Péckvillchen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der touner Päif. Fir d'satiresch Zäitschrëft, kuckt w.e.g. De Peck-Villchen.
E Péckvillchen aus Nouspelter Toun vun 1991

E Péckvillchen ass eng aus Toun gebake Päif a Form vun engem Villchen, dee bannendran huel ass, e Mondstéck (um Schwanz) an uewen oder vir um Kierper e Lach huet, sou datt een, wann een dra bléist, en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann.

Ublos- an Tounlach

D'Péckvillecher ginn zu Lëtzebuerg traditionell op der Eemaischen (engem Maart), op Ouschterméindeg, zu Nouspelt an um Stater Fëschmaart verkaaft. Well se all Joer anescht ausgesinn, si se beléifte Sammelobjeten.

Ganz besonnesch gesicht si Péckvillercher aus rout-brongem Toun, deen zu Nouspelt gestach an do gebak gouf.

Op der Stater Eemaischen, déi laang virun där vun Nouspelt bestanen huet, sinn an den leschte Joren ëmmer méi Artisten, déi hir méi ausgefalen oder usprochsvoll Péckvillecher ubidden. Et gëtt der souguer aus Parzeläin. Do si Verkeefer déi hir Péckvillecher a Fabrécken a grousse Masse produzéiere loossen, etlecher dovu sinn emol guer net aus Keramik, mä aus Gips. Verschiddener sinn och keng Villercher mä aner Déieren oder Saachen oder abstrakt Formen, déi éischter als Museksinstrument dénge kënnen, well se ofgestëmmt bis zu 2 Oktave spille kënnen.

Vum Toun bis zum Péckvillchen. Eemaischen 2010 zu Nouspelt.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péckvillercher – Biller, Videoen oder Audiodateien