Op den Inhalt sprangen

Esp

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Populus tremula)
Esp, Zidderpëppel
Eng Esp am Fräistand
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Uerdnung Malpighiales
Famill Salicaceae
Gattung Populus
Wëssenschaftlechen Numm
Populus tremula
Linnaeus

D'Esp (Populus tremula) oder och Zidderpëppel ass e Lafbam aus der Gattung vun de Pëppelen. Se kënnt a ganz Europa vir, besonnesch a Bëscher am Flaachland an an niddrege Bierggéigenden. Et ass déi am meeschte verbreet Pëppel an Europa a se gëtt bis zu 20 m héich.

  • Schuel: D'Schuel ass gréngelzeg-gro a glat mat horizontale Lentizellen, déi dacks vum Gréngspiecht vergréissert a verdéift ginn, bei méi ale Beem ass se éischter gro an och alt brongelzeg, um Fouss mat Furen dran awer da glat bis an d'iewescht Kroun.
  • Kroun: D'Kroun ass beim jonke Bam kegelfërmeg, zimmlech oppen, mat net vill Äscht, beim ale Bam ass se méi breet a manner reegelméisseg an déi ënnescht Äscht sti méi doer wéineger horizontal vum Stamm ewech. Stackaussschëss kënnen en déckt Gestrëpps bilden.
  • Laf: De Schotz ass donkelbrong a blénkeg. D'Blatknäpp si giel a brong, déi säitlech Knäpp leien ugedréckt a si schmuel a kegelfërmeg, den Ennknapp ass éischter eefërmeg. Se si 7 bis 10 mm grouss. D'Knäpp vun de Miissercher sëtzen opfälleg op der Spëtz vum Schotz, se si spatz eefërmeg a blénkeg routbrong an 10 bis 12 mm grouss. Blieder sinn eefërmeg ronn, ofgestompt bis breet käilfërmeg, mat enger ganz kuerzer Spëtzt. Se si 4,5 × 5–7 cm grouss mat stompe, gebéiten onreegelméissegen Zänn an engem liicht gekrauselte Bord, beim Ausdriff kofferbrong an nach bis Enn Mee roudelzeg gefierft duerno op der ieweschter Säit kräfteg gréng oder gro-gréng, op der ënneschter Säit hell gro-gréng. De 4 bis 6 cm laange Still ass ofgeplatt a wäisselzeg. D'Blieder beweege sech scho bei deem klengste Loftzuch, dohier huet se och nach den Numm Zidderpëppel. D'Hierschtfaarf ass goldgiel.
  • Bléien a Fruucht: Déi männlech Beem hu vill déck grobrong Miissercher déi ongeféier Mëtt Mäerz beim Stëbse gielzeg sinn an duerno blatzeg brong just ier se offalen. Weiblech Beem hu gréng Miissercher mat roudelzegen Droblieder a groen Hoer déi bis Mëtt Mee wäisswolleg ginn an dann ausfléien.

D'Sprachwuert En ziddert wéi Espelaf ass vum Ëmstand ofgeleet datt d'Espeblieder séier zidderen.