Charlie Hebdo

Vu Wikipedia
Stand vu Charlie Hebdo um Salon du Livre 2012

Charlie Hebdo ass eng franséisch satiresch Zäitschrëft, déi mëttwochs erauskënnt. Si ass 1970 entstanen, fir de Magazine Hara-Kiri z'ersetzen, dee verbuede gi war. 1981 huet se aus finanzielle Grënn missen ophalen, gouf dann awer 1992 nei lancéiert a konnt sech bis haut halen. Si huet eng Drockoplo vun 140.000 Exemplairen.

Charlie Hebdo hieft fir sech an Usproch, keng Tabuen ze kennen an datt d'Satir alles däerf, a mécht de Geck mat allem wou seng Zeechner an Editeuren et derwäert fannen: Politiker, Reliounsvertrieder vun alle Glawensrichtungen, a soss Perséinlechkeeten, déi duerch eppes Topeges opgefall sinn.

Se gouf weltwäit bekannt wéi se 2006, als eng vun de wéinegen Zeitunge weltwäit d'Mohammed-Karikaturen aus der Jyllands-Posten nogedréckt huet, wéi déi bedreet gouf, fir hinnen hir Solidaritéit ze demonstréieren.

Plaintë vun islamesche Vereenegungen, ma och där vu chrëschtlechen Associatiounen, wann déi sech duerch Karikaturen op d'Zéiwe getrëppelt gefillt hunn, goufe viru Geriicht ofgewisen.

Den 2. November 2011 gouf eng Brandattack op d'Redaktiounsraim gemaach, kuerz nodeems eng Spezialnummer erauskomm war, déi "Charia Hebdo" iwwertitelt war, an an där Karikature vum Mohammed ze gesi waren, an den Internetsite vun der Zäitschrëft gouf gehackt.

Weltwäit si Millioune Mënschen nom 7.1.2015 op d'Strooss gaangen an hunn hir Solidaritéit mat dësem Sproch ausgedréckt.

No weidere Karikaturen iwwer de Prophéit 2013, a well se ëmmer méi Menacë kruten, gouf d'Redaktioun ënner Polizeischutz gestallt an de Charb krut e Leifwiechter.

De 7. Januar 2015 kuerz viru Mëtteg hunn dräi maskéiert Männer sech de Wee an d'Redaktioun, wou grad d'Versammlung vun de Mataarbechter war, fräigeschoss an op d'Leit do geschoss. Am Ganze gouf et 12 Doudeger, dorënner den Editeur an Zeechner Charb (Stéphane Charbonnier), d'Zeechner Cabu (Jean Cabut), Tignous (Bernard Verlhac), Philippe Honoré a Georges Wolinski, de Schrëftsteller a Journalist Bernard Maris an zwéi Polizisten.

Déi Redakteren, déi iwwerlieft hunn, hunn decidéiert, weiderzemaachen; si kruten e provisoresche Bureau an der Redaktioun vun der Libération an déi Nummer, déi eng Woch nom Attentat erauskoum, war trotz enger Oplo vun 1 Millioun bannent e puer Minutten ausverkaf.[1] Sechs Milliounen Exemplairë goufen nogedréckt an an den Deeg derno verkaf.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charlie Hebdo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Je suis Charlie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "«Charlie Hebdo» épuisé: «Tout est parti en 10 minutes»." liberation.fr, 2015-01-14, 12h31.
  2. "Charlie Hebdo réimprimé pour atteindre 7 millions d'exemplaires." liberation.fr, 17 janvier 2015 à 08:42 (mis à jour: 17 janvier 2015 à 12:06).