Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg

Vu Wikipedia
Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg
Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit, Campus, staatlech Universitéit
Land Däitschland
Schülerzuel 28.413
  1. Juni 2017
Gegrënnt 1386 (Julianesch)
Um Spaweck https://www.uni-heidelberg.de/
D'Bibliothéik ass d'Symbol vun der Ruperto-Carola-Universitéit. Gläichzäiteg ass si déi eelst Universitéitsbibliothéik vun Däitschland.
D'Alte Universität, Entworf vum Baumeeschter Johann Adam Breunig, ass de Sëtz vum Rektorat

D'Universitéit vun Heidelberg (offiziell Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg, op Latäin: Ruperto Carola) ass eng Universitéit vum Bundesland Baden-Württemberg zu Heidelberg. Si ass 1386 gegrënnt ginn an domat déi eelst Universitéit an Däitschland an eng vun den eelsten Universitéiten an Europa.

D'Universitéit ass an zwielef Fakultéiten organiséiert an déi meescht geleefeg Fächer vun enger klassescher Universitéit ginn ënnerriicht.

Am Wantersemester 2017/18 waren 29.689 Studenten ageschriwwen[1] an et hu ronn 500 Professeren ënnerriicht.[2]

D'Universitéit Heidelberg hëlt un der Exzellenzinitiativ vum Bund ("Eliteuniversität") deel an ass Grënnungsmember vun der Liga vun den Europäesche Fuerschungsuniversitéiten (LERU), souwéi vum Coimbra-Grupp. Si gëtt mat 56 Nobelpräisdréier assoziéiert[3] a steet domat a ganz Däitschland op Plaz 1.[4] Ronn 18% vun de Studente sinn aus dem Ausland.[5] Am internationale Verglach steet si op Spëtzeplazen a profitéiert vun enger héijer akadeemescher Reputatioun.[6]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

De Campus an der Alstad, Alte Universität Heidelberg, Universitéitsplaz Heidelberg

Mam Accord vum Poopst Urban VI. huet de Kurfürst Ruprecht I. am Joer 1386 d'Ruperto Carola gegrënnt, fir sengem staark verspreeten Territorium, der Pfalz um Rhein, e geeschtege Mëttelpunkt ze ginn a fir Friemer unzezéien. Am Kontext vum Groussen abendländesche Schisma wollt d'Pfalz och selwer Kierchen- a Staatsdénger am eegene Land ausbilden: Absolvente vun der Paräisser Sorbonne, déi zum Poopst zu Avignon gehalen hunn, konnten net an der Pfalz, déi sech fir de Poopst zu Roum ausgeschwat huet, um kierchlechen Déngscht deelhuelen. Doduerch ass do onbedéngt eng Theologenausbildung gebraucht ginn.

Um 1. Oktober 1386 gouf de Stëftungsakt ausgeschafft. Den 18. Oktober huet de Studium Generale mat enger Helleger Mass ugefaangen, den Dag drop goufen dunn déi éischt Virliesungen ofgehalen.[7] Den Optrag fir e sëlwer Sigel ass och op den 18. Oktober zeréckzeféieren. Bis haut ass d'Bild vun dësem Sigel am Logo vun der Universitéit ze fannen.[8] Déi éischt Proffe vun der jonker Heidelberger Uni koume vu Paräis a Prag. Si ware virun der Kierchespaltung an dem Nationalitéitekampf aus hirer Heemecht an d'séchert Ausland geflücht, eeben op Heidelberg. Den éischte Rekter vun der Heidelberger Universitéit war de Marsilius vun Inghen, dee virdrun op der Sorbonne ënnerriicht hat. Fir laang Zäit gouf zu Heidelberg ausschliisslech d'philosophesch Richtung vum Nominalismus ënnerriicht.

Am Ufank hat d'Universitéit mat engem grousse Manktem u Raimlechkeeten ze kämpfen; d'Virliesunge goufen am Augustiner- a Franziskanerklouschter ofgehal. Méi Raimlechkeete krut d'Universitéit dunn, wéi de Kurfürst Ruprecht II. d'Judden aus Heidelberg verdriwwen huet an déi fräi Gebaier der Universitéit iwwerlooss huet. D'Synagog gouf als Mariekapell ëmfonctionéiert a gouf als Auditoire benotzt. D'Finanzéierung huet de Kurfürst Ruprecht III. mat der Grënnung vum Helleggeeschtstëft garantéiert. D'Helleggeeschtkierch war gläichzäiteg d'Universitéitskierch, bis am 19. Joerhonnert d'Péitruskierch déi Funktioun iwwerholl huet.

Raimlech Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Unisgebaier sinn iwwer d'Heidelberger Alstad, de Quartier Bergheim an dat sougenannt Neuenheimer Feld verdeelt.

Haut ass d'Universitéit raimlech opgedeelt: D'Naturwëssenschaften, d'Sportwëssenschaft an déi meescht Deeler vun der Medezin sinn um Neuenheimer Feld, de Gros vun de Geeschteswëssenschaften, souwéi d'Rechtswëssenschaften hunn hir Plaz an der Heidelberger Alstad, geneesou wéi d'Rektorat an d'Universitéitsverwaltung. D'Wirtschafts- an en Deel vun de Sozialwëssenschafte sinn zënter dem Fréijoer 2009 um neigegrënnte "Campus Bergheim". D'Universitéit besëtzt doriwwer eraus nach verschidde Grondstécker uechter d'Stad an an der noer Ëmgéigend. Sou sinn zum Beispill ënner anerem zéng Gebaier vun der Fakultéit fir Physik an Astronomie um Philosophewee. D'Rektorat an den Universitéitsmusée sinn an der Aler Universitéit op der Universitéitsplaz ënnerbruecht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. uni-heidelberg.de: Studierende und Wissenschaftlicher Nachwuchs (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  2. uni-heidelberg.de: Personal (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  3. uni-heidelberg.de: Heidelberg University Nobel Laureates (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  4. nobelprize.org: Nobel Laureates and Research Affiliations (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  5. uni-heidelberg.de: Internationales Profil (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  6. uni-heidelberg.de: Ruperto Carola im internationalen Vergleich (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  7. Heidelberger Geschichtsverein: Ereignisse im Jahr 1386
  8. Von 1386 – Das Logo der Heidelberger Universität Gearchiveerd op 2009-02-11. Gekuckt de(n) 2016-11-08.