Heidelberg

Vu Wikipedia
Heidelberg
Bléck vum Philosophenwee op d'Alstad mam Schlass,
der Helleggeeschtkierch an der aler Bréck
Land Däitschland
Bundesland Baden-Württemberg
Regierungsbezierk Karlsruhe
Awunner 162.273 (31. Dezember 2022)
Fläch 108.83
Héicht 114
Koordinaten 49°24'44"N, 8°42'36"O
Telefonszon 6221
Postcode 69001
Websäit https://www.heidelberg.de/
Jumelage mat Mostar, Cambridge, Montpellier, Simferopol, Palo Alto, Hangzhou


Heidelberg ass eng Stad um Neckar am Südweste vun Däitschland. Déi fréier kurpfälzesch Residenzstad ass fir hir Schlassruin op der Héicht iwwer dem Floss Neckar an der Alstad a wéinst der Ruprecht-Karls-Universitéit, der eelster Héichschoul vun Däitschland, bekannt. Se zitt Wëssenschaftler an Touristen aus der ganzer Welt un.

Mat iwwer 150.000 Awunner ass Heidelberg déi fënneftgréisst Stad vu Baden-Württemberg. Et ass eng kreesfräi Stad a gläichzäiteg Sëtz vum Rhein-Neckar-Kreis ronderëm. Déi dicht besidelt Metropolregioun, an där Heidelberg, wéi och Mannheim a Ludwigshafen, läit, gëtt als Rhein-Neckar-Dräieck (Metropolregion Rhein-Neckar) bezeechent.

Fir d'Universitéit an d'Universitéitsspidol schaffe 15.000 Persounen. Bedeitend Betriber sinn ënner anerem Henkel (Konsumgidder) an de Softwareproduzent SAP.

Wat de Sport betrëfft, gëllt Heidelberg als Rugby-Héichbuerg mat fënnef Clibb. Bekannt ass och de Basketballclub USC Heidelberg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Heidelberg gouf am 12. Joerhonnert gegrënnt; hir Geschicht geet awer zeréck bis an de kelteschen a réimeschen Zäitalter. Vum 13. Joerhonnert bis an d'Joer 1720 war Heidelberg souwuel d'Residenz vun de Pfalzgrofe beim Rhäin wéi och d'Haaptstad vun der Kurpfalz.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Géigend vun Heidelberg, nämlech an der Gemeng Mauer, gouf 1907 an enger Sandkaul den Ënnerkifer vun engem Urmënsch fonnt; iwwerhaapt eent vun den eelste Fondstécker vun der Gattung Homo an Europa. Vun dëser ausgestuerwener Aart Homo heidelbergensis (Heidelbergmënsch) staamt den Neandertaler of.

Kelten[änneren | Quelltext änneren]

Vun ongeféier 500 v. Chr. un, hunn d'Kelten op dem Heiligenberg eng gréisser befestegt Siidlung gegrënnt. Bis haut ass nach den duebele Rankwall z'erkennen, deen d'Bewunner als Schutzmoossnam géint d'Germanen opgeriicht hunn. 200 Joer méi spéit hu si d'Siidlung aus bis ewell ongekläerte Grënn opginn.

Réimer[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimerzäitalter huet tëscht dem 1. an dem 3. Joerhonnert n. Chr. seng Spueren zu Heidelberg hannerlooss (obschonn de laténgeschen Numm net iwwerliwwert ass). Ëm 70 n. Chr. hunn d'Réimer e Lager am haitege Quartier Neuenheim op der Nordsäit vum Neckar opgeriicht. Dat Lager ass 90 n. Chr. mat engem Castellum aus Steen ersat ginn. Am Ufank goung eng hëlze Bréck iwwer den Neckar, vun circa 200 n. Chr. dann eng Steepeilerbréck. Op der Kopp vum Heiligenberg hunn d'Réimer e Merkurtempel gebaut. Och de Mithras-Kult war zu Heidelberg verbreet. Obwuel den Haaptzentrum vun der Regioun an der Réimerzäit Lopodunum (haut Ladenburg) war, huet sech och ronderëm Heidelberg e Poterieszentrum gebilt.

No 260 hu sech d'Réimer missen hannert de Rhein zeréckzéien, nodeems de Germanestamm vun den Alamannen de Limes duerchbrach hat an a réimeschen Territoire agedronge war. Mat der Victoire vum Merowengerkinnek Chlodwig I. iwwer d'Alamannen am Joer 506 gouf Heidelberg schliisslech en Deel vum Frankeräich. D'Gebitt gouf gläichzäiteg christianiséiert.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

870 gouf um Gipfel vum Heiligenberg op der Plaz vum Merkurtempel d'Michaelskloster, e Filialklouschter vun der Benediktinerabtei Lorsch, gegrënnt. Méi spéit koumen dunn d'Stephanskloster an d'Stift Neuburg dobäi.

Vill vun den haitegen Heidelberger Quartiere ginn op Dierfer zeréck, déi schonn ënnert de Franken am 6. Joerhonnert enstane sinn. E puer Nimm, zum Beispill Neuenheim an Handschuhsheim (765), goufe schonn am Lorscher Codex genannt. Heidelberg selwer gëtt schrëftlech als éischt am Joer 1196 ernimmt, woubäi een dovun ausgoe kann, datt d'Uertschaft schonn am Laf vum 12. Joerhonnert existéiert huet. Zu där Zäit war Heidelberg am Besëtz vum Bistum Worms.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Bergstraße [1]
  • Bertha Benz Memorial Route [2] (Mannheim-Heidelberg-Pforzheim)
  • Burgenstraße [3]
  • Straße der Demokratie[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heidelberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bergstraße
  2. Bertha Benz Memorial Route
  3. Burgenstraße
  4. Straße der Demokratie Gearchiveerd op 2019-09-13. Gekuckt de(n) 2010-01-18.