D'Telpeschholz ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Kielen. Um Plateau iwwer Dondel läit eng oppe Landschaft mat Heeden, wouvu 5,58 ha mat enger 61,74 ha grousser Pufferzon zanter dem 18. Februar 1987 ënner Naturschutz stinn.[1] D'Telpeschholz an d'Naturschutzgebitt Fënsterdall waren déi éischt zwee Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg.