Parverband Mamerdall
Ausgesinn
De Parverband Mamerdall gouf de 6. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum ofgeschaaft.
En huet zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg gehéiert a bestoung aus 8 Pare mat hire respektive Filialkierchen:
- Briddel
- Holzem
- Capellen
- Keespelt (mat Ausnam vun der Filial Märjendaller Haff)
- Kielen
- Koplescht
- Mamer
- Nouspelt (mat Ausnam vun der Filial Rued)
Dës 8 Paren a Filialkierche verdeele sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Kielen, Koplescht a Mamer.