Naturschutzgebitt Reckingerhaff-Weiergerwan

Vu Wikipedia

D'Naturschutzgebitt Reckingerhaff-Weiergewan ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg an de Gemenge Bous, Duelem a Munneref, tëscht dem Alebierg an dem Kréichelhäffchen.

Naturschutzgebitt
Reckingerhaff-Weiergerwan
Land Lëtzebuerg
Plaz Munneref, Bous, Duelem
Fläch 272,8 ha
Nationalcode ZH 56
Koordinaten 49°32'9,28"N, 6°18'26,78"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 24. Februar 2016

Et gouf duerch de Règlement grand-ducal vum 24. Februar 2016 geschaf.[1]

D'Naturschutzgebitt, dat eng Gesamtfläch vun 143,2 ha huet, besteet aus dräi Zonen:

  • d'Zonen A1 an A2, déi aus respektiv engem Hankbësch (dem Kréischelhäffchen) an engem Weier, souwwéi engem Bësch oder Bongert an engem Hank vum Alebierg erof bei d'Hesslengerbaach bestinn, an déi méi streng geschützt sinn, an
  • d'Zon B, ronderëm, mat de Floueren Am Hessleng a Weiergewan, an de Bëscher uewen am Hank ronderëm.

De Reckingerhaff selwer gehéiert, als landwirtschaftleche Betrib, net derzou.

Et ass en Deel vun der Natura 2000-Zon "Regioun Uewermusel" (LU0001029).[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 24 février 2016 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone humide «Reckingerhaff-Weiergewan» sise sur le territoire des communes de Bous, de Dalheim et de Mondorf-les-Bains op legilux.public.lu.