Nouspelt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nouspelt
Nouspelt.JPG
Monument vun den Aulebäcker zu Nouspelt
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Nospelt
de: Nospelt
Land Lëtzebuerg
Kanton Kapellen
Gemeng Coat of arms kehlen luxbrg.png Kielen
Buergermeeschter Félix Eischen (CSV)
Awunner 755 (2006)
Fläch 670,0242 ha[1]
Koordinaten 49° 40’ 31’’ N
06° 00’ 29’’ O

Nouspelt ass eng Uertschaft an der Gemeng Kielen, am Weste vun der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 323 Meter iwwer dem Mieresspigel (gemooss bei der Kierch). Héchste Punkt vum Gebitt vum Duerf ass de Lieu-dit „Scheierheck“ mat 368 Meter, den nidderegste Punkt ass op der Strooss Nouspelt-Dondel op 283 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Duerch d'Duerf féieren 3 Chemin repris:

Nouspelt ass och un Dondel, un d'Industriezon Kielen an u Giewel ugebonnen.

Op Nouspelter Gebitt leien d'Quelle vun der Uesbech, déi zu Dondel an d'Dondelerbaach leeft.

Nouspelt ass bekannt fir säi kallekhaltege Lehmbuedem, deen d'Entwécklung vun der Industrie vun den Aulebäcker begënschtegt huet. Nouspelt ass haut en Duerf mat residentiellem a ländlechem Charakter. D'economesch Aktivitéiten am Duerf bestinn an der Haaptsaach aus lokale landwirtschaftleche Betriber.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Siidlungsgeschicht vun der Géigend ëm Nouspelt huet hir Ufäng virun der réimescher Eruewerung vun dëse Landstrécher. An de Lieu-dits Scheierheck a Kréckelbierg goufen 1966 an 1993 keltesch Aristokrate-Griewer fonnt, déi eventuell a Verbindung mat der keltescher Siidlung um Tëtelbierg bei Péiteng ugeluecht goufen. Datéiert goufen dës Griewer op d'Zäit tëscht 20 a 50 v. Chr. D'Griewer hate vill a räich Bäigaben, sou zum Beispill Amphoren, déi aus Campanien importéierte Wäin enthalen hunn. Verschidden Artikelen aus där Zäit sinn haut am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, anerer am Veräinsmusée vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher ausgestallt.[2]

Op Miecher bei Giewel, ass eng réimesch Anlag déi vun den Nouspelter „Georges Kayser Altertumsfuerscher“ archeologesch erfaasst gëtt.

Merowengesch Griewer um Telpeschholz aus dem 7. Joerhonnert weisen, datt d'Géigend ëm Nouspelt och duerno konstant besidelt war.

1458 huet zu Nouspelt d'Aulebäckerhandwierk säin Ufank geholl. Um Ufank vum 19. Joerhonnert gouf et 17 Aulebäckerbetriber zu Nouspelt, déi aus dem Duerf ee vun den Zentre fir d'Produktioun vun der Keramik zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Am 20. Joerhonnert ass dëse Wirtschaftszweig awer ausgestuerwen; 1914 huet den Aulebäcker Nicolas Schneider (1868-1941) opgehalen, wat d'Enn vun der industrieller Produktioun vu Keramik zu Nouspelt bedeit huet. Duerch d'Eemaischen an d'Beméiunge vu Veräiner gëtt d'Traditioun awer wakreg gehalen, an all Joer bidden Aulebäcker op Ouschterméindeg, dem Dag op deem d'Aulebäcker d'Fest vun hirer Confrerie feieren, zu Nouspelt hir Wueren op der Eemaischen un, dorënner och de bekanntenen Nouspelter Péckvillchen.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eemaischen

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Eemaischen 2010 zu Nouspelt
Am Duerfzentrum

D'Kierch am Zentrum vun Nouspelt ass 1852 op der Plaz vun der aler Kapell vum hellegen Thomas am Stil vum Empire gebaut ginn. Nëmmen d'Pietà um Altor gouf vun der Kapell iwwerholl. 1986 gouf d'Kierch renovéiert. D'Kierch ass d'Zentralkierch vun der Par Nouspelt, déi dem dem Parverband Mamerdall ugeschloss ass.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Nouspelt

An der „Rue des Potiers“ ass den Aulebäckermusée „Nicolas Schneider“.

E weidere Musée ass de Veräinsmusée vun de „Georges Kayser Altertumsfuerscher“ iwwer d'Ausgruewungen ëm Nouspelt.

Nouspelt huet en Duerfléierpad duerch a ronderëm d'Duerf, op deem Visiteuren duerch Panneauen eppes iwwer den natierlechen, kulturellen an historeschen Hannergrond vum Duerf gewuer ginn.

Nërdlech vum Duerf läit d'Naturschutzgebitt Telpeschholz, en Areal vu 67 Hektar Heedeland.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nouspelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. Beigaben von Grab D. Spätkeltische Zeit 50 - 30 v. Chr. Goeblingen-Nospelt Scheierheck.