Giuseppe Piazzi

Vu Wikipedia
Giuseppe Piazzi
Gebuer 16. Juli 1746
Gestuerwen 22. Juli 1826
Neapel
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker, Priister
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino

Den Giuseppe Piazzi, gebuer de 16. Juli 1746 zu Ponte in Valtellina a gestuerwen den 22. Juli 1826 zu Neapel, war en italieeneschen Astronom, Mathematiker an Theolog.

Hien huet zu Turin Theologie a Philosophie studéiert a gouf uschléissend Brudder a Priedeger zu Cremona.

Vu 1781 un, war hien Direkter vun deem vun him gegrënnten astronomeschen Observatoire vu Palermo op Sizilien. Den 1. Januar 1801 ass et him gelongen deen éischten Asteroid vum Sonnesystem z'entdecken. Den Asteroid krut den Numm Ceres. Zanter August 2006 huet den Ceres den neie Status vun engem Zwergplanéit.

1814 huet de Piazzi e Stärekatalog erausginn. 1817 huet hien d'Leedung vum Observatoire vun Neapel iwwerholl. Ausserdeem studéiert hien d'Eegebeweegunge vu ville Stären.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giuseppe Piazzi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie