Georges Wolinski

Vu Wikipedia
Georges Wolinski
Gebuertsnumm Georges David Wolinski
Gebuer 29. Juni 1934
Tunis
Gestuerwen 7. Januar 2015
11. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Karikaturist, Journalist, Moler, Schrëftsteller, Comicauteur

De Georges Wolinski, dee meeschtens just mat Wolinski ënnerschriwwen huet, gebuer den 28. Juni 1934 zu Tunis a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséische Comiczeechner.

Hien huet 1960 ugefaangen, fir d'satirescht Magazin Hara-Kiri Comicstrips ze zeechnen. Vun 1968 un huet hien och fir d'satirescht Magazin L'Enragé a vun 1970 fir Actuel geschafft. Hie gouf Chefredakter vu Charlie Mensuel, dem Nofollger vun |Hara Kiri an huet reegelméisseg Cartoons fir d'Dageszeitung L'Humanité gemoolt. Seng Aarbechte goufen och a France Soir a Charlie Hebdo publizéiert.

Säi bekanntst Wierk ass d'Serie Paulette, déi e vun 1971 u fir den Zeechner Georges Pichard geschriwwen huet, an déi am Charlie Mensuel (an duerno an Albumen) erauskoumen.

De Wolinski gouf de 7. Januar 2015 bei enger Terrorattack op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo zu Paräis, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Wolinski – Biller, Videoen oder Audiodateien