Conter
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Conter | |
---|---|
Veräins- a Sprëtzenhaus; Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter; | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Contern de: Contern |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Conter |
Buergermeeschter | Marion Zovilé-Braquet (CSV) |
Awunner | 1.836 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 333 m |
Koordinaten |
49° 35’ 6’’ N 6° 13’ 37’’ O |
Conter ass eng Uertschaft am Kanton Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng Conter.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Conter läit no Süden an Osten um Bord vun den Däller vun der Schleedbaach an der Sir.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft Conter ass op der Plaz vun enger grousser Axialhaff-Villa aus der Réimerzäit entstanen[1].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimesch Villa zu Conter.
.
879/880 oder 903/904 gouf et eng éischt Kéier als locus Contrein an enger Schenkung ernimmt. Am 14. Joerhonnert gouf et schrëftlech als Guntrein festgehalen[2].
D'Parkierch ass zanter 1128 dokumentéiert. 1782 ass de Blëtz dran ageschloen a s'ass verbrannt. 1788 war se nees nei opgebaut.
Zanter dem 19. Joerhonert ass Conter den Haaptuert vun der Gemeng Conter.
Pilgerreesen op Conter
[änneren | Quelltext änneren]Conter war laang Zäit en Zil vu ville Wallfaarten. Zu Conter gouf déi helleg Walburga ugebiet fir "béis Aen" ze heelen oder eppes géint de "béise Bléck" z'ënnerhuelen. Den Oflaf vun deene Pelerinage beschreift de lëtzebuergeschen Dialektdichter Jakob Diedenhoven 1830 op eng ironesch Manéier a sengem Bittgang no Conter:
- Zoo aalen Zeiten
- Vun alle Seiten,
- Zur Walburga,
- Der heel'ger Fra
- Gongen d'from Kreschten
- Den Aelter reschten
- Mat enger Kierz,
- Engem selv'ren Hierz
- Hier Aa'n ze g'nieren
- Ville' mam Schmieren
- Hoid se d'Gnood gin
- 'Rem ze gesin.
An der drëtter Strof schénge se schonn all geheelt ze sinn:
- Hei an der Scheier,
- D'Marre mam Freier,
- D'Ketche ma'm Franz
- Sti'schon am Danz
...
- He'r we se sangen,
- Kuck we se sprangen,
- Daat weist de Kne,
- Daat eppes me.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Conter Kierch
- D'Straussefarm "An Nommesch"
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Deeler dovu goufen 2016-2018 vum Centre national de recherche archéologique ausgegruewen, cf.: Franziska Dövener: "Die gallo-römische Villa unter Contern – Ergebnisse der ersten Ausgrabungskampagne." In: Archaeologia Luxemburgensis N°5 - 2019, S.110-143.
- ↑ Camille Wampach: Geschichte der Grundherrschaft Echternach im Frühmittelalter. Untersuchungen über die Person des Gründers, über die Kloster- und Wirtschaftsgeschichte auf Grund des liber aureus Epternacensis (698-1222). I,2. Quellenband. Luxemburger Kunstdruckerei A.G., Luxemburg, 1930, S.234-35.