Honoré

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Philippe Honoré)
Honoré
Gebuertsnumm Philippe Paul Louis Juste Honoré
Gebuer 25. November 1941
Vichy
Gestuerwen 7. Januar 2015
11. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Cartoonist, Karikaturist, Journalist, Moler

De Philippe Honoré, méi bekannt als just Honoré, gebuer de 25. November 1941 zu Vichy a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséischen Zeechner a Graphiker.

Seng Zeechnungen, an engem holzschnëttaartege schwaarz-wäiss-Stil, goufen an enger Hellewull Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert, dorënner Le Monde Libération, Hara-Kiri, Globe, La Nouvelle Vie ouvrière, L'Événement du jeudi, Les Inrockuptibles, Le Magazine littéraire, Lire a Charlie Hebdo deen en 1992 mat nei gegrënnt huet.

Ausserdeem huet hie Bicher illustréiert, an och eng Bande-dessinée erausginn.

Hie gouf de 7. Januar 2015, beim Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Honoré – Biller, Videoen oder Audiodateien