Diokletian

Vu Wikipedia
Diokletian
Gebuertsnumm Gaius Valerius Diocles
Gebuer 240er jul.
Gestuerwen 310er
Split
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker, Monarch
Kaart vum Réimesche Räich ënner der éischter Tetrarchie, vun 293 n.Chr. un.

Den Diokletian (lat.: Diocles, gr.: Διοκλῆς), mam ganzen Numm Gaius Aurelius Valerius Diocletianus, gebuer tëscht 236 an 245 zu Dalmatia a gestuerwen ëm 312 zu Spalatum, war vun 284 bis 305 réimesche Keeser. Mat him gouf déi Diokletianesch Ära agelaut.

Den Diokletian huet Reformen duerchgezunn, déi gehollef hunn, datt d'Réimescht Räich seng Kris am 3. Joerhonnert fir zeguttst iwwerwonnen huet an d'Zäit vun den Zaldotekeeser op en Enn goung. Déi wichtegst Reforme waren an der Administratioun, dorënner der iwwer d'Organisatioun vun de Provënzen. Den Diokletian huet d'Herrschaftsmodell vun der Tetrarchie agefouert. Sou konnt verhënnert ginn, datt et Sträit tëscht Usurpatore kéim. Dësen hat awer nëmme sou laang Bestand, wéi e gelieft huet. Seng Reformen an der Verwaltung hunn dogéint bis un d'Enn vun der Spéitantiquitéit bestanen.

Traditionell gëtt dem Diokletian seng Regierungszäit als Zesur ugesinn, wou d'Epoch vum Prinzipat ophält an d'Spéitantiquitéit ufänkt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Timothy D. Barnes: The New Empire of Diocletian and Constantine. Harvard University Press, Cambridge/MA-London 1982, ISBN 0-674-61126-8.
  • Alan K. Bowman: Diocletian and the first tetrarchy, A. D. 284–305. In: Alan K. Bowman u. a. (Hrsg.): The Cambridge Ancient History 12. The Crisis of Empire, AD 193–337. Cambridge 2005, ISBN 0-521-30199-8, S. 67ff.
  • Alexander Demandt, Andreas Goltz, Heinrich Schlange-Schöningen (Hrsg.): Diokletian und die Tetrarchie. Aspekte einer Zeitenwende. Berlin u. a. 2004, ISBN 3-11-018230-0.
  • Frank Kolb: Diokletian und die Erste Tetrarchie. Improvisation oder Experiment in der Organisation monarchischer Herrschaft?. Berlin/New York 1987.
  • Wolfgang Kuhoff: Diokletian und die Epoche der Tetrarchie. Das römische Reich zwischen Krisenbewältigung und Neuaufbau (284–313 n. Chr.). Frankfurt am Main 2001, ISBN 3-631-36792-9.
  • William Seston: Dioclétien et la tétrarchie 1. Guerres et reformes (284-300). Boccard, Paris 1946.
  • Stephen Williams: Diocletian and the Roman Recovery. Routledge, New York 1985.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diokletian – Biller, Videoen oder Audiodateien