Perserkricher

Vu Wikipedia

D'Perserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antiikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Owendland géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.

Ausgeléist goufen d'Perserkricher duerch déi sougenanntn Ionesch Revolt. Als Héichpunkter zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, souwéi d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Source fir d'Evenementer ass den anticken Historiker Herodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann.

Um Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr. war d'Perserräich zu enger Groussmuecht gewuess. Duerch d'Eruewerung vu Klengasien koumen d'ionesch Griichen, déi hei gewunnt hunn, ënner persesch Herrschaft, wärend de Rescht vun de Griiche weiderhin hir Onofhängegkeet hat. Dëst war d'Ausgangssituatioun fir déi spéider Konflikter.

Vun der Ionescher Revolt zu der Schluecht vu Marathon: den éischte Perserkrich[änneren | Quelltext änneren]

500 v. Chr. oder 499 v. Chr. ass d'Ionesch Revolt ënner der Leedung vum Aristagoras vu Milet a mat der Ënnerstëtzung vun Athen ausgebrach[1]; d'ionesch Stied hunn d'griichesch Tyranne verdriwwen, déi d'Perser agesat haten, an hunn en Hëllefsappell un d'Griichen um Festland geriicht. Athen huet doropshin zwanzeg Krichsschëffer an Eretria fënnef Schëffer geschéckt, soudatt sech den Opstand un der ganzer Küst verbreet huet. 498 v. Chr. konnten d'Griichen d'Stad Sardes erueweren, déi de Sëtz vum persesche Satrap war, an hunn d'Stad néiergebrannt. Domat hu si eng persesch Reaktioun provozéiert, an d'Arméie vum Dareios I. hu sech a Beweegung gesat. Déi griichesch Flott gouf bei der Schluecht vu Lade 494 v. Chr. op de Mieresbuedem geschéckt, an den Opstand ass zesummegebrach. De persesche Grousskinnek Dareios I. konnt dësen Opstand awer net sou ouni Weideres akzeptéieren, an huet Pläng gemaach, fir d'Rebellen aus dem griichesche Mammeland ze strofen.

D'Perserräich ëm 490 v. Chr.

492 v. Chr. huet de persesche Feldhär Mardonios Thrakien a Makedonien eruewert, 490 v. Chr. koume weider Strofexpeditioune vum Datis a vum Artaphernes dobäi.

Scho 491 v. Chr. haten d'Perser "Diplomate" lassgeschéckt, déi d'Ënnerwerfung vun de griichesche Poleis gefuerdert hunn. Vill hunn ënner dem Drock noginn. Athen a Sparta hu sech awer geweigert, an d'Gesandten ëmbruecht. Als Äntwert huet Persie seng Flott an d'Egäescht Mier geschéckt, fir d'Griiche mat Gewalt zu enger Ënnerwerfung ze zwéngen. D'Kykladen hu sech erginn, Eretria gouf eruewert, an eng persesch Expeditiounssträitmuecht ass zu Attika net wäit ewech vu Marathon gelant[2]. De Leefer Pheidippides soll a Rekordzäit op Sparta gelaf sinn, fir si ëm Hëllef ze ruffen, mä d'Spartaner konnten aus reliéise Grënn net direkt lassmarschéieren, a koumen domat ze spéit.[3] Laut dem Platon war eng Revolt vun den Heloten dru Schold[4]. D'Perser - si haten den Hëllefruff op Sparta matkritt - hunn direkt d'Schluecht vu Marathon ugefaangen, déi mat enger Victoire vun den Athener a Platäer, mat wéineg eegene Verloschter (genee 192 Männer si gefall), awer - wann een den Iwwerliwwerungen traue kann - mat Dausenden Affer op persescher Säit op en Enn gaangen ass. Den Held vun der Situatioun war de Griich Miltiades, deen d'Arméi ugefouert hat. Persien hat duerno mat innepolitesche Problemer ze kämpfen, soudatt eng weider Expeditioun net a Betruecht gezu ginn ass.

De Politiker Themistokles huet awer d'Gefor gesinn, déi d'persesch Flott duergestallt huet. Mat vill Iwwerriedungskonscht ass et him gelongen, datt Athen eng staark Flott opgebaut huet, an op der Hallefinsel Piräus e Krichshafen ugeluecht huet.

Méi doriwwer an den Artikelen Ionesch Revolt a Schluecht vu Marathon

De Feldzuch vum Xerxes: den zweete Perserkrich[änneren | Quelltext änneren]

De Xerxes I. um Hellespont.

480 v. Chr. huet dem Dareios säi Jong an Nofollger, de Xerxes I., e Feldzuch mat 100.000 Zaldoten a 600-700 Krichsschëffer op d'Bee gestallt, dee scho vu sengem Papp geplangt gi war[5]. Och am zweete Perserkrich war de Mardonios nees Feldhär, mä dës Kéier war hien net nëmme beim Plang vum Feldzuch bedeelegt, mä huet och de Xerxes zu dëser Entreprise iwwerriet. Eng diplomatesch Offensiv huet d'Ausliwwerung vun Thessalien, Delphi, Argos an engem groussen Deel vun Zentralgriicheland erméiglecht. E griichesche Bond vun Athen a Sparta, den Hellenebond, gouf dem Xerxes entgéigegesat. Ausserdeem gouf duerch den Themistokles, dem grousse Politiker vun Athen zu dëser Zäit, fläisseg eng Flott opgebaut.

Mat enger Schëffsbréck iwwer den Hellespont[änneren | Quelltext änneren]

Den Hellespont, eng Waasserstrooss déi Europa um nërdlechen Enn vun der Egäis vu Klengasien getrennt huet, war dat éischt grousst Hindernis um Wee vun der persescher Arméi a Griicheland. De Xerxes huet déi enkste Plaz, déi ëmmer nach eng Séimeil breet war, mat enger aussergewéinlecher Duebelbréck aus Honnerte vu Schëffer iwwerbréckt. Wéi den Herodot erzielt[6], goufen d'Schëffer, déi parallel zu der Küst louchen, mat Seeler zesummegebonnen, a wéinst der staarker Stréimung an dem Wand duerch grouss schwéier Anker a Posititioun gehalen. Staark a schwéier Seeler aus Papyrus a Fluess goufe vu Küst zu Küst queesch iwwer d'Schëffer verluecht a gespaant. Dem Xerxes seng Ingenieuren hunn eng kombinéiert Hänk- a Pontonbréck gebaut. D'Seeler hunn d'Bréck stabiliséiert, an hunn de Schëffer en Deel vun hirer Belaaschtung geholl, d'Schëffer hu verhënnert, datt d'Seeler op der Waasseruewerfläch duerchgehaange sinn. Mat enger Schicht Buedem gouf d'Bréck fir d'Reiderei an d'Fousstruppen zu enger normaler Arméistrooss. Zu béide Säiten hunn d'Perser Blenden aus Matte gebaut, well si Angscht haten, d'Päerd géifen duerch d'Stréimung schei ginn. De Xerxes huet zwou vun dëse Brécke baue gelooss. Fir déi méi laang, déi wuel gutt zwee Kilometer laang huet misse sinn, goufen 360 Schëffer gebraucht, fir déi zweet Bréck waren et 314. D'Gréisst vun der persescher Arméi kann een un der Tatsaach moossen, datt et eng ganz Woch gedauert huet, bis all d'Zaldoten iwwer d'Mierengt komm waren.

Jacques-Louis David, Léonidas aux Thermopyles, 1814.

D'Thermopylen a Salamis[änneren | Quelltext änneren]

Wärend d'Peloponnesier eng Verdeedegungslinn beim Isthmus vu Korinth virgeschloen hunn, ass den Themistokles fir eng méi fréi Verdeedegungslinn agetrueden. Versich, d'Perser duerch d'Schluecht vun den Thermopylen an d'Schluecht vun Artemision opzehalen, hate keen Erfolleg.

Athen gouf evakuéiert, an d'griichesch Flott huet sech op d'Insel Salamis zeréckgezunn. Dem Themistokles ass et gelongen, d'persesch Flott an dës enk Waasser ze lackelen, an deenen déi schwéier persesch Schëffer schlecht manövréiere konnten. An der Schluecht vu Salamis konnten déi meescht persesch Schëffer zerstéiert ginn. De Xerxes an de Rescht vu senger Flott sinn zeréck an Asien gezunn, an hunn d'Landarméi ënner dem Mardonios zeréckgelooss, deen an Thessalien mat der Arméi de Wanter verbruecht huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Salamis.

Schluecht vu Plataea[änneren | Quelltext änneren]

Am Fréijoer drop (479 v. Chr.) huet de Mardonios Athen zweemol de Fridden ugebueden, mä d'Athener waren net averstanen. D'Krichshandlunge sinn a Böotien mat der Schluecht vu Platää op en Enn gaangen; de Mardonios gouf ëmbruecht a seng Arméi gouf verdriwwen. D'Iwwerreschter vun der persescher Arméi hu Griicheland nees verlooss, mä nëmme wéineg si lieweg an Asien ukomm. Am selwechte Joer huet d'griichesch Flott ënner dem spartanesche Kinnek Leotychides de Rescht vun der persescher Flott, déi u Land louch, bei Mykale geschloen.

Befreiung vun de klengasiatesche Griichen a weider Entwécklung vun de griichesch-persesche Bezéiungen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Néierlag vum Xerxes hunn d'Griichen a Klengasien nees eng Rebellioun ugefaangen. 478 v. Chr. huet eng Flott ënner dem Spartaner Pausanias Byzanz eruewert, an op Zypern koum et zu engem Opstand. An dësem Moment hu sech d'Peloponnesier zeréckgezunn[7]. Ënner der Leedung vun Athen ass 477 v. Chr. zum Schutz géint eventuell Iwwergrëffer vun de Perser den attesch-delesche Séibond entstanen, zu dem nieft Athen och griichesch Küstestied an Inselen an der Egäis gehéiert hunn. De Bond, dee sech spéider zu engem Muechtinstrument vun Athen entwéckelt huet, gouf eréischt 404 v. Chr. no der Néierlag vun Athen am Peloponnesesche Krich (zwangsweis) opgeléist.

Den athenesche Strateg a Politiker Kimon konnt 466/465 v. Chr. eng persesch Arméi a Flott beim Eurymedon schloen. Ëm 460 v. Chr. huet Athen 200 Schëffer zur Ënnerstëtzung vun engem Opstand an Egypten geschéckt. Si hunn awer hir Flott verluer, nodeem d'Perser zirka 454 v. Chr. iwwer den Nil e Géigenugrëff zu Memphis op d'Bee gestallt hunn. En anere Feldzuch fir Egypten 450 z'ënnerstëtzen, hat keen Erfolleg, an Zypern gouf opginn.

Ëm 449/448 v. Chr. gouf mat der Ënnerstëtzung vum Perikles de Kalliasfridden tëscht Perser a Griichen ënnerschriwwen. Obschonn déi genee Natur vum Friddensschloss zimmlech onkloer bleift, war d'Resultat d'Onofhängegkeet vun den ionesche Griiche vu Persien, an d'Egäescht Mier war zou fir persesch Krichsschëffer.

D'Perserräich huet och weiderhi versicht, en Hegemonieusproch iwwer d'Griichen auszeüben[8], an an enger Zort "Kale Krich" op diplomateschem oder ökonomeschem Wee, griichesch Stied fir sech ze gewannen. Dëst ass eréischt mam Alexander dem Groussen op en Enn gaangen, dee Persien eruewert huet.

Literatur zun Theema[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Source fir d'Perserkricher ass den Herodot (speziell vum fënnefte Buch un: Ionesch Revolt).

  • Jack Martin Balcer, The Persian conquest of the Greeks (545–450 B.C.). Universitätsverlag, Konstanz, 1995. (ISBN 3-87940-489-5)
  • George Cawkwell, The Greek Wars. The Failure of Persia, Oxford, 2005.
  • Werner Ekschmitt,, Der Aufstieg Athens. Die Zeit der Perserkriege. Bertelsmann, München, 1978. (ISBN 3-570-02431-8)
  • Peter Green, The Greco-Persian wars. UCP, Berkeley, 1996. (ISBN 0-520-20573-1)
  • Tom Holland, Persian Fire: The First World Empire and the Battle for the West. New York, 2005.
  • Olivier Picard, Les Grecs devant la menace perse, Paräis, 1980.
  • Karl-Wilhelm Welwei, Das klassische Athen. Demokratie und Machtpolitik im 5. und 4. Jahrhundert. Primus, Darmstadt, 1999. (ISBN 3-89678-117-0)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perserkricher – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Ionesch Revolt; d'Ënnerstëtzung vun Athen war allerdéngs net wierklech grouss, d'Athener hunn nëmmen 20 Schëffer geschéckt.
  2. Herodot VI,102
  3. Karneia, vgl. Herodot VI,105
  4. Platon, Gesetzer III 6923 D, 698
  5. Vgl. Welwei, op. cit.; d'Zuele vum Herodot si méi héich, mä eleng aus logistescher Hisiicht wéineg zouverlässeg.
  6. Herodot VII,25
  7. Wuel opgrond vun enger Meenungsverschiddenheet wéi ee weider virgoe soll; sougenannte Symmachiewiessel viru Byzanz.
  8. Vgl. Kinneksfridden