Op den Inhalt sprangen

Cabu

Vu Wikipedia
Cabu
Gebuertsnumm Jean Maurice Jules Cabut
Gebuer 13. Januar 1938
Châlons-en-Champagne
Gestuerwen 7. Januar 2015
11. Arrondissement
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Cartoonist, Karikaturist, Moler, Comiczeechner, Schrëftsteller, Illustrateur, Kënschtler
Auszeechnungen Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Famill
Bestuet mat Véronique Cabut,
Isabelle Monin
Kanner Mano Solo

De Jean Cabut, besser bekannt als Cabu, gebuer den 13. Januar 1938 zu Châlons-en-Champagne am Departement Marne, a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséische Comiczeechner an -auteur a Karikaturist.

Seng bekanntst Personnagë sinn de Grand Duduche an de Beauf. Hien huet fir eng Hellewull Zeitungen an Zäitschrëfte geschafft, dorënner d'satiresch Publikatiounen Hara-Kiri, Charlie Hebdo a Le Canard Enchaîné.

Ausserdeem huet hie Bicher a Plackecoveren illustréiert an a verschiddenen Televisiounsemissioune live zum Programm Illustratiounen a Cartoone gemoolt.

Hien ass de 7. Januar 2015 bei engem Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert ginn.

Kollektivwierker

[änneren | Quelltext änneren]
  • Élevons le débat, Sammlung vun Zeechnungen aus dem Charlie Hebdo vun 2009-2010, éditions Les Échappés
  • Plus Belle la crise!, Sammlung vun Zeechnungen aus dem Charlie Hebdo vun 2008-2009, éditions Les Échappés
  • Liberté Égalité Fraternité, Sammlung vun Zeechnungen aus dem Charlie Hebdo vun 2007-2008, éditions Les Échappés
  • Les Brèves de Charlie Hebdo, éditions Les Échappés, 2008, 2009, 2010 (3 tomes) éditions Les Échappés
  • Carton, les cahiers du dessin d'humour, n°4, 1975
  • Jean-Paul Tibéri, Cabu dessinateur pamphlétaire, Michel Fontaine, 1984
 Commons: Cabu – Biller, Videoen oder Audiodateien