Naturschutzgebitt Prënzebierg

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Prënzebierg
Land Lëtzebuerg
Plaz Déifferdeng, Péiteng
Fläch 255,3 ha
Nationalcode RD 15
Koordinaten 49°32'49"N, 5°52'41"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 20. November 1991


Dëmpel am Naturschutzgebitt Prënzebierg.

Prënzebierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Déifferdeng a Péiteng. An engem fréierem Äerzofbaugebitt tëscht Fond-de-Gras, Nidderkuer a Péiteng erstreckt sech haut e variéiert Gebitt mat verschiddene Vegetatiounsstadien, wouvun zirka 255 ha zanter dem 20. November 1991 ënner Naturschutz stinn.[1]

Wéi et entstanen ass a Geologesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Südweste vum Land tëscht Diddeleng a Rodange an zum Deel a Frankräich westlech vun der Musel erstrecke sech ënner dem Buedem Couchen aus eisenhaltege Steng, déi op lëtzebuergescher Säit an de Baseng vun Esch-Uelzecht an an de Baseng vun Déifferdeng ënnerdeelt gi sinn. Am geologeschen Zäitalter vum Lias an Dogger virun ongeféier 175 Millioune Joer gouf de Paräisser Baseng bis an eis Géigende vun engem Mier iwwerschwemmt. Um Fong vun deem Mier huet sech an eiser Regioun eng ronn siechzeg Meter déck Couche vu Sedimenter ofgesat, déi räich un Eise waren an am Laf vun der Zäit d'Couche vun eiser Minett forméiert hunn. Verschidde wëssenschaftlech Aarbechte bezeien, datt déi Sedimenter vu Flëss aus dem nërdleche Festland an d'Mieresbucht Tréier-Lëtzebuerg ageschwemmt goufen, wou se sech ofgelagert hunn.

Um Prënzebierg ass 1870 mam Ofbau vun der Minett an ënnerierdesche Galerien am Beräich vum Giele Botter (Schlammebierg) ugefaange ginn. Nodeem 1879 d'Thomasverfahren erlaabt huet dem Eisen de Phosphor z'entzéien, ass et mat der Siderurgie richteg lass gaangen. Nom Zweete Weltkrich am Joer 1964 huet een um Giele Botter wéinst dem technesche Fortschrëtt mat der Exploitatioun ënner fräiem Himmel ugefaangen. Ier déi eisenäerzhalteg Steng konnte gefërdert ginn, hu fir d'éischt misse mergeleg a kallekhalteg Schichten iwwer der Minett ofgedroe ginn. Dëst sinn (vun uewen no ënnen):

  • de Kallek Haut-Pont: e raschtegbrongen (a frëschem Zoustand hellbloen) zerfalene Kallek, dee liicht sandeg ass a sech aus renge Brochstécker vu kalleklegen Haartdeeler vu Liewewiesen (Muschelschuelen) zesummesetzt. (2 m déck)
  • d'Sonninia-Schicht: eng Wiessellagerung vu groem Mergel a giel-brongen zerfalene Kallekbänken.
  • eng blo-gro, liicht kallekeg Tounschicht, déi Glimmermergel genannt gëtt a wäisse Glimmer (Muskowit) enthält. Dës waasseronduerchlässeg Schicht huet verhënnert, datt d'Waasser an d'Galerien duerchsickere konnt. Si war awer wéinst Rutschungen am Tagebau éischter onbeléift.

Eréischt ënner dëse Schichten, fänken d'Minettschichten un, déi sech an eng kallekeg, rout Schicht an drënner an eng kiseleg, gro Schicht ënnerdeelen a räich u Fossilie sinn. Déi kallekeg ënnerscheet sech vun der kieseleger duerch e méi héije Kalzium-Gehalt an un engem méi klengen Eisenundeel. D'Exploitatioun huet sech als eng grouss Terrassementscarrière presentéiert, déi den eenzele Minettschichten entsprach huet. Déi verschidden Terrasse si mateneen iwwer Rampe verbonnen, déi dem Transport vun den exploitéierte Steng gedéngt hunn. Nach haut erënneren déi al Buggi- a Schinnentrassen am Gebitt un déi fréier Zäit.

Mam Stopp vum Minettofbau am Juli 1977 um Giele Botter huet d'Natur, iwwer verschidde Vegetatiounsstadien (Successioun), ugefaange sech séier aus der änlecher Moundlandschaft nees z'erhuelen. Gläichzäiteg sinn eng Partie Bauprojeten op de Frichen envisagéiert ginn. No jorelaangem Asaz vun Naturschutzorganisatiounen ass schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 20. November 1991 d'Gebitt mat 165,14 ha an enger 90,16 ha grousser Pufferzon zum Naturschutzgebitt erkläert ginn. Am Kader vun der EU-Habitatdirektiv (92/43/CEE) gehéiert d'Reserv mat 1156 ha gläichzäiteg dem europäeschem Netz Natura 2000 un.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Giele Botter.

Déi grouss Varietéit vu verschiddene Liewensraim, déi duerch d'Exploitatioun vun der Minett entstane sinn, mécht dëst Gebitt eenzegaarteg a schützenswäert. Wärend op den zulescht ofgeschotte Steng sech éischt Flechten a Moos niddergelooss hunn, hu sech op de Plazen, déi als éischt opgi si ginn, deelweis schonn Pionéierbëscher entwéckelt. Op engem hannerloossenem Tipp, aus der Zäit wou d'Eisen nach mat der Hand ofgebaut an d'Schlak mat klenge Weenercher gekippt gouf, hu sech wéinst der extreemer Buedemaarmut un Humus an der Existenz vun engem besonneschem Mikroklima, charakteriséiert duerch schwaach Temperaturënnerscheeder an duerch d'Erhale vun enger bestëmmter Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, e fantastescht Paradäis entwéckelt, dat de Biergcharakter huet an zum Deel aus Europäesche Meläsen (Larix decidua), Schwaarz Kiferen (Pinus nigra) a rare Fare besteet.

An de Minettskaulen huet sech scho kuerz nom Enn vun der Exploitatioun wéinst hirem liichten a fluchfäege Som d'Bierk (Betula pendula) a Weiden (Salix caprea) op de Broochen ausbreede kënnen. Dës Pionéierbamaarte beräicheren duerch d'Dekompositioun vun hire Blieder de Buedem mat Humus a preparéieren en sou fir méi exigent Beem. Op den närstoffaarme Bëschränner, Dréchewisen a Fiichtwisen sinn eng 21 verschidden Orchideeënaarten nogewiese ginn. Ënner hinnen d'Pyramidenorchidee (Anacamptis pyramidalis), déi typesch fir Dréchewisen ass an déi charakteristesch Fiichtwisen-Orchidee Dactylorhiza incarnata.

Déi räich an diversifiéiert Planzewelt zitt vill Insekten un, ënner hinnen eng 171 Päiperlekszorten, déi zum Deel rar a bedreet sinn. An den hannerloossene Kaulen hu sech mat der Zäit aarteräich Dëmpelen entwéckelt, déi Liewensraim fir d'Grouss Waasserederes (Triturus cristatus) an d'Réngelnatter (Natrix natrix) bidden. Déi fréier Minnegalerie sinn eng beléift Iwwerwanterungsplaz vun de Fliedermais. Eng zéng vun den nonzéng Aarten, déi zu Lëtzebuerg virkommen an all geschützt sinn, logéieren an der Reserv. Ënner hinnen ass d'Grouss Hufeisennues (Rhinolophus ferrumequinum), d'Waasserflëntermaus (Myotis daubentoni) oder déi Kleng Flëntermaus (Pipistrellus pipistrellus).

Naturléierpied[änneren | Quelltext änneren]

An der Reserv sinn zwee Léierpied amenagéiert ginn. De 7 km laangen Entdeckungspad Prënzebierg - Giele Botter féiert zum Deel duerch déi fréier Minière ënner fräiem Himmel an informéiert mat zwielef verschiddene Panneauen iwwer d'Geschicht an d'Fauna an d'Flora vum Gebitt. Op den ale Buggitrasse kann ee sech e Bild vun der fréierer Gewannung vum Eisen a gläichzäiteg iwwer Successioun maachen.

De geologesche Léierpad Giele Botter féiert iwwer 2,5 km laanscht d'Ofbauwänn vun der fréierer Exploitatioun vum Giele Botter. An Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung, dem Naturmusée an der A.s.b.l. Circuits Culturels Interdisciplinaires du Bassin Minier sinn eng néng Statiounen entstanen, déi den Naturfrënd iwwer d'Entsteeung, d'Eegeschaften an den Ofbau vun der Minett informéieren.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Sentiers thématiques de la réserve naturelle du Prënzebierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2002.
  • Depliant: Réserve naturelle Prënzebierg - Circuit géologique Giele Botter.
  • Françoise Rollinger: Giele Botter-Tiresbierg-Prënzebierg: Rückblick und Ausblick. Regulus N°3 2000, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, S. 8-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 20 novembre 1991 déclarant zone protégée la réserve naturelle Prenzebierg englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Differdange et de Pétange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.