Aristagoras

Vu Wikipedia

Den Aristagoras war en Tyrann vu Milet am 6. a fréien 5. Joerhonnert v. Chr.

Hie war de Jong vum Molpagoras an de Schwoer vum Histiaeus deen d'Perser als Tyrann vu Milet agesat haten. Den Aristagoras koum un d'Muecht wéi den Histiaeus Conseiller vum persesche Grousskinnek Dareios I. gouf. Wéi Naxos sech 502 géint d'Perser revoltéiert huet, hunn d'Perser vun der Insel den Aristagoras ëm Hëllef geruff, an domat war hien direkt d'Accord, an der Hoffnung selwer Herrscher iwwer d'Insel kënnen ze ginn. Zesumme mam Artaphernes, Satrap vu Lydien, huet hie sech mat enger Flott op de Wee gemaach. Allerdéngs krut den Aristagoras sech mam Kapitän vun der Flott Megabates an d'Hoer deen doropshi Naxos virgewarnt huet a sou war déi ganz Expeditioun eng Néierlag.

Aus Angscht virun de Perser huet sech den Aristagoras mat den Ionier zesummegedoen an en Opstand un d'Rulle bruecht. 499 gouf den Aristagoras zu Milet vum gréissten Deel vun der Bevëlkerung ënnerstëtzt. Amplaz vun der Tyrannis gouf eng Demokratie op d'Bee gestallt a kuerz drop huet sech d'Revolt a ganz Ionien verbreet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ionesch Revolt.

Doropshin huet sech den Aristagorasop de Wee a Griicheland gemaach, fir weider Ënnerstëtzung ze sammelen. Zu Sparta huet hie sech mam Kinnek Kleomenes getraff a versicht hien z'iwwerzeege mat den Argumenter datt d'Perser eng schwaach Arméi hätten an datt et vill Räichtemer fir d'Männer ze huele géif ginn. De Kleomenes war allerdéngs anerer Meenung an huet d'Offer zeréckgewisen. Méi Gléck hat den Aristagoras zu Athen well, wann een dem Herodot gleewe kann, ass et méi einfach, eng ganz Versammlung vun Athener z'iwwerzeegen, wéi ee spartanesche Kinnek.

Mat der Hëllef vun den Athener huet den Aristagoras Sardis ugegraff, d'persesch Haaptstad an Ionien. Mä déi ganz Revolt war eng Néierlag fir d'Griichen, an den Aristagoras huet sech duerch d'Bascht gemaach. An Thrakien huet hie versicht eng Kolonie ze grënnen, do wou spéider d'Athener Amphipolis grënne wäerten.

Schlussendlech gouf hie vun Thrakier ëmbruecht wéi hien eng thrakesch Stad ugegraff huet.

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.