Op den Inhalt sprangen

Titius-Bode-Rei

Vu Wikipedia
Johann Daniel Titius (1729–1796)
Johann Elert Bode (1747–1826)

D'Titius-Bode-Rei ass eng empiresch Reegel iwwer d'Ofstänn vun de Planéiten zur Sonn.

Duerno ass den Ofstand d vum Planéit zur Sonn (an Astronomeschen Eenheeten):

d = 0,4 + 0,3 * k

woubäi k = 0, 1, 2, 4, 8, 16, 32, 64, 128, dat heescht k ass 0 respektiv eine Zweerpotenz.

Planéit k Ofstand, berechent
no der T-B-Rei
Tatsächlechen Ofstand
Merkur 0 0,4 0,39
Venus 1 0,7 0,72
Äerd 2 1,0 1,00
Mars 4 1,6 1,52
- 8 2,8 -
Jupiter 16 5,2 5,20
Saturn 32 10,0 9,54
Uranus 64 19,6 19,2
Neptun - - 30,1
Pluto 128 38,8 39,5

Wéi ee gesäit stëmmt d'Reegel bis op e puer Prozent genee mat den tatsächlechen Ofstänn iwwereneen. Allerdéngs gëtt et zwou Ausnamen:

Et gëtt keng sécher Erklärung firwat d'Ofstänn vun de Planéite sech no der Titius-Bode-Rei verhalen. Eng méiglech Ursaach wier de Resonanz-Effet tëscht de Planéiten. Simulatiounen iwwer d'Entstoe vu Planéitesystemer schéngen dat ze bestätegen. Et ass awer och méiglech, datt et sech bei der Titius-Bode-Rei ëm eng reng zoufälleg Zuelekonstellatioun handelt.

Fir de Fall, dat et sech bei der Reegel net nëmmen ëm Zoufall handelt, gëtt et och Hypotheese fir déi zwou uewegenannten Ausnamen:

  • D'Objeten an der Haaptasteroidenceinture kéinte Brochstécker vun engem Planéit sinn, deen no enger Kollisioun zerbrach ass.
  • D'Ëmlafbunne vum Neptun a vum Pluto kéinte vun engem Objet mat enger grousser Mass deen no laanscht se geflunn ass, gestéiert a verännert gi sinn.

D'Reegel gouf 1766 vum Johann Daniel Titius entdeckt a vum Johann Elert Bode 1772 verëffentlecht. D'Entdeckung vum Uranus 1781 huet d'Reegel bestätegt. Vill Astronomen hunn no engem Planéit am Lach zwëscht Mars an Jupiter gesicht. An der Nuecht zum 1. Januar 1801 huet dunn den Giuseppe Piazzi en Himmelskierper op der ugehollener Distanz entdeckt. Et war dëst deen éischten entdeckten Asteroid, Ceres.

  • Günther Wuchterl: Die Ordnung der Planetenbahnen, Teil 1. Sterne und Weltraum 6/2002
  • Günther Wuchterl: Die Ordnung der Planetenbahnen, Teil 2. Sterne und Weltraum 12/2002

Portal Astronomie