Keltesch Adelsgriewer vu Giewel-Nouspelt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Konschtvoll dekoréierten Eemer, fonnt an der Grafkummer B. (haut am MNHA).

Bei de Kelteschen Adelsgriewer vu Giewel-Nouspelt handelt et sech ëm fënnef Hiwwelgriewer an aacht méi kleng Griewer aus der Zäit vun de Kelten.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Bei engem Trëppeltour an der Rockelsdréisch, engem Bësch tëscht Giewel a Nouspelt sinn dem Paschtouer Georges Kayser onnatierlech Erhiewungen am Buedem um Tracé vun der zukünfteger Sebes-Waasserleitung opgefall. Am Summer 1966 huet hien ugefaangen, déi Hiwwelen auszegruewen a véier räich Griewer entdeckt. 1993 gouf dat weidert Ëmfeld vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ënnersicht. D'Verdeelungsplaz a weider Griewer goufe fonnt. De Kierfecht besteet aus am Ganze fënnef Hiwwelgriewer an aacht méi klénge Griewer.

D'Hiwwelgriewer si Fürstegriewer mat iwwer 100 Beigaben. Schwäerter a Spuere weisen, datt véier vun de Verstuerwenen zur treverescher Kavallerie gehéiert hunn. Dat zweet Graf (B) war dat mat de meeschten Objeten. D'Kummer war aus Eechenholz a mat engem Tumulus bedeckt. Dora waren déi kreméiert Iwwerreschter vun engem Mann, warscheinlech an engem organesche Behälter, ënnerbruecht. Zu den Objeten, déi dra fonnt goufen, zielen Fibulaen aus Bronze, Sporen, e Kessel aus Bronze an Eisen, trevirescht Aulegeschier, en Dolium, zwéin Eemeren aus Holz vum Franséische Pällem, déi mat dekoréierte Réng aus Holz zesummegehale goufen, zwéi Réng fir eppes opzehänken, an e Schwäert. Nieft deenen Objeten, déi aus der Géigend waren, goufen och bronze Geschier aus Italien, dat mam Wäin ze dinn hat (Kréi, Biitchen, Sift), fonnt, sou wéi och Keramiksgeschir aus Gallien. Dëst bezeit den Iwwergang vun der keltescher zu der gallo-réimescher Kultur.[1]

Am 5. Graf gouf eng treveresch Prinzessin begruewen. Geaffert Mënzen aus der Mëtt vum 2. Joerhonnert weisen, datt et sech ëm eng ganz wichteg Perséinlechkeet gehandelt muss hunn.

Vun der Réimervilla vu Giewel aus féiert e klengen Entdeckungspad bis bei d'Hiwwelgriewer. D'Fondstécker sinn am MNHA ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jeannot Metzler, Catherine Gaeng, 2009. Goeblange-Nospelt une nécropole aristocratique trévire. Dossiers d'archéologie XIII; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale SA), 2009; 559 Säiten; ISBN 978-2-87985-065-8.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Chambre funéraire B de Goeblange-Nospelt." op mnha.lu.