Vëlkerwanderung

Vu Wikipedia

Mat Vëlkerwanderung ass an der der Geschichtsfuerschung d'Migratioun vu virun allem germanesche Gruppen a Mëttel- a Südeuropa gemengt, an der Period tëscht dem Abroch vun den Hunnen an Europa an deem vun de Langobarden an Italien, deemno tëscht circa 375/376 an 568 n.Chr. D' Zäit vun de Vëlkerwanderunge fält deemno an d'Spéitantiquitéit an iwwerbréckt an der Geschicht vum nërdleche Mëttelmierraum a vu West- a Mëtteleuropa den Zäitraum tëscht der klassescher Antiquitéit an dem europäesche Fréimëttelalter, dee jee nodeem zu den zwou Epoche gezielt ka ginn.

Déi spéitantik Vëlkerwanderung war keen eenheetlechen, a sech ofgeschlossene Prozess; villméi waren dës Wanderungsbeweegunge vun zudackst heterogen zesummegesate Gruppen op eng ganz Rëtsch Facteuren zeréckzeféieren. Eng zentral Fro an der Geschichtsschreiwung ass déi, ob den Zerfall vum Westréimesche Räich d'Resultat, oder awer d'Ursaach vu "Vëlkerwanderunge" war, an ob et wierklech "Vëlker" waren, déi doruechter gezu sinn, oder villméi Gruppe vu (Krichs)leit op der Sich no Beit a Verpfleegung. Dofir gëtt de Begrëff Vëlkerwanderung, deen an Däitschland am spéiden 18. Joerhonnert opgedaucht ass, an der moderner Fuerschung kritesch gekuckt, wann net esouguer als "Fuerschungsmythos" verworf. Och deen am franséischsproochege Raum gebrauchten Term "Invasions barbares" ass problematesch, well eng "Invasioun" e koordinéiert a massiivt Andrénge suggeréiert, a "barbares" en diffust Bild vun de ganz ënneschiddleche Gruppen an Eenzelpersounen ofgëtt, déi sech deplacéiert hunn.

Betraff vun der Vëlkerwanderung war haaptsächlech, ma net nëmmen, déi westlech Hallschecht vum Réimesche Räich, dat zanter 395 de facto gedeelt war. Zanter 382 goufen et ëmmer méi Accorden (foedera) tëscht der réimescher Zentralregierung a Gruppe wéi de Westgoten oder de Franken, déi mat sech bruecht hunn, datt deenen hir Arméie sech op réimeschem Territoire niddergelooss hunn an als sougenannt Foederaten gehollef hunn, d'Grenz am Nordoste vu Gallien ze schützen. Nodeems 406 d'Vandalen an d'Sueben iwwer de Rhäin an d'Westräich agedronge sinn, koum et a Gallien zu engem zäitweilegen Zesummebroch vun der réimescher administrativer Uerdnung. Et koum zu laange Biergerkricher, an déi och net-réimesch Krichsverbänn ëmmer méi implizéiert waren. Gläichzäiteg ass d'Autoritéit vun der keeserlecher Regierung an Italien ëmmer méi kleng ginn, iwwerdeems dat réimescht wéi germanescht Militär ëmmer méi politesch Muecht krut. Um Enn ass 476/80 d'Westréimescht Keesertum ënnergaangen, iwwerdeems d'Ostréimescht Räich dat 5. Joerhonnert praktesch intakt iwwerstanen huet. Um Territoire vum fréiere Westréimesche Räich sinn am 5. a 6. Joerhonnert germanesch-romanesch Nofollger-Räicher entstanen, déi e groussen Afloss op d'Kultur vun Europa am Mëttelalter sollten hunn.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 375: Doud vum Keeser Valentinian I.. ëm déi selwecht Zäit ënnerwerfen d'Hunnen d'Alanen an d'Goten.
  • 376: Flucht vun den Donaugoten virun den Hunnen, si ginn an d'Réimescht Räich opgeholl. Kuerz drop rebelléieren d'Gote géint d'Réimer.
  • 9. August 378: Schluecht vun Adrianopel. De Keeser Valens a mat him e groussen Deel vun der ëstlecher Haff-Arméi falen.
  • 380: De Keeser Gratian grënnt eng Dräivëlker-Konfederatioun a Pannonien.
  • 382: De Keeser Theodosius I. siddelt gréisser Verbänn vu Goten op der ënneschter Donau un.
  • 395: Sougenannt Deelung vum Räich vun 395; Hunneninkursiouen an d'Räich vun de Sassaniden an an déi réimesch Orientprovënzen. Gotesch foederati ënnert dem Alarich meuteren a plëmmen am Balkan.
  • 402: De westréimeschen Haff gëtt op Ravenna verluecht.
  • 405: De Radagaisus a seng Arméi falen an d'Westräich an. De westréimesche Stilicho gëtt hirer am August 406 Meeschter.
  • 406/07: Gotesch Arméien gi bei Mogontiacum (Mainz) iwwer de Rhäin, d'réimesch Grenz am Nordoste gëtt zäitweileg iwwerdubbert. Vandalen, Sueben an Alanen zéien a plëmmen uechter Gallien. A Britannien revoltéiert sech den Usurpator Konstantin III. Déi lescht réimesch Arméien verloossen d'Insel Ufank vu Joerzéngtelaange Biergerkricher am Westréimesche Räich.
  • 408: De Stilicho gëtt gestierzt an dout gemaach.
  • 409: D'Vandalen, d'Sueben an Alanen zéie viru bis an Hispanien.
  • 410: Enn August Roum gëtt vum Alarich senge Westgoten eruewert a geplëmmt.
  • 418: D'Westgoten loosse sech an der Aquitaine néier..
  • 429: DVandalen an Alanen setzen furen, ënner der Féierung duerch de Geiserich, eriwwer an Africa eriwwer; bis 439 fällt Karthago. 442 erkennt d'westréimesche Regierung dëse Verloscht faktesch (ma net de iure) un.
  • 436: De westréimeschen Arméichef Flavius Aëtius vernicht d'Burgundenräich laanscht de Mëttelrhäin; hie siddelt de Rescht vum Krichsverband 443 an der Sapaudia un.
  • Ëm 440/41: Deeler vun de Sachsen an anere germanesche Gruppen, déi als Foederaten a Britannien bruecht gi waren, rebelléieren a fänken un d'Land z'iwwerhuelen.
  • 451: Attak vum Hunn Attila géint den Aëtius. Schluecht op de Katalaunesche Felder a Réckzuch vum Attila aus Gallien. 452 gräifen d'Hunnen Italien un, musse sech dono awer nees zeréckzéien. Nom Attila sengem Doud, 453, brécht d'Hunneräich auserneen.
  • 455: De Valentinian III. gëtt ermuert, d'Herrschaft vun der Theodosianescher Dynastie geet op en Enn. De Geiserich plëmmt Roum.
  • 456: Westgotesche Zaldoten, déi ënnert dem Uerder vum Keeser stinn, schloen d'Sueben.
  • 468: De Westgot Eurich brécht de Vertrag mat Roum a fänkt u mat enger aggressiver Expansiounspolitik. E gropussen Deel vun Hispanien an de Südweste vu Gallien gi westgotesch.
  • 468: West- an ostréimesche Truppe falen an d'Vandaleräich an, ma gi geschloen.
  • 472: Am Kader vum Muechtkampf tëscht dem Ricimer an dem Anthemius gëtt Roum fir d'Drëtt sakkagéiert.
  • 475: De Julius Nepos mécht e foedus mat de Westgoten, déi domat bal ganz Südgallien kréien.
  • 476: De Romulus Augustulus, de leschte westréimescher Keeser an Italien, gëtt vum germaneschen Arméichef Odoaker ofgesat. De Julius Nepos, dee 475 aus Italie geflücht as, hält sech bis 480 an Dalmatien. Déi galloréimesch Enklav, déi den Aegidius a Südgallien etabléiert huet, hält sech bis 486.
  • 486/87: Dem Syagrius säi Räich gëtt vun de Franken ënner dem Chlodwig I. vernicht. D'Frankeräich fänkt un, Form ze kréien.
  • 489: Den Ostgot Theoderich attakéiert, ënnert dem Uerder vum Ostkeeser, Italien an etabléiert do vu 493 un en eegent Räich.
  • 507: De Westgotekinnek Alarich II. gëtt vun de Franke geklappt, dës besetzen de Südweste vu Gallien.
  • 533/34: Den ostréimesche Generol Belisar eruewert d'Vandaleräich. D'Franken erueweren 534 d'Burgunderräich.
  • 535–552: Gotekrich an Italien. De Keeser Justinian probéiert grouss DEeeler vum Westreäich zeréckz'erueweren.
  • 554: De Justinian schaaft de westréimeschen Haff an de senatoresche cursus honorum of.
  • 568: D'Langobarden attakéieren Ueweritalien. Enn vun der Vëlkerwanderungszäit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas S. Burns: Barbarians within the Gates of Rome. A Study of Roman Military Policy and the Barbarians (ca. 375–425). Indiana University Press, Bloomington/Ind. 1994.
  • Henning Börm: Westrom. Von Honorius bis Justinian. Kohlhammer, Stuttgart 2013; 2. Auflage. Stuttgart 2018, ISBN 978-3170332164.
  • Alexander Demandt: Geschichte der Spätantike. Das Römische Reich von Diocletian bis Justinian 284 – 565 n. Chr. Beck, München 1998, ISBN 3-406-44107-6 * * Patrick J. Geary: Europäische Völker im frühen Mittelalter. Zur Legende vom Werden der Nationen. Fischer, Frankfurt am Main 2002, ISBN 3-596-60111-8.
  • Wolfgang Giese: Die Goten (= Kohlhammer-Urban-Taschenbücher. Band 597). Kohlhammer, Stuttgart 2004, ISBN 3-17-017670-6
  • Walter A. Goffart: Barbarians and Romans AD 418–584. The Techniques of Accommodation. Princeton University Press, Princeton 1980, ISBN 0-691-10231-7.
  • Walter A. Goffart: Barbarian Tides: The Migration Age and the Later Roman Empire. University of Pennsylvania Press, Philadelphia 2006.
  • Guy Halsall: Barbarian Migrations and the Roman West, 376–568. Cambridge University Press, Cambridge 2007.
  • Peter J. Heather: The Fall of the Roman Empire: A New History. Macmillan, London 2005.
  • Walter Pohl: Die Völkerwanderung. 2. Auflage. Kohlhammer, Stuttgart u. a. 2005, ISBN 3-17-018940-9.
  • Philipp von Rummel, Hubert Fehr: Die Völkerwanderung. Theiss, Stuttgart 2011.
  • Bryan Ward-Perkins: The Fall of Rome and the End of Civilization. Oxford University Press, Oxford 2005.
  • Chris Wickham: Framing the Early Middle Ages. Europe and the Mediterranean 400–800. Oxford University Press, Oxford 2005.