Zentralbierg
Den Zentralbierg ass en typescht topographescht Kennzeeche vu groussen Aschlagkrateren. Wéi den Numm et scho seet, läit den Zentralbierg meeschtens an der Mëtt vum Krater. En entsteet duerch d'Zréckfiedere vum Kraterbuedem am Ament nom Impakt. Jee no Beschafenheet vum Ënnergrond, Energie vum Aschlag a Gravitatioun vum betraffenen Himmelskierper formt sech den zentralen Hiwwel am Krater bei ënnerschiddlechem Duerchmiesser; um Äerdmound ongeféier vun 20 km Duerchmiesser un. Den 93 km grousse Moundkrater Copernicus (s. u.) huet e puer Zentralbierger, déi bis 1200 m iwwer aus Kraterbuedem erauskucken.
De Moundkrater Tycho mat sengem Zentralbierg
Den Zentralbierg vum Tycho 2000 m iwwer dem Kraterbuedem.<ref>Lunar Reconnaissance Orbiter: Sunrise View of Tycho Crater's Peak
Den Zentralbierg am Meteorkrater vum Steinheimer Becken an Däitschland