Makedonien (Griicheland)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der griichescher Regioun Makedonien. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Makedonien. |
Makedonien Μακεδονία | ||||||||
| ||||||||
| ||||||||
Land: | Griicheland | |||||||
Haaptstad: | Thessaloniki | |||||||
Verwaltungsbezierker: | Westmakedonien Zentralmakedonien Ostmakedonien | |||||||
Bevëlkerung: | 2,492,232 (2001 Zensus[1]) 2,625,681(Schätzung)[2] | |||||||
Fläch: | 34,177 km² | |||||||
Bevëlkerungsdicht: | 77 Aw./km² | |||||||
Um Spaweck: | Ministère fir Makedonien an Thrakien | |||||||
|
Makedonien (Μακεδονία / Makedonía) ass déi gréisst griichesch Regioun mat 34.177 km² an 2.625.681 Awunner (2006).
Haaptstad an och gréisst Stad vu Makedonien ass Thessaloniki.
Hautdesdaags läit déi griichesch Regioun Makedonien an dat aalt Kinnekräich Makedonien am Nordoste vu Griicheland.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kinnekräich Makedonien.
D'Kinnekräich Makedonien war en anticke griichesche Staat op der Balkanhallefinsel, deen tëscht der Mëtt vum 7. Joerhonnert an 168 v. Chr. existéiert huet.
Nom Alexander dem Grousse war Makedonien den Urspronk vun der Expansioun vum Hellenismus an Asien um Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr.
Urspréng
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Kinneke vu Makedonien.
Déi antik Makedonier hu scho virum Klasseschen Zäitalter am Süde vu Makedonien gewunnt. Den éischte makedonesche Staat ass am 8./7. Joerhonnert v. Chr. ënner den Argeaden entstanen. Als éischte Kinnek gouf de Perdikkas I. notéiert. An der Zäit vum Alexander I. vu Makedonien huet d'Land eng Expansioun an Eordaia, Bottiaia, Pieria, Mygdonia an Almopia materlieft. An der Géigend vun der moderner Stad Veria huet de Perdikkas I. (oder säi Jong Argaios I.) seng Haaptstad Aigai baue gelooss (dat haitegt Vergina).
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Makedonesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen:
- Westmakedonien (Ditiki Makedonia, Δυτική Μακεδονία)
- Zentralmakedonien, (Kentriki Makedonia, Κεντρική Μακεδονία)
- Pella, (Πέλλα) 5.
- Imathia, (Ημαθία) 6.
- Pieria, (Πιερία) 7.
- Kilkis, (Κιλκίς) 8.
- Thessaloniki, (Θεσσαλονίκη) 9.
- 10. Chalkidike, (Chalkidiki, Χαλκιδική)
- 11. Serres, (Σέρρες)
- Ostmakedonien, (Anatoliki Makedonia, Ανατολική Μακεδονία)
- an d' Regioun Bierg Athos, (Ajion Oros, Άγιον Όρος)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Offiziellen Zensus vun 2001 Quell: National Statistical Service of Greece (ΕΣΥΕ), (PDF vu www.statistics.gr 875 KB)
- ↑ 2006
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Geschicht vu Makedonien.
- (de) "Makedonien" am Meyers Konversations-Lexikon.
- (de) Bibliotheca Augustana.
- (fr) Makedonien ënner dem Philippe II.
Commons: Makedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit. |