Fluid

Vu Wikipedia

D'Stréimungsléier bezeechent als Fluid (vum laténgeschen fluidus fir „fléissend“ a vum englesche fluid fir d'„Flëssegkeet“) eng Substanz, déi enger arbiträrer lueser Tangentialkraaft kee Widerstand entgéintsetzt (endlech Viskositéit). Den iwwergeuerdnete Begrëff Fluid gëtt fir Gasen a Flëssegkeete gebraucht, well vill physikalesch Gesetzer fir béid Aggregatzoustänn gläichermoosse gëllen a sech hir Eegenschafte nëmme quantitativ, also an hire Gréissten, awer net qualitativ ënnerscheeden.

Real Fluide ginn agedeelt an Newton-Fluiden, déi sech duerch d'Navier-Stokes-Equatioun beschreiwe loossen, an an Netnewton-Fluiden déi sech méi komplex verhalen an déi an der Rheologie behandelt ginn.