Jeannot Metzler

Vu Wikipedia
Jeannot Metzler
Gebuer 28. Mäerz 1949
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog
Famill
Bestuet mat Nicole Zens

De Jeannot Metzler, gebuer den 28. Mäerz 1949 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Archeolog.

Hien ass virun allem bekannt wéinst sengen Ausgruewungen op réimeschen a galloréimesche Sitten zu Lëtzebuerg an och am Ausland. Hien ass den Auteur vun enger Rëtsch vu wëssenschaftleche Publikatiounen.

De Jeannot Metzler ass mat der Historikerin Nicole Zens bestuet, zesummen hu si dräi Kanner.

Studien a berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Escher Jongelycée huet de Jeannot Metzler d'éischt ee Joer Geschicht a Latäin um Centre universitaire an der Stad an duerno Archeologie op der Universitéit zu Bonn studéiert. Säin Doktorat huet hien op der Universitéit zu Frankfurt am Main gemaach.

Den 1. Januar 1973 gouf de Jeannot Metzler "chef de service" an eppes méi spéit "Conservateur" am deemolege Staatsmusée um Fëschmaart, dem spéidere "Musée national d'Histoire et d'Art" (MNHA). De Jeannot Metzler war laang responsabel fir d'Sektioun Protohistoire am MNHA. An an där Funktioun huet hien um Konzept an um Reamenagement vum neie Gebai vum Nationalmusée, dat 2002 seng Dieren opgemaach huet, matgeschafft. De leschten Deel vu senger Carrière als Conservateur huet hien am "Centre national de Recherche archéologique (CNRA)" verbruecht. 2011 gouf de Jeannot Metzler, deen den éischte professionellen Archeolog vu Lëtzebuerg war, pensionéiert.

Ausgruewungen an aner Aktivitéiten zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Jeannot Metzler war, ënner anerem, bedeelegt un den Ausgruewunge vun der Réimescher Villa zu Iechternach, dem gallo-réimesche Vicus zu Duelem, dem réimesche Vicus zu Mamer, an och der St. Laurenz Kierch zu Dikrech.

Vun den 1980er Joren un huet hie virun allem op den Ausgruewunge vum Oppidum um Tëtelbierg, de keltesche Griewer zu Kënzeg a Giewel- Nouspelt, an der Nekropol vun den Treverer zu Rolleng (Lamadelaine) geschafft dat oft an Zesumenarbecht man Catherine Gaeng aus dem CNRA.

Zesumme mam John Zimmer vum Service des sites et monuments nationaux war hien un der Restauratioun vun der Buerg zu Veianen bedeelegt.

Ausgruewungen am Ausland[änneren | Quelltext änneren]

An Tunesien huet de Jeannot Metzler zesumme mam John Scheid vum Collège de France wärend 10 Joer op den Ausgruewunge vun engem réimesche Site zu Djebel-Oust geschafft.

Vun 2000 un huet hien zu Classe (Ravenna) an Italien als Member vun enger internationaler Ekipp, déi dem Collège de France ënnerstallt ass, eng Nekropol ausgegruewen, dat am Kader vum Studium vun de réimesche Begriefnesritualer.

Enseignement a wëssenschaftlech Berodungsgremien[änneren | Quelltext änneren]

De Jeannot Metzler huet Coursen op den Universitéiten zu Lëtzebuerg a Metz an op der École pratique des hautes études zu Paräis ginn. Hien ass och schonn iwwer 20 Joer Member vum UMR 8546 vum CNRS an der École Normale vu Paräis.

Hie war an enger Rëtsch vu wëssenschaftleche Berodungsgremien aktiv, sou zu Bibracte a Bliesbruck a Frankräich, an zu Otzenhausen a Wederath an Däitschland.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaeng, C. (coord.), 2014. Publication par ses collègues : Hommage à Jeannot Metzler. Archeologia Mosellana 9. Centre national de Recherche Archéologique, Musée national d'Histoire et d'Art, Service régional de l'archéologie de Lorraine, Landesdenkmalamt des Saarlandes. 798 p.
  • Thierry Hick, Hommage à l'archéologue Jeannot Metzler: Un insatiable détective - Le passé entre hypothèses et questionnements; in: Luxemburger Wort vum 11. Februar 2015; mat enger Foto vum Jeannot Metzler a mat enger Kuerzbiographie hors texte.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Metzler J., Gaeng C., Meniel P., Darblade-Audoin M.-P., Gaspar N., Homan L., Kremer G., Metzer-Zens N., 2016. L'espace public du Titelberg. T. 1 et 2. Centre national de recherche archéologique, 971p. Dossiers d'archéologie du CNRA – XVII.
  • Metzler J., Gaeng C., Le Goff I. (collab.), Martin-Kilcher S. (collab.), Meniel P. (collab.), Tretola Martinez D.C. (collab.), Vogt R. (collab.), Weiller R. (collab.) & Welter J.M. (collab.). Goeblange-Nospelt, une nécropole aristocratique trévire. Musée national d'histoire et d'art, 532p. Dossiers d'archéologie du Musée national d'histoire et d'art 13.
  • Metzler J., 2008. Du Titelberg à Trèves. De l'oppidum gaulois à la ville romaine. In : Topographie sacrée et rituels. Le cas d'Aventicum, capitale des Helvètes. Actes du colloque international d'Avenches, 2-4 novembre 2006. Archéologie suisse : 155-165, 8 fig. Antiqua 43.
  • Metzler J. (éd.), Wigg-Wolf D. (éd.), 2005. Die Kelten und Rom: neue numismatische Forschungen. Les Celtes et Rome : nouvelles études numismatiques : Fond de Gras/Titelberg 30.4.-3.5.1998. Akademie der Wissenschaften und der Literatur : P. von Zabern, 2005. 311 p. (Studien zu Fundmünzen der Antike 19. ISBN 3-8053-3577-6.
  • Metzler J., 2003. Fouilles du sanctuaire celtique et gallo-romain de l'oppidum du Titelberg. In : Reddé M. (éd.), La naissance de la ville dans l'Antiquité. De Boccard, Paris : 263-269, 6 fig.
  • Metzler N. & Metzler J., 2003. Rituel funéraire en pays trévire. L'Archéologue, Archéologie nouvelle 66 : 35-40, ill.
  • Méniel P. & Metzler J., 2002. Nature et circonstance du dépôt de viande dans les tombes de Lamadelaine (Luxembourg, Ier s. av. J.-C.). In : Méniel P. (éd.) & Lambot B. (éd.). Découvertes récentes de l'Age du Fer dans le massif des Ardennes et ses marges. Repas des vivants et nourriture pour les morts en Gaule. : XXVe colloque international de l'Association française pour l'étude de l'Age du Fer, Charleville-Mézières, 2001. Société archéologique champenoise. Mémoires de la Société archéologique champenoise 16 : 337-344.
  • Méniel P. & Metzler J., 2002. Le sanctuaire du Titelberg, cité des Trévires. In : Lepetz S. & Van Andringa W. (éds). Archéologie du sacrifice animal en Gaule romaine. Rituels et pratiques alimentaires. Table-ronde, Paris, Muséum national d'histoire naturelle. Pré-Actes, : 38-39, 1 pl.
  • Metzler J., 2001. Die Treverer und der Tod. Archäologie in Deutschland 4: 52-57, ill.
  • Metzler J., 2000. Die treverischen Reitergräber von Goeblingen-Nospelt in Luxemburg. In: Römer zwischen Alpen und Nordmeer: zivilisatorisches Erbe einer europäischen Militärmacht. Exposition, 2000: 41-43.
  • Metzler-Zens N., Metzler J., Méniel P., Bis R. (collab.), Gaeng C. (collab.) & Villemeur I. (collab.), 1999. Lamadelaine : une nécropole de l'oppidum du Titelberg. Musée national d'histoire et d'art, Luxembourg, 472 p., 408 fig. Dossiers d'archéologie du Musée national d'histoire et d'art 6 : 451-458.
  • Metzler J., 1987. Das Oppidum auf dem Titelberg und die spätkeltischen Adelsgräber des Umlandes. In : Haffner A. & Miron A. (éds). Studien zur Eisenzeit im Hunsrück-Nahe-Raum. Symposium, Birkenfeld, 1987. Rheinisches Landesmuseum Trier. Trierer Zeitschrift. Beiheft 13: 263-280, 9 fig.
  • Metzler J. & Zimmer J., 1982. Echternach : une grande villa romaine du Luxembourg. Archéologia 168 : 38-50, ill.
  • Metzler J., 1977. Beiträge zur Archäologie des Titelberges. Publications de la Section historique de l'Institut g G.-D. de Luxembourg 91 : 13-116, 54 fig.
  • Metzler J. & Zimmer J. Öffentliche Bäderanlage und spätantike Baureste im gallo-römischen Vicus von Mamer. Hémecht 27, 4 : 427-487, 43 fig.
  • Metzler J., 1974. Zum Tempelbezirk von Steinsel (Rëlent). Hémecht, 26, 4 : 491-494, 4 pl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]