Planetologie

Vu Wikipedia

D'Planetologie ass d'Wëssenschaft, déi sech mat den eenzelen netstellaren Himmelskierperen, also de Planéitesystemer am Allgemenge befaasst. Dozou gehéieren d'Ënnersiche vun:

D'Rille si Fuerschungsgéigestand vun der Planetologie
Planéitefuerscher Gerhard Neukum (*1944)

Bis 1993 hunn zu der Planetologie nëmmen déi genannt Objete vun eisem Sonnesystem gehéiert. Mat der Entdeckung vun extrasolare Planéiten huet sech d'Fuerschungsgebitt vergréissert. Zanterhier gehéieren och d'Ënnersiche vun exoteschen, extrasolaren Objete wéi zum Beispill de Planéite vu Neutronestären dozou.

Methode vun der Planetologie sinn äerd- oder raumgestëtzt Miessungen a besonnesch bildgiewend Methode vun der Astronomie an de Beräicher vum viuelle Liichtspektrum, dem Infrarout an dem Radar. Weider Methode si Flich vu Raumsonden zu den Himmelkierper, Ënnersiche vu Buedemprouwen op Himmelskierper, Ënnersiche vum Sonnewand a Koméiten, Meteoritten, souwéi Modellrechnungen an theoreetesch Iwwerleeungen.

Eng wichteg Roll an der Planetologie spillen Analogieschlëss unhand vun Erkenntnesser an der Geologie, Vulkanologie, Seismologie, Glaziologie, Hydrologie, Geophysik, Mineralogie, Meteorologie an aner.

Obwuel d'Planetologie den traditionellen Äerdwëssenschafte gläicht, a sech doraus entwéckelt huet, bestinn enk Relatiounen och zu der Astronomie. Sou ass d'Genesis vun den eenzele Planéiten ënner anerem vun der Geschicht vun hire Bunnparameteren ofhängeg.

Des Weidere befaasst sech d'Planetologie mat der Biologie. Planetologesch Missiounen, wéi d'Viking-Sonden op de Mars souwéi d'Cassini-Huygens op de Saturn, den Titan, an de Mars Express op de Mars, hunn Exprerimenter gemaach oder maachen der nach ëmmer, déi dorop ausgeriicht sinn, exobiologesche Froen nozegoen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]