Op den Inhalt sprangen

Bodrum

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bodrum
Land Tierkei
Vewaltungseenheet Muğla ili
Awunner 175.000
  2020
Fläch 557 km²
Héicht 10 m
Koordinaten 37°2'2"N, 27°25'52"O
Postcode 48x xx
Websäit http://www.bodrum.bel.tr

Bodrum ass een tierkeschen Hafen am Golf vu Gokova vis-à-vis vun der griichescher Insel Kos. Bodrum huet 175.000 Awunner (Stand 2020)[1] a läit an Anatolien, an engem Deel vu Klengasien dee fréier als Karien bekannt war.

An der Antiquitéit huet Bodrum Halikarnassos geheescht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Halikarnassos.

Hautdesdaags ass Bodrum virun allem bei den Touriste ganz beléift.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Bodrum stoung de Mausoleum deen zu de Siwe Weltwonner gezielt gëtt. Et handelt sech hei ëm dat monumentaalt Graf vum Kinnek Mausolus. De Mausolus war e persesche Satrapp (eng Aart Gouverneur) a Kinnek vu Caria a Klengasien (376-353 v. Christus). Hie war relativ onofhängeg an hat sech zwar géint den Artaxerxes II revoltéiert, mä huet duerno mat de Perser gemeinsam Saach gemaach. Dat huet him erlaabt, seng Pouvoire bis op Rhodos ze vergréisseren. De Mausoleum gouf vu senger Schwëster, der Artemisia, déi gläichzäiteg seng Fra war, nom Doud vum Mausolus opgeriicht, an zwar opgrond vu sengen eegene Pläng.

De Mausoleum war eng 45 m. héich, véiereckeg Konstruktioun mat enger Grafkummer bannendran. Vum Mausoleum sinn allerdéngs nëmme méi d'Fëllementer iwwereg. D'Steng vun der Konstruktioun sinn am 15. Joerhonnert fir aner Zwecker gebraucht ginn, an zwar fir den Ausbau vum Schlass St. Pierre.

Buerg St. Pierre

[änneren | Quelltext änneren]

Zougang a Verkéier

[änneren | Quelltext änneren]

Bodream ou rêve de Bodrum, Jean-Pierre Thiollet, Anagramme Éditions, 2010, (ISBN 2-35035-279-4)

 Commons: Bodrum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.