Zäitschrëft

Vu Wikipedia

Eng Zäitschrëft ass eng Verëffentlechung, déi e puermol d'Joer erauskënnt. Si gehéiert zu de Printmedien a gëtt op Pabeier gedréckt, obwuel déi meescht Zäitschrëften haut och digital disponibel sinn.

Déi meescht Zäitschrëfte kommen eemol d'Woch, all zwou Wochen oder eemol de Mount eraus an adresséiere sech generell un e bestëmmte Publikum an hunn e bestëmmten Theemefokus. Domat ënnerscheede si sech vun der Zeitung, déi méi dacks erauskënnt (meeschtens all Dag) a méi allgemeng ausgeriicht ass. Zäitschrëfte sinn och méi deier wéi Zeitungen a méi faarweg, well si méi Fotoen hunn.

Eng Zäitschrëft kann een eenzel kafen oder an engem Abonnement.

Eng bekannt Zäitschrëft zu Lëtzebuerg ass d'Revue, eng Illustréiert a Gesellschaftszäitschrëft. paperJam ass eng Zäitschrëft mat Finanz- a Wirtschaftstheemen. Kachen ass – wéi den Numm scho seet – eng Kachzäitschrëft.

Den däitsche Spiegel ass och eng Gesellschaftszäitschrëft, mä mat méi engem investigativen Touch; den amerikanesche Playboy ass op eng männlech Lieserschaft ausgeriicht a bekannt fir seng erotesch Fotoe vu weibleche Modellen, wärend déi franséisch Zäitschrëft Charlie Hebdo e satiresche Bléck op d'franséisch an déi international Politik geheit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zäitschrëften – Biller, Videoen oder Audiodateien