Schluecht vu Marathon

Vu Wikipedia
Schluecht vu Marathon
Jean-Pierre Cortot
Le Soldat de Marathon annonçant la victoire (1834).
Datum 12. September 490 v. Chr.1
Plaz Bei Marathon
Resultat athenesch Victoire
Kontrahenten
Athen, Plataiai
Miltiades;
Kallimachos
Perser
Datis †;
Aartaphernes
Kommandanten
{{{Kommandant1}}} {{{Kommandant2}}}
Truppen op der Plaz
5.000 - 8.000 onbekannt
awer net däitlech iwwerleeën
500 - 800 Reider
Verloschter
{{{Verloschter1}}} {{{Verloschter2}}}
Konflikt
Perserkricher


Zu der Schluecht vu Marathon 490 v. Chr. koum et nom Versuch vum persesche Grousskinnek Dareios I., mat engem Expeditiounskorps zu Athen z'intervenéieren, an en Herrschaftswiessel ze bewierken. D'Perserräich ass fir d'éischt Kéier op griicheschem Buedem vum Mammeland opgetrueden, wou et säin Afloss ausbreede wollt.

D'Hannergrënn vun der Schluecht vu Marathon loosse sech am Hibléck op dräi grouss Konfliktfelder beschreiwen: E geopolitescht, e griichescht an en athenescht. All dräi Felder ware matenaner verknëppt.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

D'geopolitesch Ausgangslag am ëstleche Mëttelmierraum[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr. hat d'Perserräich seng politesch Muecht bis op d'Küst vum Mëttelmier ausgebreet an dobäi besonnesch och déi ionesch Poleis vu Klengasien an Deeler vun der egäescher Inselwelt ënner seng direkt Herrschaft bruecht. Ëm 500 v. Chr. huet se sougenannten Ioneschen Opstand ugefaangen, deen d'Herrschaft vu Persien iwwer déi klengasiatesch Griichestied an Ionien a Gefor bruecht huet - Zentrum vun dësem Opstand ware Milet an aner wichteg ionesch Poleis. Representante vun dëse Stied hu beim griichesche Mammeland militäresch a politesch Ënnerstëtzung gesicht. Wärend d'Representante bei der peloponnesescher Virmuecht Sparta keen Erfolleg haten, huet Athen - wat sech grad vun der Peisistratidenherrschaft befreit hat – hir Ënnerstëtzung zougesot, an Truppen an Ionien geschéckt, déi un der Zerstéierung vun der persescher Satrapie, Sardeis, bedeelegt waren. No der Repressioun vun der Ionescher Revolt huet de persesche Grousskinnek Dareios I. d'Griiche vum Mammeland bestrooft. Hien huet fir d'éischt d'Nordflank geséchert, andeems hien 492 v. Chr. en Expeditiounskorps ënner der Leedung vu sengem Eedem Mardonios lassgeschéckt huet. D'Arméi koum erfollegräich duerch Thrakien a Makedonien an hat wuel d'Zil, dës Gebidder an de perseschen Herrschaftsraum anzebezéien, ass allerdéngs gescheitert wéi d'persesch Flott bei engem Donnerwierder um Bierg Athos zerstéiert gouf. Ënner der Leedung vum Datis ass d'persescht Korps fir d'éischt iwwer Samos an Naxos geseegelt, an ass op der Insel Euböa mat der Polis Karystos ukomm. Schlussendlech si si zu Eretria ukomm, wou si dem Platon no d'ganz Bevëlkerung versklaavt hunn. No dësem Evenement ass den Datis géint e weideren Ënnerstëtzer vum Opstand gezunn: Athen. Säin Expeditiounskorps ass an der Bucht vu Marathon u Land gaangen.

D'griichesch Welt virun der Schluecht vu Marathon[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vun der archaescher Period war de griichesche Siidlungsraum vun der Ausbreedung vun der persescher Herrschaft markéiert. Déi ganz ionesch Küst stoung ënner persescher Herrschaft, an den Afloss vum Groussräich ass och an der ägäescher Inselwelt ëmmer méi däitesch ginn (Aigina). Op dem Peloponnes war Sparta déi dominant Hegemonialmuecht un der Spëtzt vun engem zu dësen Zäitpunkt nach relativ labbere Bündnissystem (Peloponnesesch Liga). An de Jore virun der Schluecht vu Marathon war d'Stad duerch e bannepolitesche Konflikt geläämt: d'Ofsetzung an den Doud vum spartanesche Kinnek Kleomenes I..

D'Schluechtfeld vu Marathon haut.

A Mëttelgriicheland huet sech déi nei politesch Uerdnung vun Athen entwéckelt. Versich vun anere griichesche Poleis (Sparta, Chalkis, Theben) den Opstig vun Athen ze verhënneren, haten um Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr. keen Erfolleg. Athen selwer war awer an der griichescher Staatewelt isoléiert an ouni Bündnispartner. D'Relatioune mam peloponnesesche Sparta ware gespaant.

Athen virun der Schluecht vu Marathon[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Stuerz vun der peisistratidescher Tyrannis an der Verdreiwung vum Hippias waren d'Verhältnisser zu Athen an enger éischter Zäit instabil.

Aus dem Kampf vu géignereschen Adelsfraktiounen (Hetairia) ass schlussendlech den Alkmaionid Kleisthenes als Gewënner ervirgaangen, andeems hien zu Athen eng grouss innepolitesch Reform duerchgefouert huet. Den neie System vun der Isonomia huet sech am 5. Joerhonnert zu der Demokratie weiderentwéckelt. Dës nei Uerdnung huet sech an de Jore bis 508 v. Chr géint eng Rei auswäerteg militäresch Interventiounen duerchgesat, a konnt sech behaapten. Gläichzäiteg hat sech den Hippias an de perseschen Herrschaftsberäich zeréckgezunn, an huet op eng Restauratioun vun der Tyrannis gehofft. Am Kader vun der persescher Strofexpeditioun huet den Datis den Hippias mat u Bord geholl - d'Zil vun der persescher Expeditioun schéngt deemno och eng Zerstéierung vun der Isonomia gewiescht ze sinn, déi als innepolitesch Uerdnung mat um Ioneschen Opstand bedeelegt war. Déi persesch Sträitmuecht ass och wuel gerad dowéinst an der Bucht vu Marathon gelant, well ee sech hei Zougang erhofft huet - vun alen Unhänger vun der peisistratidescher Tyrannis, déi traditionell an dëser Regioun vun Attika hir stäerkste Basis haten.

Verlaf vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Hiwwel wou d'Athener no der Schluecht vu Marathon begruewe goufen.

Déi eenzeg zesummenhängend Duerstellung vun der Schluecht vu Marathon kënnt vum griicheschen Historiker Herodot, deen ëm déi siechzeg Joer no den Evenementer geschriwwen huet - zu engem Zäitpunkt, wou d'Schluecht vu Marathon scho villen Ëmdeitungen an Neibewäertungen ausgesat war. Besonnesch Athen huet d'Erënnerung un den éischte Perserkrich, deen d'Athener „eleng“ gewonnen haten, gepflegt. D'Plataier goufe gär vergiess. Well den Herodot sech sécher zu engem groussen Deel op athenesch Quelle verlooss huet, werft säi Rapport vun der Schluecht eng ganz Partie Problemer op, déi eng Rekonstruktioun vum Verlaf vun der Schluecht immens schwiereg maachen. Wat ass wärend der Schluecht mat der Reiderei geschitt ? Wéisou konnten d'Perser sou séier nees op hir Schëffer ? Wéisou hunn d'Athener souwéineg konfiszéiert (nëmme 7 Schëffer) ? Dozou kënnt, datt den Herodot op verschiddene Plazen eendeiteg falsch Informatiounen zeréckginn huet. Dat bekanntst Beispill ass den 8-Stadie-Laf (zirka 1,5 km), deen déi athenesch a plataiesch Hopliten an engem séiere Laf zeréckgeluecht sollen hunn. Aus haiteger Siicht ass dëst komplett onrealistesch a muss als Deel vun der spezifesch athenescher Erënnerung gëllen, déi den Herodot onreflektéiert iwwerholl huet.

Nieft der Haaptquell Herodot gëtt et eng Rei vu klengen Noriichten op verspreete Plazen an der griichescher Literatur, déi zum Deel am oppene Widdersproch zu him stinn.

A sengem Liewensbericht vum Miltiades geet de Cornelius Nepos och op d'Schluecht vu Marathon an. Déi modern Fuerschung geet dovun aus, datt hien eng Beschreiwung vun der Schluecht vum Ephoros virleien hat, soudatt den Nepos, obschonn hien am 1. Joerhonnert v. Chr. gelieft huet, en zimmlech objektive Bericht liwwere konnt. Virun allem däitsch Alhistoriker vun de leschten zwee Joerhonnerten hu sech besonnesch op den Neposbericht gestäipt, obschonn hien a ville Punkten dem Herodot widdersprécht. Sou hu laut dem Nepos d'Perser ugegraff, wärend d'Athener an enger optimal defensiver Stellung bliwwe sinn, soudatt déi persesch Reiderei net zum Asaz komme konnt, oder staark behënnert war.

An engem byzantinesche Lexikon, der Suda, aus dem 10. Joerhonnert, gëtt et och en Abschnitt iwwer d'Schluecht vu Marathon. Am Géigesaz zum Nepos allerdéngs widdersprécht d'Suda dem Herodot manner, mä versicht d'Froen, déi dem Herodot säi Bericht opgeworf huet, ze klären. Hei geet dovu riets, datt d'Päerd fort waren („chorìs hippeîs“, wat vill Historiker sou verstinn, datt dës nees op d'Schëffer bruecht goufen) wouropshin d'Ionier aus der persescher Flott op d'Beem geklomme sinn, an dem Miltiades en Zeeche ginn hunn datt d'Päerd an den Datis fort waren, an dunn huet d'Schluecht ugefaangen. Trotz der Tatsaach, datt dës Quell zirka dräizénghonnert Joer méi jonk wéi d'Schluecht ass, sou huet si dach Opmierksamkeet verdéngt, well vu Byzanz eng Traditiounslinn zu der athenescher Erënnerung féiert.

An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert hunn och Ausgruewunge gehollef, d'Schluechtfeld méi genee ze lokaliséieren - déi genee Plaz an Attika ass an der alhistorescher Fuerschung awer nach ëmmer ëmstridden, well bestëmme Landmarkéierunge wéi den Temenos vum Herakles, deen am Rapport vum Herodot eng wichteg Roll spillt, archeologesch net eendeiteg lokaliséiert sinn.

Virbereedung op d'Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Dem Herodot no hunn d'Perser fir hir Landung d'Bucht vu Marathon gewielt, well den Hippias, deen zwanzeg Joer virdrun aus Athen verdriwwe gi war, hinnen dozou geroden huet. D'Plaz huet gënschteg geschéngt, well si knapps véier Meile vun Athen ewech war, soudatt d'Athener, wa si d'Landung bemierke géifen, emol misste mat hirer Arméi dohigoen, wärend d'Perser scho komplett gelant waren. Ausserdeem war de Plateau eng strateegesch gutt Plaz fir de Perser hir stäerkste Waff: hir Reiderei.

Archeologesch Ausgruewungen: E korintheschen Helm zesumme mat engem Doudekapp, deen am Helm fonnt ginn ass.

Den Herodot erzielt, datt nodeem d'Griiche vun der Landung vun de Perser an der Bucht vu Marathon woussten, fir d'éischt en athenesche Leefer mam Numm Pheidippides op Sparta geschéckt ginn ass, fir d'Spartaner ëm militäresch Hëllef ze froen. Anscheinend sollen d'Spartaner ze spéit fortgezu sinn, well si nach de Vollmound ofwaarde wollten, a sinn sou eréischt dräi Deeg no der Schluecht mat zweedausend Hopliten ukomm. Dës Legend war eng athenesch Produktioun an ass wuel an der Mëtt vun 5. Joerhonnert v. Chr. entstanen, fir Sparta als Hegemonialmuecht a Griicheland ze diskreditéierten. Dräi komplett verschidde Versioune beim Herodot, Platon an Isokrates weisen, datt et weeder eng Eenegkeet iwwer de Grond vun der Verspéidung nach iwwer hir Dauer gouf. Ënnerstëtzung krut Athen nëmme vun der Polis Plataiai am athenesch-boiotesche Grenzgebitt, woubäi an der Fuerschung ëmstridden ass, ob Plataiai deemools vläicht schonn an den athenesche Staateverband inkorporéiert war. 1000 Hopliten aus Plataiai hunn op jiddwer Fall d'Athener ënnerstëtzt, déi selwer mat 9.000 Hopliten op der Plaz solle gewiescht sinn.

Den Auszuch aus der Stad gëtt beim Nepos engem Volleksentscheed zougeschriwwen, deen op en Antrag vum Miltiades soll zustane komm sinn, awer warscheinlech eréischt méi spéit konstruéiert gouf. D'athenesch Arméi ass op d'Ebene vu Marathon gezunn, an huet hiert Quartéier beim Hellegtum vum Herakles opgeschloen, dee fir déi lokal Identitéit vun den Awunner vun dëser Géigend wuel eng immens wichteg Roll gespillt huet, an och d'Ënnerstëtzung vum Heros an der Schluecht séchere sollt. Donieft huet sech d'Hellegtum als Defensivstellung ugebueden, vu wou aus een déi persesch Landung an der Bucht beobachte konnt. Dem Herodot no solle sech d'Arméien e puer Deeg géintiwwer gestanen hunn, ouni datt eppes geschitt ass. Spéider Quelle schwätzen allerdéngs vun engem athenesche Stuermugrëff. Dem Herodot no soll d'Entscheedung fir d'Schluecht an engem Krichrot vun de Stratege gefall sinn, an deem de Strategos Miltiades dem Uewerkommandant, Archon Polemarcho, Kallimachos dovu soll iwwerzeegt hunn, nat senger Stëmm den Ausschlag fir en Ugrëff ze sinn. Dës Erzieltraditioun ass wuel an der Mëtt vum 5. Joerhonnert v. Chr. entstanen, wéi dem Miltiades säi Jong Kimon zu Athen eng Féierungspositioun hat, an den Undeel vu sengem Papp un der Victoire vu Marathon vis-à-vis vum Kallimachos senger Roll ervirhiewe wollt. D'Grënn wéisou Athen déi geséchert Defensivstellung opginn huet, an ugegraff huet, gehéieren zu de grousse Rätsele vun der Schluecht. Et gëtt ugeholl datt déi persesch Truppe sech méiglecherweis schonn zeréckgezunn haten, fir en direkten Ugrëff op Athen ze woen. Spéider Quellen, wéi de Cornelius Nepos, déi warscheinlech op de griicheschen Historiker Ephoros zeréckginn, erzielen datt d'Perser d'Schluecht ugefaangen hunn. An dësem Fall hätt déi athenesch Traditioun déi eege Victoire noch doduerch opgewäert, datt den Ugrëff vun den eegenen Truppe komm ass.

Den Datum vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

De geneeën Datum vun der Schluecht ass onsécher. Déi traditionell Rekonstruktioun geet vum 12. September 490 v. Chr. aus, ka sech dobäi awer ausschliisslech op Berechnunge vun de Vollmoundphase vun dësem Joer stäipen. Dës Berechnung kënnt duerch de Rapport vum Herodot, no deem d'Spartaner op de Vollmound waarde wollten, an dräi Deeg duerno an Attika ukomm sinn. Dës Episod gëtt vun anere Quellen anescht gezielt, an ass warscheinlech onhistoresch. Deemno entfällt de Vollmound als Unhaltspunkt fir d'Datéierung. D'Athener hunn de 6. Boedromion drop hiert Marathon-Fest gefeiert, an an der Antiquitéit huet dësen Dag och als Joresdag vun der Schluecht gezielt. Dëst kann awer och nëmmen den Dag gewiescht sinn, wou d'athenesch Arméi lassgezunn ass. Deemno kann e geneeën Datum net rekonstruéiert ginn, an d'Schluecht war wuel - no haiteger Zäitrechnung - Enn August bis Mëtt September 490 v. Chr.

En Team ronderëm den Donald Olson vun der Texas State University-San Marcos huet 2004 en neie Versuch gemaach, den Datum mat der Hëllef vun de Moundphasen ze bestëmmen. Den atteschen an de spartanesche Kalenner waren zwar allebéid op Moundphasen opgebaut, mä de spartanesche Kalenner huet méi spéit ugefaangen, méi genee nom éischte Vollmound no der Equinoxe am Hierscht ugefaangen. Am Joer 491/490 v. Chr. gouf et zéng Vollméind amplaz vun den gewinnten néng, dowéinst ass de spartanesche Kalenner ee Mount virum athenesche Kalenner gewiescht, an deemno wier et schonn am August 490 zu der Schluecht komm.

D'Schluecht vu Marathon[änneren | Quelltext änneren]

Luc-Olivier Merson, Le Soldat de Marathon.

D'Stäerkt vun der athenescher Arméi louch an der Hoplitephalanx (Infanterie), dogéint haten d'Perser virun allem d'Nues fir bei de Liichtbewaffneten (Bouschëtzen) an der Reiderei. Erstaunlecherweis soll dem Herodot no d'Reiderei guer net zum Asaz komm sinn, dogéint stellt de Cornelius Nepos hiert Agräifen an d'Schluecht duer. Datt d'Reiderei bei dëser Schluecht anscheinend keng nennenswäert Roll gespillt huet, gëtt meeschtens doduerch erkläert, datt entweeder d'Kavallerie Problemer mam Terrain hat, wéi den Nepos et duerstellt, oder datt d'Päerd schonn op de Schëffer waren, wéi d'Perser ugegraff goufen, wat d'Suda erzielt. D'Päerd op d'Schëffer ze luede war opwänneg, a gouf dowéinst fir d'éischt gemaach, éier d'Männer u Bord gaange sinn. Wann d'Griichen d'Perser tatsächlech an deem Moment ugegraff hunn, wéi d'Perser sech zeréckzéie wollten, sou hätt d'persesch Reiderei och net kënnen agräifen.

Dem Herodot no waren d'athenesch Fligen däitlech méi staark wéi hiert Mëttelfeld. Déi persesch Bouschëtze waren dësem massive Stuermlaf vun der Phalanx net gewuess - datt déi griichesch Hoplite wierklech am Lafschrëtt ugegraff hunn, ass allerdéngs op Grond vun hirer Bewaffnung an der Noutwendegkeet d'Formatioun ze halen, onméiglecht. D'Mëttelfeld mat de perseschen Elitetruppe gouf vun de Fligelen ugegraff, a konnt d'Stellung net halen. Athenesch Eenheete sollen nogesat hunn, a siwe Schëffer eruewert hunn. Dobäi soll den Archon Polemarchos Kallimachos als Uewerkommandant ëm d'Liewe komm sinn. Iwwer d'Schicksal vu sengem persesche Kontrahent Datis gëtt et widderspréchlech Informatiounen. Spéidere Quellen no soll och hien ëm d'Liewe komm sinn.

Hallefwegs sécher ass, datt d'Zuel vun den athenesche Vollbierger, déi an der Schluecht gefall sinn, bei 192 louch. A spéiderer Zäit huet eng grouss Lëscht d'Nimm vun den Doudegen opgezeechent. Eng keeserzäitlech Ofschrëft gouf an enger Villa vum Herodes Atticus fonnt, si gouf awer nach net verëffentlecht. Onkloer ass, wéi vill Sklaven a Plataier op athenescher Säit ëm d'Liewe komm sinn. Bei de Perser schwätzt den Herodot vu 6400 Affer - well dës awer exakt 33,33-mol méi Affer sinn, wéi op athenescher Säit, ass dës Zuel mat Virsiicht ze genéissen.

Zeréck op Athen[änneren | Quelltext änneren]

No der Schluecht ass déi ganz athenesch Arméi nees séier zeréck op Athen gaangen, fir d'Stad géint e weidere perseschen Ugrëff ze sécheren. Doraus gëtt kloer, datt d'Schluecht selwer wuel nëmmen en éischt Treffe gewiescht ka sinn, an datt d'persescht Expeditiounskorps nach ëmmer ugrëffsfäeg war. Nodeem d'Hopliten awer nees zu Athen ukomm waren, koum et zu kengem weideren Ugrëff.

Sail vun der Schluecht vu Marathon (Rekonstruktioun).

De Rapport iwwer en athenesche Leefer, deen d'Victoire mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, ass eng Erfindung aus dem 4. Joerhonnert v. Chr. D'Legend vum Marathonlaf ass beim Herodot - der wichtegster Quell - net beluecht. Eréischt a réimesch-keeserlechen Zäite gëtt dovun erzielt. D'Legend selwer geet awer wuel op den Herakleides Pontikos zeréck. D'Nimm vum Leefer si jee no Iwwerliwwerung verschidden. Déi selwecht Legend gëtt als Ursprong fir wichteg Waffeleef a bal allen Deeler vun der griichescher Welt erzielt, soudatt et no läit, datt och d'Erzielung vum Marathonleefer opkomm ass, fir e Waffelaf als Concours historesch ze begrënnen.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Néierlag vu Marathon war de persesche Versuch, den Hippias zu Athen nees anzesetzen, an d'Stad fir hir Ënnerstëtzung am Ioneschen Opstand ze bestofen, gescheitert. Fir d'Perser war et en onglécklecht Gefecht um Bord vu sengem Aflossberäich. De britteschen Dichter Robert Graves huet a sengem Gedicht The Persian Version vun 1959 geschriwwen: Truthloving Persians do not dwell upon / the trivial skirmish fought near Marathon. Der Versuch vum Xerxes I. zéng Joer méi spéit hat e ganz anert Zil, nämlech ganz Griicheland ënner persesch Herrschaft ze bréngen.

An der aktueller Fuerschung ass awer och d'Usiicht vertrueden, datt d'Victoire vu Marathon duerchaus e Prezedenzcharakter hat. D'Argumentatioun geet an déi Richtung, datt d'Perserräich mat Widderstand géint eegen Eruewerunge bis dohi kaum ëmgoe konnt.

Athen huet d'Schluecht mat ville Legenden a Mythen dekoréiert, an zu engem Schlësselevenement vun hirer eegener Geschicht gemaach, Marathon huet eng grouss Roll fir hir Staatspolitik gespillt (Attesch Demokratie), awer och fir déi historesch Legitimatioun vun den eegenen hegemonialen Uspréch a Griicheland (Attesche Séibond). Baussent Athen gouf der Polis dogéint virgehäit, d'Schluecht vill ze vill opzewäerten, fir domat eegen Herrschaftsurspréch ze begrënnen. Sou huet den Historiker Theopomp am 4. Joerhonnert v. Chr. festgestallt, datt d'Athener vill falsch Behaaptungen iwwer d'Schluecht opgestallt hunn. A Wierklechkeet, sou den Theopomp, war et "nëmmen eng kleng onbedeitend Schluecht op der Plage".

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Jung, "Marathon und Plataiai. Zwei Perserschlachten als „lieux de mémoire“ im antiken Griechenland", in: Hypomnemata. Untersuchungen zur Antike und zu ihrem Nachleben; Band 164, Göttingen, 2006.
  • Hans-Joachim Gehrke, "Marathon (490 v. Chr.) als Mythos. Von Helden und Barbaren", in: Schlachtenmythen. Ereignis – Erzählung – Erinnerung, Köln, Weimar, Wien, 2003.
  • Norman A. Doenges, "The Campaign and Battle of Marathon", in: Historia 47, 1998.
  • James A. S. Evans, "Herodotus and Marathon", in: Florilegium 6, 1984.
  • James A. S. Evans, "Herodotus and the Battle of Marathon", in: Historia 42, 1993.
  • Martin Flashar, "Die Sieger von Marathon – zwischen Mythisierung und Vorbildlichkeit", in: Retrospektive. Konzepte von Vergangenheit in der griechisch-römischen Antike, München 1996. (ISBN 3-930609-08-8)
  • Peter Green, The Greco-Persian Wars, Univ. of California Press, Berkeley, 1996. (ISBN 0-520-20573-1)
  • Nicholas G.L. Hammond, "The Campaign and the Battle of Marathon", in: Journal of Hellenic Studies 88, 1968.
  • Karl-Joachim Hölkeskamp, "Marathon – vom Monument zum Mythos", in: Gab es das griechische Wunder? Griechenland zwischen dem Ende des 6. und der Mitte des 5. Jahrhunderts v. Chr., Mainz, 2001. (ISBN 3-8053-2710-2)
  • W. Kendrick Pritchett, "Marathon" in: University of California Publications in Classical Archaeology 4, 1960.
  • Karl-Wilhelm Welwei, Das klassische Athen. Demokratie und Machtpolitik im 5. und 4. Jahrhundert. Wiss. Buchgesellsch., Darmstadt, 1999. (ISBN 3-534-12976-8)
  • Josef Wiesehöfer, „Griechenland wäre unter persische Herrschaft geraten...“. Die Perserkriege als Zeitenwende?, Zeitenwenden, Hamburg, 2002.
  • Hans Delbrück, Geschichte der Kriegskunst „Das Alterum“ und „Die Germanen“, Hamburg, 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schluecht vu Marathon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.