Hunnen

Vu Wikipedia
Eurasesch Stepp (hellblo ervirgehuewen)
Kaart vun der Vëlkerwanderung, donkelgro de Virmarsch vun den Hunnen
Ongeféier Route vun den Hunne bäi hirer Invasioun vu Gallien 451

Hunnen ass e Sammelbegrëff fir zentralasiatesch Reidervëlker mat nomadescher an duerno hallefnomadescher Liewensweis. Hire Virstouss an Ostmëtteleuropa an den 370er Jore war ee vun den Ausléiser fir d'Vëlkerwanderung. Hir Kampftechnik war deemools an Europa onbekannt: meeschtens beridden a mat just liichter Rëschtung fir flexibel ze sinn, mat als Haaptwaff den immens duerchschlagskräftege Kompositbou.

An der Mëtt vum 5. Joerhonnert hu se ugefaangen, am Flaachland vum Floss Tisza am haitegen Ungarn sesshaft ze ginn (op Englesch heescht d'Land nach haut "Hungary").

Ënner hirem Kinnek Attila haten d'Hunnen hiren Héichpunkt. Ekonomesch gesi ware se dobäi awer ëmmer op erzwonge réimesch Tributleeschtungen ugewisen.

Den Attila ass am Fréijoer 451 géint d'Westréimescht Räich gezunn. No Mainz hu seng Truppe sech gespléckt an een Deel ass géint Tréier gaang. Duerno, um Wee fir op Metz, si se och duerch d'Gebitt vun der spéiderer Grofschaft Lëtzebuerg komm.

Se solle beim haitege Schieren eng Bréck iwwer d'Uelzecht gebaut hunn a sou Ettelbréck den Numm ginn hunn (den Attila war och als Etzel bekannt). Op d'Uertschaftsnimm Hunchereng an Hënsdref och op d'Hunnen zeréckginn ass net bekannt. Warscheinlech ginn op si awer den Hunnewee zu Mäertert, d'Hunnendelt an d'Hunnelächer zu Furen, den Hunnebierg zu Baastenduerf, zu Hunnebur bei Manternach, den Hunnebuer bei Miersch, d'Hunnenäert zu Conter, Op Hunnebruch zu Wal, den Hunnebierg an den Hunneknapp zu Tënten, den Hunnebour zu Useldeng, den Hunselter zu Bonnert an den Hunnebour zu Arel[1], den Hunnewénkel zu Kënzeg, den Hunnemoeschkloeppel zu Keel[2], den Hunnendall zu Rëmeleng, um Hunnebur bei Déifferdeng, den Hunnebësch zu an d'Hunnestécker bei Duelem zeréck.

Am Juni 451 hunn d'Hunne sech awer an der Schluecht op de Katalaunesche Felder (déi bei Châlons-en-Champagne vermutt ginn) engem Bëndnes tëscht de Réimer an de Westgote misse geschloe ginn.

452 ass den Attila nach Italien agefall, mee en huet sech no éischten Erfolleger missen a seng ungaresch Tisza-Ebene zeréckzéien. D'Joer drop, 453, huet en d'Gotin Ildico bestueet, ass awer nach an der Hochzäitsnuecht verscheet, der Iwwerliwwerung no un engem Bluttstuerz.

Vun do un ass d'Hunneräich séier zerfall an d'Hunne sinn an anere Vëlker opgaangen.

D'Hunne sinn net ze verwiessele mam Dschingis Khan a sengem Mongolesche Räich. Dat war zwar och e Reidervollek aus der asiatescher Stepp, mä déi hu sech eréischt am 12. Joerhonnert ausgebreet a sinn ni méi wäit wéi Osteuropa (haaptsächlesch déi haiteg Ukrain) komm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'Indépendance Luxembourgeoise, 13. August 1889
  2. Camille Robert, Beschreibung der bisherigen archäologischen Entdeckungen in Kayl, in: Hémecht, 2002, Heft 2 (01.04.2002), S. 184-185]