Naturschutzgebitt Aarnescht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Deel vun der Aarnescht (lénks uewen), vun der Strooss Richtung Iernster aus gesinn.

D'Aarnescht ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Nidderaanwen. Um kallekräichem Hank am Nordoste vun der Uertschaft Ueweraanwen erstreckt sech en ofwiesselungsräicht Gebitt mat Hallefdréchewisen, wouvun zirka 75 ha zanter 1988 ënner Naturschutz stinn. D'Aarnescht, als eent vun den éischten Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg, ass besonnesch bekannt fir seng Orchideeën, där et hei eng ëm déi zwanzeg Aarte ginn.

Geologie an Topographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Nidderaanwener Géigend zeechent sech duerch e brüske Wiessel vum geologeschem Ënnergrond, vum Lëtzebuerger Sandsteen op de Keuper aus. Den Ënnergrond vun der Aarnescht besteet gréisstendeels aus Steemergelkeuper, dee virun zirka 200 Millioune Joren entstanen ass. Am Laf vun de Joermillioune gouf dës Schicht vu verschiddenen anere Schichten, vu rouden Téin aus dem Rhät a groe Psilonoteschichten, iwwerdeckt, déi awer nees gréisstendeels duerch Wand a Waasser lues a lues ofgedroe goufen. Just am extremen Norde vun der Aarnescht konnten dës Schichte bis haut bestoe bleiwen. Aus dem Ënnergrondgestengs, dat liicht zerfällt, ass schliisslech e kallek- an tounräiche Buedem entstanen, deen nierstoffaarm, dréchen ass an d'Hëtzt gär späichert.

Déi hiwweleg Aarnescht, déi Deel vun der fréierer Nidderaanwener Kulturlandschaft ass, an op 300 bis 360 m iNN läit, zeechent sech haut wéinst de geologeschen a klimatesche Bedéngungen als en aarteräichen a villsäitege Liewensraum aus. Besonnesch charakteristesch fir d'Aarnescht sinn d'Hallefdréchewisen, déi sech am Zentrum an am Süde vum Gebitt erstrecken, a vun der héijer Sonnenastralung op de Südhäng profitéieren. Südwestlech am Hank leie Bongerten, déi e Groussdeel vun der Pufferzon ausmaachen. Um Héichplateau stinn Eechen-Hobiche-, Biche-, Kifer- a Fiichtebestänn. Westlech vum Eechen-Hobichebësch ass en Eechebëschrand, deen d'Hëtzt gär huet, virgelagert. Päifegras-Fiichtwisen hu sech haaptsächlech op fiichte Plazen an Erosiounsgrief vum Gebitt ausgebreet.

D'Aarnescht ass op Initiativ vum Professer Léopold Reichling, dee bei Recherchen an den 1970er Jore schonn de Räichtum vu seele Planzen an Déieren erkannt huet, mam groussherzoglechem Reglement vum 1. Februar 1988 mat 48 ha an enger 27 ha grousser Pufferzon ënner Naturschutz gestallt ginn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch ervirzehiewe sinn op der Aarnescht déi aarten- a kallekräich Hallefdréchewisen, op deenen 23 verschidden Orchideeënaarten (dat sinn 64 % vun deenen déi zu Lëtzebuerg virkommen) nogewise goufen. Zu hinnen zielen d'Bommel (Orphrys holosericea), d'Orchis purpurea, d'Anacamptis pyramidalis oder de Gehaangene Männchen (Aceras anthropophorum). Orchideeën hu sech duerch eng besonnesch Iwwerliewensstrategie un déi nierstoffaarm Wisen ugepasst, andeems se eng Symbios (Liewensgemeinschaft mat géigesäitegem Notzen) mat Buedempilzer aginn. Den Orchideeënembryo gëtt duerch d'Pilzfiedem erniert, déi an d'Zellen erawuessen. Eréischt duerch hir voll Entwécklung vun de Blieder, iwwerhëlt d'Photosynthes d'Versuergung vun der Planz mat Nierstoffer a beliwwert an dësem Stadium och d'Pilzer mat Nierstoffer. Ausser den Orchideeën kommen och nach vill aner seele Planzen op der Aarnescht vir, wéi zum Beispill zwou Enzianaarten. Duerch en déiwe Wuerzelstack an enger décker Blatschicht hunn déi meescht Planze sech ideal un déi dréche Verhältnesser ugepasst.

D'Hallefdréchewisen op der Aarnescht sinn duerch mënschlechen Agrëff an d'Natur entstanen, nodeem de Bësch op dëser Plaz ëmgehaen a mat Méiwisen a Weeden ersat gouf. Ginn dës Flächen net regelméisseg geméit, sou entwéckele sech mat der Zäit Getraisch a schliisslech een un dës Plaz ugepassten Eechebësch. Fir d'Verbuschung ze verhënneren an de konkurrenzschwaache Planze Plaz ze bidden, musse jonk Schwaarzkiferen (Pinus nigra) an aner Getraisch, wéi d'Schléif (Prunus spinosa) heiansdo ewechgemaach ginn, fir d'Hallefdréchewisen op laang Dauer z'erhalen. Dëst ass eng Aufgab, nieft aneren, déi sech d'Amicale de l'Aarnescht ugeholl huet.

D'Aarnescht, mat virun allem hire bléieräichen Hallefdréchewisen a Bongerten, bitt engen etlechen Insekten, dorënner engen 136 Päiperlekszorten, engen 22 Grillen an Heesprénger, engen 102 verschiddene Wanzenaarten an och engen 48 Spannenaarte gënschteg Liewensbedéngungen. De Räichtum un Insekten zitt sengersäits Gräifvullen, wéi de Klenge Käizchen (Falco subbuteo) an den Harespelfrësser (Pernis apivorus) un. Charakteristesch fir Bongerte sinn den Dréihälschen (Jynx torquila) oder de Steekäizchen (Athene noctua), dee gär d'Hiele vun alen Uebstbeem bewunnt. Si fannen an den insekteräiche Bongerten zesumme mam Kéisécker (Erinaceus europaeus), der Hieselmaus (Muscardinus avellanarius), dem Gaardeschléifer (Eliomys quercinus) oder dem Siweschléifer (Glis glis) räichlech Friessen. Nieft dem Dachs (Meles meles), fënnt um Flouer och den Hues (Lepus capensis) an d'Feldhong (Perdix perdix), déi a leschter Zäit zu Lëtzebuerg rar gi sinn, op der Aarnescht en Doheem.

D'Monument zur Erënnerung un de Léopold Reichling. Et gouf am Juni 2011 ageweit.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Mam Zil, den Naturfrënd iwwer d'Reserv, déi historesch a kulturell Aspekter vun der Aanescht z'informéieren, ass am Joer 2003 an Zesummenaarbecht mat der Amicale de l'Aarnescht, der Forstverwaltung an der Gemeng Nidderaanwen en neie Léierpad vun ongeféier 4 km amenagéiert ginn. De Wee féiert vum Pavillon aus duerch déi eenzel interessant Liewensraim aus der Reserv a vermëttelt mat siechzéng informative Panneauen op aacht verschiddene Statiounen d'Besonnechkeete vun der Aarnescht.

Léopold-Reichling-Monument[änneren | Quelltext änneren]

Beim Chalet mat den Informatiounspanneaue steet e Monument mat enger Erënnerungsplack un de Léopold Reichling, deen als Éischten den Aarteräichtum vun der Aarnescht beschriwwen huet, an deem seng Publikatiounen als Basis fir den Dossier de classement vun der Reserve benotzt goufen.[1]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Léopold-Reichling-Monument op der Aarnescht

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Der Lehrpfad auf der Aarnescht/Le sentier de l'Aarnescht. Ëmweltministère, Gemeng Nidderaanwen, Amicale de l'Aarnescht, Mee 2003.
  • Kirpach J.-C., 1988. - La réserve naturelle de l'Aarnescht (commune de Niederanven), pelouse sèche. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 88(1988):125-131 et cf. Corrigendum: Bull. Soc. Nat. luxemb. 89(1989):38. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Der Entdecker der "Aarnescht".Gedenkplakette für Prof. Reichling. Luxemburger Wort vum 6. Juni 2011, S. 23.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]