Pionéierbamaarten
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Pionéierbamaarte si Beem déi als éischt fräi Flächen, wéi zum Beispill no Kalschléi, Äerdrutscher oder Bränn koloniséieren.
Pionéierbamaarten:
- Bierk (Betula pendula)
- Bëschkifer (Pinus sylvestris)
- Alenter (Alnus glutinosa)
- Salweid (Salix caprea)
- Vullekiischt (Sorbus aucuparia)
- Meläs (Larix decidua)
- Esp och Zidderpëppel (Populus tremula)
Pionéierbamarten hunn eng Rëtsch gemeinsam Eegenschaften: si wuesse séier, verdroen d'Klimaextremer gutt, a stelle keng grouss Uspréch un de Buedem.
Si ginn dofir do ugeplanzt wou et drëms geet, fir de Buedem fir aner Holzaarten ze preparéieren, an e Schierm opzebauen, fir doduerch eng Protektioun fir déi méi empfindlech Bamaarten ze maachen.