Op den Inhalt sprangen

Honoré

Vu Wikipedia
Honoré
Gebuertsnumm Philippe Paul Louis Juste Honoré
Gebuer 25 November 1941
Vichy
Gestuerwen 7 Januar 2015
11. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Cartoonist, Karikaturist, Journalist, Moler
Gielercher Chevalier vun der Légion d'honneur‎

De Philippe Honoré, méi bekannt als just Honoré, gebuer de 25. November 1941 zu Vichy, a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséischen Zeechner a Graphiker.

Seng Zeechnungen, an engem holzschnëttaartege schwaarz-wäiss-Stil, goufen an enger Hellewull Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert, dorënner Le Monde Libération, Hara-Kiri, Globe, La Nouvelle Vie ouvrière, L'Événement du jeudi, Les Inrockuptibles, Le Magazine littéraire, Lire a Charlie Hebdo deen en 1992 mat nei gegrënnt huet.

Ausserdeem huet hie Bicher illustréiert, an och eng Bande-dessinée erausginn.

Hie gouf de 7. Januar 2015, beim Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert.

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Honoré – Biller, Videoen oder Audiodateien