Weiden

Vu Wikipedia
Weiden
Salix caprea
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Malpighiales
Famill Salicaceae
Ënnerfamill Fagoideae
Wëssenschaftlechen Numm
Salix
Linnaeus
Jonk Miissercher

Weiden (Salix) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun de Salicaceae.

Et gëtt eng 450 Aarten. Weide gëtt et an allen Deeler vun der nërdlecher temperéierter Zon bis erop un d'Arktis; e puer wéineg Aarte sinn och an den Tropen an an de südlechen temperéierten Zonen doheem. Déi meescht Weiden hu gär fiicht Biedem.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Weide si Lafbeem, déi, je no Aart, als Beem, Traisch oder Zwergtraisch virkommen: Et gëtt Aarten, déi bis zu 30 m héich kënne ginn, an anerer, déi net iwwer 3 Zentimeter erauskommen. D'Aarten, déi Beem ginn, wuesse relativ séier a ginn net besonnesch al. Se hu kräfteg a staark verzweigt Wuerzelen, a ginn dofir alt laanscht d'Uwänner vu Waasserleef oder a géi Hänk geplanzt, fir déi ze befestegen. Se schloe vill a gär um Stack aus, soudatt hir Schëtz gär geholl ginn, fir Kierf a soss Geschier ze flechten.

D'Blieder vun de Weide si jee no Aart ganz ënnerschiddlech: vu bal ganz ronn bis schmuel a lanzettfërmeg. Bei villen Aarte sinn d'Blieder hellgréng, op der ënneschter Säit an deene meeschte Fäll horeg. Bei allen dréit sech dat nächst Blat all Kéier ëm 144°, also zwéi Fënneftel.

Weide sinn diözesch, dat heescht datt en Exemplaire entweeder männlech oder weiblech ass. Déi eenzeg Ausnam ass d'Trauerweid, bei där geleeëntlech weiblech Bléien an de männleche Miissercher virkommen. Déi flomeg Miissercher, an deenen d'Bléie versammelt sinn, si bei verschiddenen Aarte besonnesch opfälleg a komme scho virun oder mat den neie Blieder eraus. Et gëtt zwou Zorte Miissercher: déck, eefërmeger, an deenen déi männlech Stëbsbeidele sinn a walzefërmeg-gréngelzeger, an deenen déi weiblech Naarbe sinn.

Fortplanzung an Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Déi meeschte Weide planze sech generativ duerch Som fort. Vill Aarte kënne sech awer och ganz gutt vegetativ vermieren, andeems z. B. Äscht, déi bei Héichwaasser ofgebrach goufen, un d'Ufer ugeschwämmt ginn an do Wuerzele schloen.

D'Weiden hu scho fréi am Fréijoer hir Bléien, just e puer Aarte wéi d' Salix pentandra bléien eréischt Mee-Juni. Se gi vun Insekte bestëbst. De Som vun de Weiden ass ganz kleng, just 1 bis 1,5 Millimeter laang an 0,2 Millimeter breet, an ass horeg. E gëtt vum Wand verbreet. Well s'op dicht bewuessene Fläche keng Chance hu fir unzekommen, si Weide virun allem Pionéierplanzen op Plazen, wou soss nach net vill wiisst.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gregor Aas: Systematik und Biologie einheimischer Weiden (Salix ssp.). In: Berichte aus der Bayerischen Landesanstalt für Wald und Forstwirtschaft. Band 24, 1999, S. 5–9 (PDF-Datei; 39 kB).
  • Dagmar Lautenschlager-Fleury, Ernst Lautenschlager-Fleury: Die Weiden von Mittel- und Nordeuropa: Bestimmungsschlüssel und Artbeschreibungen für die Gattung Salix L. 2. überarbeitete und erneuerte Auflage. Birkhäuser, Basel/Boston, 1994, ISBN 3-7643-2994-7.
  • Karl Heinz Rechinger, John R. Akeroyd: Salix. In: ISBN 052141007X, S.53–64.
  • H. M. Schiechtl: Weiden in der Praxis - Die Weiden Mitteleuropas, ihre Verwendung und ihre Bestimmung. Patzer, Berlin/Hannover 1992, ISBN 3-87617-082-6.
  • M. Zander, K.-J. Endtmann, B. Schröter: Untersuchungen ausgewählter Salix-Sippen des NO-deutschen Tieflandes. Taxonomie, Soziologie, Verbreitung, Isoenzymanalysen. In: Schriften zu Genetischen Ressourcen. Band 1, 1994, S. 168–183 (PDF-Datei; 588 kB).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weiden (Salix) – Biller, Videoen oder Audiodateien