Herodot

Vu Wikipedia
All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Herodot
Gebuer 484v. Chr.
Halikarnassos
Gestuerwen 425v. Chr.
Thurioi
Nationalitéit Halikarnassos
Aktivitéit Historiker, Politiker, Schrëftsteller, Geograph

Den Herodot vun Halikarnassos, gebuer géint 485, a gestuerwe géint 425, war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (haitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie.

Historien[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech ëm d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeem et ufanks nach ëm déi besot Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdéngs net bei jiddwerengem beléift, well en dacks Mythe mat der Wourecht vermëscht. De komplette Contraire ass de faktenorientéierten Thukydides.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Herodotus – Biller, Videoen oder Audiodateien