Kelten

Vu Wikipedia
 Maximal Ausbreedung vun de Kelten am 3. Jh. v. Chr.
 Ufanksgebitt vun der Hallstattkultur (zirka 750 v. Chr.)
 Ufanksgebitt vun der La-Tène-Kultur (zirka 450 v. Chr.)

Kelten (lat. celtae, galli, gr. keltoi, galatai – déi Daper, déi Edel) ass vun der Antiquitéit un e Sammelbegrëff fir Volleksgruppen, déi zanter der Eisenzäit duerch Europa an deelweis doriwwer eraus gezu sinn, an déi als Gemeinsamkeet hir materiell Kultur a charakteristesch Kennzeechen an hirer indogermanescher Sproochegrupp haten. Eng eenzeg Ethnie oder e politesch zesummegeschlossene Grupp waren d'Kelten awer ni. Iwwer siwe Joerhonnerte ware se praktesch Här a Meeschter a groussen Deeler vun Europa, bis Réimer se verdriwwen an ënnerworf hunn.

Den Herodot seet eis, datt d'Griichen zu engem net genee festgehalene Moment dat deemolegt Europa an dräi Kinnekräicher (Zonen) agedeelt hunn: d'Kinnekräicher vun de Kelten, de Germanen an de Skythen, obwuel déi genannt Gruppen ni als homogeen Vëlker existéiert hunn, a si déi Bezeechnunge selwer mol guer net kannt hunn, mä hir eenzel Stämm oder Clans no Regiounen, no Lokalitéiten, no Mythen oder no hiren Helde genannt hunn.

Éischt Verbindungselementer vun de sougenannte Kelte fanne sech bei der Hallstattkultur, sou genannt no der éisträichescher Stad Hallstatt wou vill Artefakte fonnt goufen an déi sech ëm d'8. Jh. v. Chr.) etabléiert huet. Si huet sech an Europa iwwer d'Gebitt vun den haitege Länner Slowenien, Kroatien, Éisträich, dem nordwestlechen Ungarn, der südwestlecher Slowakei, Tschechien, Süddäitschland, Schwäiz an Ostfrankräich ausgebreet.

Aus der Hallstattkultur ass d'La-Tène-Kultur ervirgaangen (5. Jh. v. Chr.), déi sech séier iwwer hiert Urspronksgebitt eraus verbreet an hir Virgängerkultur verdrängt huet. D'La-Tène-Kultur huet sech duerch Eruewerungen, Kulturinfluenz a Vëlkerwanderunge bis op d'brittesch Inselen an a Klengasien ausgebreet, wou se Galater genannt goufen. Si waren a Stämm organiséiert déi dacks rivaliséiert hunn an deenen hir Nimm mat de Géigende wou se glieft hunn, zesummenhoungen, sou wéi d'Arvenner an der Auvergne an d'Helveter an der Schwäiz. No enger Serie vun Néierlagen an de gallesche Kricher 58 bis 51 v. Chr. hu sech dunn awer all La-Tène Vëlker de Réimer erginn, bis op déi vun de britteschen Inselen, deenen hir Kultur eréischt am 5. Joerhonnert mat der Evangelisatioun duerch den Hl. Patrick verschwonnen ass.

De Rudolf Pörtner schreift a sengem Buch "Bevor die Römer kamen" Follgendes iwwer d'Kelten: "Als Vollek sinn d'Kelte bis op e puer Reschter ënnergaangen, mä hiert Temperament schaimt a brodelt an eis weider. Hir Onrou, hire Liichtfank, hir Erfindungskraaft, hiert musescht Genie, hiren Individualismus, hiert politescht Onverméigen, hir stänneg Roserei, hiren éiwegen Zodi, hir Krichsloscht, hir Freed um gudde Liewen - dat alles mécht bis haut en Deel vum europäesche Wiesen aus!"

Op de Westränner vun de britteschen Inselen an um Wutz vun der Bretagne fanne sech awer och haut nach iwwer eng Millioun Leit déi inselkeltesch Sprooche schwätzen.

Bekannt Plazen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kelten – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (fr) oppida.org, Premières villes au nord des Alpes, europäesche Projet op der Websäit vun der Universitéit Stroossbuerg
  • (de) kelten-info-bank.de, privat Websäit