Differenzéierung (Planetologie)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Bannenzegen Opbau vun der Äerd

An der Geologie an allgemeng an der Planetologie ass eng Differenzéierung d'Bildung vu verschiddene Materialien aus engem ufanks homogene Material duerch Gemëschtrennung. Viraussetzunge sinn d'Bildung vu verschiddene Phasen, (kuckt: Phasendiagramm), vun deenen op d'mannst eng e Fluid muss sinn, an e Bewegungsundriff, meeschtens opgrond vun Dichtënnerscheeder am Schwéierfeld. Déi beweeglech Phas ka wässreg sinn, z. B. eng hydrothermal Léisung, geschmolte Gestengs (Magma) oder flëssegt Metall.

Déi magmatesch Differentiatioun hat z. B. zu der Genesis vun der liichter kontinentaler Kuuscht gefouert, déi am Géigesaz zu der ozeanescher Kuuscht stänneg um Äerdmantel schwëmmt.

Am Verlaf vun der Genesis vu Planéite gëtt et en etlech Prozesser, déi zum Ofschmëlze féieren, wouduerch sech déi schwéier, metallesch Phas am Zentrum sammelt. Am Fall vum Sonnesystem sinn déi verschidde Bedéngunge während der Differenzéierung an déi vergaangen Zäit de Methode vun der radiometrescher Datéierung zougänglech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie