Kinnekräich Makedonien

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Kinnekräich Makedonien. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Makedonien.

D'Kinnekräich Makedonien war en antike Staat op der Balkanhallefinsel, deen tëscht der Mëtt vum 7. Joerhonnert an 168 v. Chr. existéiert huet.

Nom Alexander dem Grousse war Makedonien den Ursprong vun der Expansioun vum Hellenismus an Asien um Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr. Hautdesdaags läit dat aalt Kinnekräich am Nordoste vu Griicheland an der Regioun Makedonien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Urspréng[änneren | Quelltext änneren]

Déi antik Makedonier hu scho virum Klasseschen Zäitalter am Süde vu Makedonien gewunnt. Den éischte makedonesche Staat ass am 8./7. Joerhonnert v. Chr. ënner den Argeaden entstanen. Als éischte Kinnek gouf de Perdikkas I. notéiert. An der Zäit vum Alexander I. vu Makedonien huet d'Land eng Expansioun an Eordaia, Bottiaia, Pieria, Mygdonia an Almopia materlieft. An der Géigend vun der moderner Stad Veria huet de Perdikkas I. (oder säi Jong Argaios I.) seng Haaptstad Aigai baue gelooss (haitegt Vergina).

Sonn vu Vergina, d'Symbol vum makedonesche Kinnekräich.

No enger kuerzer Period ënner perserscher Herrschaft ënner dem Dareios huet de Staat seng Onofhängegkeet ënner dem Kinnek Alexander I. (495450) nees zeréckgewonnen. Virum 4. Joerhonnert v. Chr. wat d'Kinnekräich ongeféier sou grouss, wéi déi haiteg griichesch Regioun Makedonien. An dëser Period gouf d'Land och staark helleniséiert.

Ënner dem Kinnek Amyntas III. (zirka 393370) koum et zu enger Unifikatioun vum Kinnekräich, och wann et nach ëmmer staark Kontraster tëscht dem räiche Küstegebitt an dem isoléierten Hannerland gouf, wat mam Kinnek duerch Bestietnesser alliéiert war. Den Amynstas hat dräi Jongen; déi éischt zwee, den Alexander II. an de Perdikkas III. hunn nëmme fir eng kuerz Zäit regéiert. Dem Perdikkas III. säin Ierwen a Jong, den Amyntas IV. war mannerjäreg wéi säi Papp gestuerwen ass, a sou koum de Philippe II., Brudder vum Amyntas III. op den Troun, an huet Makedonien an eng Period vun Dominanz iwwer Griicheland gefouert.

D'Expansioun[änneren | Quelltext änneren]

Philippe II., Kinnek vu Makedonien.

Ënner dem Philippe II. (359336), huet sech den Territoire vu Makedonien op Deeler a Paionia, Thrakien an Illyrien erweidert. Nieft aneren Eruewerungen huet de Philippe II. d'Regioune vu Pelagonia an de Süde vu Painoia annektéiert[1].

Makedonien huet sech politesch an de südlech-zentrale Poleis vum ale Griicheland agemëscht, mä hat och archaiesch Deeler wéi d'Palais-Kultur zu Aigai a Pella, déi éischter der mykenescher Kultur wéi der klassescher Kultur geglach hunn. De Philippe hat och méi wéi nëmmen eng Fra, zousätzlech zu der Mamm vum Alexander, der Olympias.

E weidert Relikt aus archaiescher Zäit war d'ierflech Monarchie, déi deelweis d'absolut Muecht hat, och wann e Géigegewiicht a Form vum Adel do war. Dëst war e grousse Kontrast zu der griichescher Kultur weider südlech, wou déi meescht Poleis aristokratesch oder demokratesch Institutiounen haten ; d'de facto Monarchie vun den Tyrannen, wou d'Ierfschaft éischter eng Ambitioun wéi d'Reegel war, an d'limitéiert Muecht vun de Kinneke vu Sparta waren aner Regierungsformen, déi dach staark verschidde vu Makedonie waren. Feudal Institutioune wéi d'Leifeegeschaft hunn a Makedonien nach laang iwwerdauert, an de griichesche Poleis goufe si ewell laang virum Opstig vu Makedonien ofgeschaaft[2].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Philippe II. vu Makedonien.

D'Räich vum Alexander dem Groussen.

Dem Philippe säi Jong Alexander (356323 v. Chr.) konnt d'makedonesch Muecht wäit iwwer d'Grenze vu Griicheland eraus verbreeden, ënner anerem am Perserräich, an Egypten a bis un d'Grenze vun Indien. Den Alexander huet d'Gouvernementer vun den Territoiren, déi hien eruewert hat, ugeholl, an d'griichesch Kultur an d'Sprooch huet sech am ganze Räich verbreet[3]. Kuerz no sengem Doud ass d'Räich a vill kleng hellenistesch Kinnekräicher zerfall[4], allerdéngs huet dëst net verhënnert, datt den Alexander eng grouss Ierfschaft hannerlooss huet, déi d'hellenistesch Period agelaut huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Alexander de Groussen an am Artikel Diadochekricher
Obschonn d'ganzt Räich ënner de Genereel vum Alexander opgedeelt gi war, de sougenannten Diadochen, ass Makedonien e wichtegen an ëmstriddenen Territoire bliwwen. Den Antipatros a säi Jong Kassander konnten d'Muecht fir eng Zäit u sech rappen, mä nom Kassander sengem Doud 297 v. Chr. koum et op en Neits zu Onrouen. Eng Zäit war den Demetrios I. Poliorketes um Troun (294288) mä d'Land ass an de Biergerkrich gefall.

Dem Demetrios säi Jong Antigonos II. Gonatas (277239) konnt d'Uerdnung an de Wuelstand nees hierstellen, a sech och géint d'Galater behaapten, mä huet awer d'Kontroll iwwer vill griichesch Poleis verluer. Hien huet eng stabil Monarchie op d'Bee gestallt, an de Grondstee fir d'Dynastie vun den Antigonide geluecht. Säin Nofollger Antigonos III. (239221) konnt dorop opbauen, mä déi nei Muecht war vu kuerzer Dauer, d'Réimer stounge scho virun der Dier.

Néierlag géint Roum[änneren | Quelltext änneren]

D'Kinnekräich vum Philippe V. ëm 200 v. Chr.

D'Herrschaft vun de leschte Kinneke vu Makedonie war e Kampf ouni Enn géint Roum, wat ëmmer méi mächteg ginn ass.

De Philippe V. war en energesche Monarch, dee fir d'éischt an engem Krich tëscht den Aitolier an den Achaier, dem Krich vun den Alliéierten, deen 217 v. Chr. op en Enn gaangen ass. Am éischte makedonesch-réimesche Krich war de Philippe V. den Alliéierte vum Hannibal, d'Resultat war datt Illyrien tëscht Roum a Makedonien 205 v. Chr. opgedeelt ginn ass.
Am zweete makedonesch-réimesche Krich war bal ganz Griicheland an enger Allianz mat Roum, an d'makedonesch Phalanx huet sech zu Kynoskephalai 197 misse geschloe ginn. E Joer drop huet Roum dem Philippe V. de Friiden opgezwongen, an hien huet op Griicheland an Thessaloniki misse verzichten.

De Perseus huet de Krich weidergefouert, mä hat net déi selwecht Qualitéite wéi säi Papp. Den drëtte Krich tëscht Roum a Makedonien huet mat engem Desaster opgehalen. Nodeem d'Makedonier bei Pydna 168 geschloe goufen, gouf de Perseus vum réimesche Generol Lucius Aemilius Paullus Macedonicus gefaange geholl, an op Roum verschleeft.

149/148 v. Chr. koum et zu enger véierter Ausernanersetzung tëscht Roum a Makedonien duerch eng Revolt vum Andriskos. 142 v. Chr. huet e weideren Aventurier, dee sech Philippe genannt huet, versicht eng Revolt wéi déi vum Andriskos unzestëppelen, hat awer kee Succès. Hie gouf vum Lucius Tremellius festgeholl an zum Doud verurteelt.

Makedonien gouf fir d'éischt a véier Distriker ënnerdeelt, an duerno zu enger réimescher Provënz am Joer 148 v. Chr., der Provënz Macedonia.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Eugène Cavaignac, Histoire de l'Antiquité. III, La Macédoine, Carthage et Rome (330-107), Fontemoing, Paräis, 1914.
  • Ernst Curtius, Histoire grecque. V, La Macédoine et la Grèce, Ernst Leroux, Paräis, 1883.
  • Miltiade B. Hatzopoulos, Philippe de Macédoine, Ekdotike athenon, Athen, 1992. (ISBN 960-213-250-7)
  • Pierre Juhel, L'armée du royaume de macédoine à l'époque hellénistique (323-148 av. J.-C.), Thees op der Universitéit Paris IV Sorbonne ënner der Direktioun vum André Laronde, 2007.
  • Georges Le Rider, Alexandre le Grand, PUF, Paräis, 2003. (ISBN 2-13-052940-2)
  • Geneviève Rives-Gal, Funérailles, politique et idéologie monarchique dans le royaume de Macédoine de Philippe II à Demetrios Poliorcete (336-283 av.J.C.), Presses universitaires du Septentrion, Villeneuve d'Asq, 2003. (ISBN 2-284-00619-1)
  • Stephen V. Tracy, Athens and Macedon: Attic letter-cutters of 300 to 229 B.C., Berkeley, London, 2003. (ISBN 0-520-23333-6)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Makedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Haut d'Distrikter Monastir/Bitola a Gevgelija an Nordmazedonien.
  2. Besonnesch duerch den athenesche Legislateur Solon mat senge berüümte σεισάχθεια Seisachtheia Gesetzer.
  3. Vgl. Hellenismus.
  4. Vgl. Diadochekricher.