Thukydides (Historiker)

Vu Wikipedia
All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Thukydides

Den Thukydides, gebuer ëm 460/455, a gestuerwen ëm 399, war e griicheschen Historiker.

Berüümt gouf hien duerch säi Wierk iwwer d'Geschicht vum Peloponnesesche Krich. Als direkten Zeie vum Krich, deem seng Bedeitung hie scho fréi erkannt huet, huet e säi Wierk am Exil an Thrakien niddergeschriwwen. Am Géigesaz zum Herodot wollt hien nëmmen dat opschreiwen, wat wierklech geschitt ass. Säin Zil war et, en kloren Text ze hunn, deen op d'Géigewaart bezunn ass. Allerdéngs léisst en der Tyche, dem Zoufall, en grousse Spillraum. Säi Wierk huet eng kloer Struktur, ass an engem relativ niichterne Stil geschriwwen a weist eis seng vill Quellen déi hie benotzt huet. Säi Wierk, dat aus 8 Bicher besteet, gëtt meeschtens an 5 Deeler opgedeelt: 1) Introduktioun, 2) Archidamesche Krich, 3) De Fridde vum Nikias, 4) D'Expeditioun a Sizilien, 5)Dekeleësch-Ionesche Krich. Dat 8. Buch hält abrupt am Joer 411 op, wourun den Historiker Xenophon a senger Hellenika uknäppt.

Fir den Thukydides ass ee vun den Haaptgrënn déi zum Krich gefouert hunn, d'Hegemonie vun Athen wat Sparta sech net méi wollt gefale loossen. Den Athener Perikles ass fir hien de Prototyp vum grousse Staatsmann, och wann dësen Athen an de Krich gefouert huet.

Net zu Onrecht gëtt dacks behaapt, datt dem Thukydides säi Wierk zu engem vun de bedeitendste Geschichtswierker vun allen Zäiten zielt, an och nach groussen Afloss hautdesdaags huet. Natierlech muss een oppassen dem Thukydides dowéinst net blann ze vertrauen, och hie konnt net alles wëssen (zum Beispill feelt a sengem Wierk de Kalliasfridden) mä et ass virun allem seng Objektivitéit déi hien zu engem groussen Historiker gemaach huet.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Thukydides, Der Peloponnesische Krieg, Reclam, ersg. vun H. Vrestka a W. Rinner, Stuttgart, 2000. ISBN 3-15-001808-0
  • Thukydides, La Guerre du Péloponnèse, folio classique, Paräis, 2000. ISBN 2-07-040068-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thucydides – Biller, Videoen oder Audiodateien