Sterne und Weltraum

Vu Wikipedia

Sterne und Weltraum (kuerz: SuW) ass déi wichtegst däitschsproochesch Zäitschrëft fir Astronomie. Si kënnt all Mount an der Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH eraus. An hir beschreiwe Fachleit an Amateuren aktuell, wéi och grondleeënd Fuerschungsthemen an Neiegkeeten am Universum. Wie selwer Sonn, Äerdmound, Planéiten a Stäre wëll kucken, kritt hei ausféierlech Informatiounen.

D'Zäitschrëft, déi 1962 vum Hans Elsässer, Rudolf Kühn a Karl Schaifers gegrënnt gouf, gëtt all Mount am Max-Planck-Institut fir Astronomie zu Heidelberg gemaach. Ufanks gouf si zu Mannheim, spéider zu München an zanter 1996 zu Heidelberg zesummegestallt. Den 1. Januar 1997 huet Sterne und Weltraum mat der Zäitschrëft Die Sterne (zanter 1921) fusionéiert. Den Numm Sterne und Weltraum ass bliwwen..

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sterne und Weltraum. Verlag Sterne und Weltraum, Mannheim-München 1.1962,1ff., Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH, Heidelberg 2001ff.
  • Die Sterne. Barth, Leipzig-Heidelberg-Berlin 1.1921,1ff.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

  • Astronomie Heute, vu Mee 2008 zesumme mat Sterne und Weltraum.
  • Interstellarum, D'Zäitschrëft fir praktesch Astronomie, kënnt all zwéi Méint eraus.
  • Sternenbote, éisträichesch astronomesch Schrëft, kënnt all Mount eraus.
  • Sky & Telescope, US-amerikanesch astronomesch Zäitschrëft, kënnt all Mount eraus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]