione sinn aussergewéinlech stabil, an op der anerer Säit si Salzer mat groussen Anionen onstabil.
E puer Beispiller:
- Lithiumhydrid (LiH) zersetzt sech eréischt bei 900 °C
- Natriumhydrid (NaH) zersetzt sech well bei 350 °C
- Lithiumnitrid (Li3N) gëtt et bei Raumtemperatur an Natriumnitrid (Na3N) net.
- Lithiumhydroxid (LiOH) zesetzt sech a Lithiumoxid (Li2O) ënner rouder Hëtzt wärend déi aner MOH do schmëlzen.
Als Spuerenelement ass Lithium a Form vu senge Salzer eng heefeg Komponent vu Mineralwaasser.
Lithiumproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]Haaptsächlech gëtt Li duerch Elektrolys vu Salzer gewonnen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lithium – Biller, Videoen oder Audiodateien |
