Spéitantiquitéit

Vu Wikipedia

Spéitantiquitéit ass eng modern Bezeechnung fir d'Epoch, wou d'Antiquitéit an d'Mëttelalter iwwergeet. Wat d'Datéierung ugeet, sinn d'Fuerscher sech net ëmmer eens, mä ganz graff kann een dës Period vum réimesche Keeser Diokletian (284) bis zum byzantinesche Keeser Justinian I. (565) goe loossen.

Demno bezeechent d'Spéitantiquitéit en eegestännegen Zäitraum, deen een net méi zur klassescher Antiquitéit kann zielen, mä awer och nach net zum Mëttelalter. Als Haaptcharakteristike vun dëser Period gëllen d'Unerkennung vum Chrëschtentum, d'Reform vun der Arméi an der Administratioun vum Diokletian a vum Konstantin de Groussen. D'sakral Positioun vum Keeser gouf verstäerkt an duerch d'Vëlkerwanderungen déi de westlechen Deel vum Réimesche Räich grondleeënd verännert hunn.

Datéierungsproblematik[änneren | Quelltext änneren]

D'Datéierung vun der Spéitantiquitéit ass bei de Fuerscher en emstriddent Theema. Allgemeng gëtt de Regierungsuntrëtt vum Diokletian 284 als Ufank vun der Period unerkannt, wat d'Enn ubelaangt si sech d'Fuerscher awer net ëmmer eens. Meeschtens gëtt en Datum gewielt tëscht der Deelung vum Räich duerch den Theodosius I. (395) an dem Enn vum westréimesche Räich (476) oder dem Enn vun der Regierungszäit vum Justinian I. (géint 565). Verschidden Historiker gi souguer nach méi wäit, a setzen d'Enn vun der Spéitantiquitéit mam Afall vun den Araber am Mëttelmierraum gläich (Pirenne-Thees).

D'Byzantinescht Räich huet zu gläicher Zäit bis zum Fall vu Konstantinopel (1453) weiderexistéiert.

An der eelerer Fuerschung gouf dacks nach d'Meenung vertrueden, datt d'Spéitantiquitéit eng Period vu moraleschem Verfall war (Edward Gibbon, Decline and Fall of the Roman Empire - Voltaire, Essai sur les moeurs et l'esprit des nations). Dës Theorie as hautdesdaags awer zimmlech widderluecht, an et fënnt ee se héchstens nach a Filmer.

Politesch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Diokletian - Stabiliséierung a Reform[änneren | Quelltext änneren]

Mam Regierungsuntrëtt vum Diokletian ass d'Réimescht Räich a seng Spéitphas eragetrueden. No der Kris vun der Zäit vun den Zaldotekeeseren huet den Diokletian sech beméit, d'Räich ze stabiliséieren an ze reforméieren. Sou koum et dann och zu enger grondleeënder Reform vun der Administratioun mat enger méi staarker Zentraliséierung a Bürokratiséiserung déi sech och an engem méi restriktive Steiersystem gewisen huet. Fir eng besser Administratioun gouf d'Räich an Diozesen ënnerdeelt.

Och d'Arméi gouf reforméiert. Si gouf an eng Marsch- (Comitatenses) an eng Grenzarméi (Limitanei) opgedeelt, fir bei eventuellen Iwwerfäll op der Grenz méi séier ze konteren. Dës Reform gouf definitiv ënner dem Keeser Konstantin beend, mä ganz nei war d'Iddi vun enger mobiler Arméi net. Am grousse Ganzen hunn d'Reformen e gudden Déngscht geleescht an dem Chaos, deen nach wärend den Zaldotekeesere geherrscht huet, en Enn gesat. Am Oste konnt sech Roum géint d'Persie vun de Sassanide behaapten, déi 297 vum Caesar Galerius geschloe goufen, an d'militäresch Reformen hunn d'Verdeedegung vun der Rhäin- an Donaugrenz verstäerkt.

Manner Erfolleg hat den Diokletian allerdéngs mat senger Regierungsform, der Tetrarchie (Véiererherrschaft), déi zwéi Seniorkeeseren (Augusti) an zwéi Juniorkeesere (Caesares) virgesinn huet, a reliéis duerch d'künstlesch "Adoptioun" vu Gëtter zementéiert gouf. Sou huet den Diokletian, deen och weiderhin an dësem System d'bestëmmend Figur war, de Bäinumm Iovius ugeholl, wat een ongeféier mat Schützling an Abkömmling vum Jupiter iwwersetze kann. Dëse System konnt sech awer net géint d'dynastesch Iddi duerchsetzen, wat d'Evenementer nom fräiwëllegen Zerécktriede vum Diokletian am Joer 305 beweisen.

De Konstantin de Groussen an den Duerchbroch vum Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

Konstantin I. de Groussen

De Konstantin de Groussen, de Jong vum Tetrarch Constantius Chlorus, huet sech am Sträid ëm d'Muecht nom Diokletian sengem Récktrëtt 305 duerchgesat. Als éischt huet de Konstantin sech mam Maxentius ugeluecht, deen och de Jong vun engem Tetrarch war (dem Maximian säin, dee sech souguer mam Konstantin senger Duechter bestuet huet). An dësem Sträid ëm d'Muecht koum et 312 zur Schluecht bei der Milvescher Bréck an zur mysteriéiser "Bekéierung" vum Konstantin zum Chrëschtentum, well him anscheinend virun der Schluecht e Kräiz erschéngt ass, an hien dann am Zeeche vum Kräiz d'Schluecht fir sech entscheede konnt. No 324 ass de Konstantin Elengherrscher am Räich, nodeem hie säi Konkurrent Licinius am Oste verdriwwen huet. Doropshin huet de Konstantin dat fäerdeg gemaach wat dem Diokletian seng Reformen ugefaangen haten, an der Verwaltung (nei Haffämter goufe geschaf, den Praefectus praetorio gëtt héchsten Zivilbeamten an et ginn nei Steieren agefouert) a beim Militär (Kreatioun vum Titel Magister militum). Ënner senger Herrschaft kënnt et och zum bedeitendste Schrëtt op laang Siicht zanter der Aféierung vum Prinzipat duerch den Augustus: d'Förderung vum Chrëschtentum, och wann nach bis haut d'Relatiounen tëscht dem Konstantin an de Chrëschten ëmstridde sinn. Ausserdeem huet de Konstantin eng nei Haaptstad baue gelooss, Konstantinopel, d'Stad vum Konstantin an dat neit Roum. Domat louch de Schwéierpunkt vum Räich definitiv am Osten.

D'Enn vun der konstantinescher Dynastie[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Konstantin am Joer 337 ass e bluddege Krich ëm d'Muecht ugaangen, deen d'konstantinesch Dynastie deziméiert huet. Dem Konstantin säi Jong Constantius II. konnt sech schliisslech 351 als Elengherrscher duerchsetzen. Allerdéngs koum et méi spéit zum Konflikt mat sengem bei der gallescher Arméi beléifte Neveu Julian. Dëse gouf 361 Nofollger vum Constantius II. an huet versicht, eng Renaissance vum Heedentum anzeleeden, mä ouni Erfolleg. Nom Doud vum Keeser Julian bei enger Campagne géint d'Sassaniden am Joer 363 blouf d'Chrëschtentum d'dominant Relioun a schonn dem Julian säin Nofollger, de Keeser Jovian, war Chrëscht. Den Oste gouf ëmmer méi staark christianiséiert, mä och de Westen, deen zu Zäite vum Konstantin nach wäitleefeg heednesch war, huet sech ëmmer méi fir d'Chrëschtentum intresséiert (cf. Augustinus vun Hippo), och wann et nach zu enger Rei Ausenaanersetzunge komm ass (Donatismus, Arianismus, Monophysitismus am Osten).

Aussepolitesch war keng Rou z'erwaarden: am Norden a laanscht d'Donau sinn d'Germanen an d'Räich agefall, geneesou wéi méi spéit d'Hunnen, an am Oste war d'Gefor vun de Sassaniden reell.

Vum Valentinian I. bis zum Doud vum Theodosius dem Groussen - Vëlkerwanderung a Behaaptung vum Imperium Romanum[änneren | Quelltext änneren]

Vëlkerwanderung

D'Réimescht Räich gouf zanter dem Valentinian I., deen dem Jovian säin Nofollger am Joer 364 ginn ass, erëm vun zwéi Keesere regéiert, fir der Situatioun Meeschter ze ginn. Dozou koum och nach datt an de 70er Jore vum 4. Joerhonnert d'Vëlkerwanderungen ugefaangen hunn. D'Goten, déi iwwer d'Donau virun den Hunne geflücht waren, an och ufanks am Réimesche Räich ënnerkoumen, sech dann awer no Repressalie revoltéiert hunn, hunn de Valens, dem Valentinian I. säi Brudder a Keeser am Osten, 378 an der Schluecht vun Adrianopel geschloen. De Valens koum bei dëser Schluecht ëm d'Liewen, an de Gratian, den eelste Jong vum Valentinian I. a säin Nofollger 375, huet 379 de Spuenier Theodosius I. als Keeser am Osten agesat. 382 huet dësen en Traité mat de Goten ënnerschriwwen, duerch dee si am Räich bleiwe konnten, an als Zaldoten (Foederati) an der réimescher Arméi dénge sollten, mä awer hir Autonomie behale kéinten. 387 reegelt e Vertrag mat Persien de Sträit ëm Armenien. Den Theodosius, dee méi spéit de Bäinumm de Grousse kréie sollt, wéinst senger resoluter antiheednescher Politik, huet dat Onméiglecht méiglech gemaach, an den Osten quasi stabiliséiert.

Am Westen ass d'Situatioun awer nach laang net sou roseg: nodeem de Gratian eng Partie erfollegräich Campagne gefouert huet, wéi zum Beispill géint d'Alemannen, kënnt hie bei engem Opstand vu Britannien, dee sech och um Kontinent ausgebreet huet, 383 zu Lyon ëm d'Liewen. Nodeem sech den Theodosius an den Usurpateur Maximus eng Zäitchen eens gi sinn, léisst hien dësen awer 388 hiriichten. Doropshin huet hien dem Valentinian II., dem jéngste Brudder vum Gratian, de Westen iwwerlooss, mä och dëse ka sech net laang un der Muecht halen. 392 stierft de Valentinian II., warscheinlech vu sengem Magister militum Arbogast an den Doud gedriwwen. Den Arbogast setzt den heedneschen Eugenius als Keeser an. Den Theodosius mécht sech alt erëm op de Wee an de Westen a schléit den Eugenius an der Schluecht um Frigidus 394. Den Eugenius kënnt bei dëser Schluecht ëm, an den Arbogast hëlt sech dodropshin d'Liewen. D'Heedentum, dat den Theodosius scho mat Gesetzer aus de Joren 380/81 staark limitéiert hat an duerch Gesetzer an de Joren 391 an 392 souguer verbueden huet, krut domat säi politeschen Doudesstouss. Ënner dem Theodosius kënnt et dann nach emol zu enger kuerzer Eenheet vum Räich, éier et 395 definitiv gedeelt gëtt, an dat tëscht senge Bouwen Honorius am Westen an Arcadius am Osten.

Vun der Deelung vum Räich (395) bis zum Iwwerfall vu Roum (410)[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich am Joer 395

Am Osten huet eng Period vu relativem Fridden ugefaangen, dee geleeëntlech vu Kämpf op der Donaufront (Hunnen a Germanen) an am 5. Joerhonnert op der Ostgrenz vun de Sassanide gestéiert gouf. Eréischt an der zweeter Hallschent vum 5. Joerhonnert huet sech d'Osträich erëm méi staark ëm d'Verdeedegung vu senge Grenze misse këmmeren. Wirtschaftlech ass den Oste weiderhin de staarken Deel vum Räich bliwwen, a konnt ëmmer nach grouss Zomme mobiliséieren; ausserdeem konnt d'ostréimesch Diplomatie verschidde Kämpf no Westen deviéieren. Virun allem konnt den Afloss vun de Magisti milita, déi dacks eng barbabesch Ofstamung haten, reduzéiert ginn. Den Arcadius a säi Jong, den Theodosius II. waren zwar net onbedéngt kompetent Herrscher, mä d'Administratioun vum Räich huet trotzdeem ouni allzegrouss Problemer funktionéiert, och wann et um Ufank vum Arcadius senger Regirungsperiod zu engem Konflikt mam Westräich koum, wiem dann elo Illyricum gehéiert.

De Westkeeser Honorius hat souguer, op Urode vu sengem Magister militum Stilicho, fir eng Zäit wëlles, militäresch géint d'Osträich virzegoen. Dëst gouf awer ni duerchgefouert, zumools net méi nodeem 406 d'Rhäingrenz definitiv zesummegebrach ass, an d'Germanen agefall sinn. De Stilicho gouf 408 ëmbruecht, e Muerd iwwer deen den Honorius um Courant war. Domat gouf erëm bewisen, datt d'Keeser ze vill mächtege Militärleit net trauen - an dat och dacks zu Recht.

Am Weste gouf et keng Rou méi. Vu Germanen an Hunne bedreet, ëmmer an der Gefor vun engem Putsch duerch de Magister militum an ze dacks vun onfäege Kandkeesere (wéi den Honorius) regéiert, huet d'Westréimescht Räich no an no seng wichtegst Provënzen un d'Germane veluer. Ufanks vum 5. Joerhonnert ass dann och nach Britannie verluer gaangen, an d'westréimesch Arméi, an där vill Germane gedéngt hunn, huet sech nom Doud vum Aetius de facto opgeléist. Am Westen hu sech um Territoire vum Imperium Romanum an der Hallschent vum 5. Joerhonnert eng Rei germanesch Räicher gebilt (Vandalen, Westgoten, Franken, Angelsachsen, Ostgoten a.a.) a 410 gouf Roum vun de Westgoten ënner dem Alarich geplëmmt. Dëse war virdru schonn am Osträich aktiv, entweeder als Alliéierte vum Stilicho oder och emol eleng. De Fall vu Roum war fir d'Heeden en eendeitegt Zeechen als Strof vun de Gëtter well si sech vum ale Glawe getrennt hunn. Den Augustinus vun Hippo schreift doropshi säi grousst Wierk De Civitate Dei (Iwwer de Gottesstaat) als direkt Äntwert op dës Ënnerstellung.

Stabiliséierung am Osten an Zesummebroch am Westen[änneren | Quelltext änneren]

D'militäresch Katastroph war fir de Weste mam Zesummebroch vun der Rhäingrenz 406 komplett. Déi wichtegst Provënze vun de westréimesche Keeseren (déi säit dem Honorius zu Ravenna gewunnt hunn) gounge verluer. D'Westgote goufe 418 an der Aquitaine ugesidelt, wou si e Staat am Staat ageriicht hunn, allerdéngs mam Averständnes vun der lokaler Aristokratie - am Weste gouf et souwisou keng fäeg Arméi méi, fir deem eppes entgéint ze setzen. D'Westgoten hu kuerz drop mat de Sueben Hispanien a Besëtz geholl. D'Vandale gi 429 an Africa an huelen domat dem westréimesche Keeser seng räichste Provënz ewech, soudatt dësen eigentlech nëmme nach iwwer Italien an Deeler vu Südgallie regéiert huet. D'Gefor vun den Hunnen ënner dem Attila konnt zwar duerch de Magister militum 451 néiergeschloe ginn, mä dofir hunn d'Réimer missen op germanesch Foederati zeréckgräifen. Trotzdeem huet de Keeser Valentinian III., de leschte Keeser aus der theodosianescher Dynastie, de Generol 454 ëmbrénge gelooss, aus Angscht viru sengem Afloss. Dëst huet de Keeser misse mam Liewe bezuelen.

Seng Nofollger waren net méi kompetent, wat de Fall vum Magister militum Ricimer weist, deen 472 de facto d'Westräich dirigéiert huet. De Ricimer konnt och eng Partie Erfolleger fir sech verbuchen, wat d'Ofwier ubelaangt, mä och hie konnt net verhënneren, datt Roum 455 vun de Vandale geplëmmt gouf. Eng gemeinsam Operatioun vu West an Ost 468 géint d'Vandale war en Echec, deen zur Unerkennung vum Vandaleräich duerch Byzanz gefouert huet.

Den Oste konnt seng Grenze stabil halen. De Keeser Markian, deen 450 Nofollger vum Theodosius II. gouf, huet refuséiert, den Hunne Tribut ze bezuelen, an huet et fäerdeg bruecht, datt si sech éischter op de Weste konzentréieren.

Mat der Depositioun vum Romulus Augustus am Joer 476 duerch den Odoaker ass d'Westréimescht Räich u sengem Enn. De leschte legitime Keeser war allerdéngs de Julius Nepos († 480), wat awer zanter der Deelung an zumools nom Zesummebroch vun der Rhäingrenz net méi liewensfäeg war.

Vun der anticker Welt an d'Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimescht Räich am Joer 450

D'wirtschaftlech méi staarkt a méi bevëlkert Ostréimescht Räich konnt sech am Géigesaz zum Westréimesche Räich behaapten. De Keeser Leo I. konnt mat Hëllef vum méi spéide Keeser Zenon de gotesche Magister militum Aspar ausschalten. Den Anastasios I. hannerléisst senge Nofollger de gréisste Staatsschatz an der réimescher Geschicht. Ënner dem Keeser Justinian I. koum et souguer zu enger Restauratio imperii, obschonn dëse Versuch d'Imperium erëm ze restauréieren nëmme kuerzfristeg Erfolleger opweises hat. Am byzantinesche Räich ass d'Réimescht Räich staatsrechtlech um Liewen erhale ginn - d'Kultur vun der Antiquitéit huet hei weidergelieft, obschonn d'kulturellt Liewen zu Byzanz an de follgende Joerhonnerten eng Transformatioun matmécht a Byzanz scho kuerz nom Justinian I. seng eege Weeër geet.

Am Westen entsteet eng germanesch-romanesch Welt: um Enn vum 5. Joerhonnert léisst sech de Frankekinnek Clovis deefen an huet sou d'Ierfschaft vum Réimesche Räich a Gallien ugetratt, an Italie féiert de Got Theoderich de Groussen weiderhi säi Räich no réimeschem Muster. D'Fréimëttelalter huet sech an de follgende Joerhonnerte lues awer sécher entwéckelt, allerdéngs koum et dozou parallel am Westen zu engem kulturelle Niddergank (Réckgank vun der Literalitéit a Verfall vun de Stied). Eréischt no an no koum et erëm zu enger Redecouverte vun den anticken Auteure bis zum Corpus iuris civilis.

Sozio-kulturell Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Kulturellt Liewen[änneren | Quelltext änneren]

An der spéitanticker Literatur fanne sech keng Zeeche vun enger Dekadenz. An der syrescher Literatur fënnt een eng Parti wichteg Wierker erëm, an an der laténgescher Literatur wieren ënner anerem den Ammianus Marcellinus, de Boethius, den Augustinus vun Hippo, den Ausonius, an de Cassiodor z'ernimmen. Am griicheschen Oste muss ee besonnesch den Libanios ervirhiewen, a bei de Neoplatonisten ginn och eng jett Wierker geschriwwen. D'Buch setzt sech géint de Schrëftrullo duerch, an an der Architektur ginn nei Bautyppen erfonnt (Basilika). D'Mosaikkonscht entwéckelt sech och weider. An der Konscht dominéieren awer einfach Formen am Verglach mat der "klassescher Antiquitéit".

Am Westen huet sech Latäin quasi ganz duerchgesat. D'griichesch-sproocheg Gebidder an Italien an op Sizilie verschwannen. Eréischt no der Eruewerung vum Justinian I. koum et zu enger "Griichiséierung" vun dëse Gebidder. Am Oste war Griichesch déi dominant Sprooch, a Latäi gouf nëmmen an der Arméi, der Administratioun an an Deeler vun Thrakie geschwat. Allgemeng kann een awer feststellen, datt d'Sproochkapazitéit vun den Eliten zeréckgeet, fir de Westen d'griichescht a fir den Osten d'laténgescht.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Am Westen ass en Réckgang vun dr Bevëlkerung festzestellen, deen allerdéngs eréischt am 5. a 6. Joerhonnert däitlech gëtt. Déi grouss Stied, am Weste Roum a Karthago, am Oste Konstantinopel, Antiochia, Alexandria, waren ëmmer nach grouss Zentren, an hunn eréischt (fir de Westen) u Bedeitung no der Eruewerung duerch d'Germane verluer. Ënner anerem duerch dësen Afall vun de Germane koum et am Westen zu engem wirtschaftleche Réckgang. Dem Oste goung et donieft besser, virun allem och well déi wichteg Industrie- an Handelszentren am Oste louchen, wou och d'Strooss vun der Seid opgehalen huet, a mat de Perser gehandelt gouf.

D'Privatverméige war ënner enger klenger Uewerschicht opgedeelt, déi sech ëmmer méi a grandios Villen um Land zeréckgezunn huet. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung war also éischter aarm, an huet vum Dagesloun gelieft. Um Land waren d'Piechter an der Reegel un hiert Land gebonnen. Do, virun allem a Gallien, koum et och emol zu Opstänn, ënner anerem deem vun de Bagauden. Wat d'Sklaven ugeet, streide sech d'Fuerscher gär, mä et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech wéineg geännert huet an der Praxis, an d'Sklaven also weiderhin eng net onwichteg Roll gespillt hunn.

De spéitréimesche Staat an d'wuessend Bedeitung vun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

De Keeser huet am spéitréimesche Räich eng Stellung ugeholl, déi där vun engem Vizekinnek vu Gott op der Äerd geglach huet, woubäi hien nach ëmmer un den alréimesche Prinzip vun der Fiirsuerg gebonne war, an e neie Keeser nach ëmmer duerch Akklamatiounen agesat gouf. Innepolitesch mierkt een de staarke Wëlle vun enger Zentralisatioun vun der Administratioun. D'Bürokratie huet zougeholl an d'Arméi gouf am Westen ëmmer méi vernoléissegt a barbariséiert, wat schlussendlech zur Opléisung am 5. Joerhonnert gefouert huet. Dem Westen hunn och d'finanziell Mëttel gefeelt, fir dës Arméi z'ënnerhalen.

D'Kierch ass am Westen op déi Plaz geréckelt, déi de Staat net méi erfëlle konnt. Hir Stellung gouf ëmmer méi gefestegt. Et koum awer zu e puer Kontroversen, engersäits duerch d'Heedentum, wat am 5. a 6. Joerhonnert nach aktiv war, mä och Differenzen an der Kierch selwer (Arianismus, Monophysitismus) hunn eng Festegung schwiereg gemaach. Dobäi koum de Schock vu 410 (Plëmmung vu Roum), op deen den Augustinus, den Orosius an anerer literaresch reagéiert hunn. An der Spéitantiquitéit entwéckelt sech och de Bëschof vu Roum zum Poopst, wärend an Egypten d'Mënchtum seng éischt Schrëtt wot. Dës verstäerkte Positioun vun der Kierch huet och dozou gefouert datt sech verschidde Perséinlechkeete géint de Staatsdéngscht a fir den Déngscht fir d'Kierch entscheet hunn (Ambrosius).

Kulturelle Wandel[änneren | Quelltext änneren]

Am Westen huet schonn am 5. Joerhonnert en Transformatiounsprozess ugefaangen, dee lues a lues zum Fréimëttelalter gefouert huet, natierlech bedéngt duerch d'germanesch Presenz am Réimesche Räich. D'Germanen hunn awer ni versicht, d'réimesch Kultur ewechzekréien, wéi dem Theoderich dem Grousse seng Administratiounspraxis oder och nach de Westgoten hir Rechtspraxis weist. D'Grenze sinn awer fléissend. Am Oste koum et ni zu engem Evenement wéi 476 - allerdéngs leet déi modern Fuerschung net méi sou e grousst Gewiicht op den Ënnergank vu Westroum, wéi dat nach virdrun dacks de Fall war. Den Abroch vun den Araber um Ufank vum 7. Joerhonnert mécht der Eenheet vun der Mëttelmierwelt definitiv en Enn.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Sourcen an dem aktuelle Stand vun der Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

D'Quellelag vun der Spéitantiquitéit ass wuel déi bescht vun der gesamter Antiquitéit, virun allem duerch déi vill monumental Quellen. Déi wichtegst Source ass den Ammianus Marcellinus. Da kënnt mat groussem Ofstand de subjektiven Heed Zosimos a verschidde Kierchendénger (Eusebius, Ambrosius, Augustinus). Dozou kommen nach de Jordanes a Fragmenter vun aneren Historiker. Fir d'Datéierung vum Enn vun der Spéitantiquitéit ass de Prokopios von Caesarea eng gutt Source. Weiderhi sinn d'Riede vum Libanios a Themistios an eng Onmass vun Urkunde vu Bedeitung. Dozou kommen nach de Corpus iuris civilis, Inscriptiounen, Papyri an alles wat d'Archeologie eis liwwere kann.

D'Erfuerschung vun der Spéitantiquitéit war problematesch, virun allem wéinst dem fléissenden Iwwergang an d'Mëttelalter. D'eeler Fuerschung huet an der Spéitantiquitéit virun allem eng Zäit vun Dekadenz a Verfall gesinn (beaflosst duerch Montesquieu a Voltaire). Nach am 19. Joerhonnert gouf des Theorie ugeholl. Eréischt d'Studie vum John B. Bury an aneren hunn zu enger neier Siicht op des Period gefouert, déi net méi als reng Verfallszäit kann ugesi ginn. Wéiwäit de spéitantike Staat en "Zwangsstaat" war, bleift weiderhin ëmstridden, och wann déi haart Meenung vun der eelerer Fuerschung net méi sou ouni Weideres akzeptéiert ka ginn. De Peter Brown huet a sengen Aarbechten op d'Metamorphose vun der anticker Welt an dëser Epoch opmierksam gemaach, woubäi hie sech virun allem mat de reliéisen a kulturelle Verännerunge beschäftegt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • SEECK Otto, Geschichte des Untergangs der antiken Welt, Stuttgart, 1921.
  • CAMERON Averil (Hrsg.), The Cambridge Ancient History, Bd. 13 a 14, Cambridge, 1997.
  • BRANDT Hartwin, Das Ende der Antike. Geschichte des spätrömischen Reiches, München 2004, ISBN 3-406-51918-0
  • BROWN Peter, Die letzten Heiden, Berlin, 1986.
  • BROWN Peter, Die Entstehung des christlichen Europas, München, 1999, ISBN 3-406-44023-1
  • DEMANDT Alexander, Geschichte der Spätantike, München, 1998, ISBN 3-406-44107-6
  • FUHRMANN Manfred, Rom in der Spätantike, Zürich, 1994, ISBN 3-7608-1088-8
  • JONES Arnold H. M., The Later Roman Empire 284-602. A Social, Economic and Administrative Survey, Oxford, 1964.
  • MARTIN Jochen, Spätantike und Völkerwanderung, München, 2000, ISBN 3-486-49684-0

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Late antiquity – Biller, Videoen oder Audiodateien