Minière

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Galerien an enger Minière vu Rëmeleng

Eng Minière oder Minn ass eng Infrastruktur fir Réistoffer mat Methode vun der Biergbau-Technik aus dem Buedem ze gewannen. Am enke Sënn ass et eng Anlag, bei där Galerien oder Schächt ënner de Buedem ("ënner Dag") gedriwwe ginn. An engem méi wäite Sënn zielen och Ofbauplazen "iwwer Dag" dozou.

Ënner Dag[änneren | Quelltext änneren]

Wa bei engem Virkomme vun enger Matière première am Buedem d'Héicht vum Ofraum sou grouss ass, datt den Erléis aus de Lageren déi ee gewanne wëll d'Käschten net méi dréit, da gëtt den Ofbau ënner Dag gemaach.

Ofbau[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf fir sou en Ofbau vun der Minett d'Method vum Piliersréckbau gebraucht. Vun enger Haaptstreck gounge Jonctiounen of, déi op d'Diagonale gefouert hunn déi parallel zu der Haaptstreck louchen. Vun deene sinn dann am Ofstand vun 10–20 m déi eenzel Schantercher parallel ofgaangen, op enger Längt vun 80–100 m zur Ofbaugrenz hin. Tëscht all Schantje blouwe sou an enger éischter Phase Piliere stoen. An der Pill dunn ass vun der Grenz erfort etappeweis en Duerschlag an all Pilier gemaach ginn an dann nach e queesche Schlag. Déi kleng Piliersreschter déi dunn nach stounge goufe sukkzessiv och nach erageschoss, bis datt et zum Broch (Ale Mon) koum. Wann eng Grouf e puer ofbauwierdeg Lager iwwereneen opweises hat, da gouf da iewescht Lager ëmmer als éischt ofgebaut. Un der Dagesuewerfläch huet sech dat dacks duerch Splécken, Sanken oder Triichtere bemierkbar gemaach, well d'Deckschichten net ganz grouss waren.

Handwierksgeschir a Geliits[änneren | Quelltext änneren]

Mat engem einfache Steebuer oder engem Turniki, du mat Murks oder Krak (1880) ass uganks an de Fiels gebuert ginn, bis datt e Pussoir an duerno eng Klé à Schock koumen, an nach méi spéit déi grouss Buermaschinnen op Pneuen.

Geliicht gouf mat enger Uelegluucht (fr. Guckuck oder dt. Gäppchen/Funsel), déi awer just anerhallefmol sou staark war wéi eng Hefnerkäerz (1 HK = 0,903 cd). No 1900 hunn d'Karbidsluuchte mat hire 6-8 HK eng grouss Erliichterung bruecht. Zum Schluss koumen elektresch Luuchten an den Asaz, déi um Helm gedroe konnte ginn.

Sécherheet an Ausbau[änneren | Quelltext änneren]

Begrëffer am Holzausbau zu Lëtzebuerg

Wann den Daach aus grousse Placken oder Bléck bestoung, da goung et duer fir e mat Stempele mat Kappholz ze stäipen. Wann den Daach awer Rëss hat, da gouf e Verbau mat Kaderen a Form vun enger Zarg gemaach. Zu Lëtzebuerg war dat meeschtens de schlesechen oder uewerschleseschen deen awer meeschtens polnesche Verbau genannt gouf [1], mat zolidde Stempelen déi uewen ausgerënnt ware fir déi sougenannt Kap (den Ënnerzuch) opzeleeën, driwwer e Kalage, an ënner der Kap am Fall vu Säitendrock eventuell nach eng Striefdunn.

Wann d'Säite fest waren, da konnt een d'Stempelen ewechloossen an d'Kap gouf lénks a riets an der Säit a Lächer (Potellen) geluecht. Bei ganz groussem Drock goufen ënner d'Kapen Holzstempele gesat, oder den Holzstempel gouf direkt bis ënner den Daach gebaut. D'Holz konnt en 10 Tonne Gebiergsdrock aushalen.

Beim Eisenausbau goufen Träger oder al Schinne geholl, déi hu méi laang gehalen an hu brochfräi noginn, mee se hunn net bei héijem Drock gewarnt.

Den éischte Bullong mat Käil huet virun allem Plaz gemaach fir méi grouss Maschinnen, gedroen huet e just eng Tonn méi wéi d'Holz. Dat huet sech verännert mam Bullong mat Spräiz a mat deem mat Polyesterhaarz, déi allebéid eng 16 Tonne Gebiergsdrock aushale kënnen.

Waasser a Wieder[änneren | Quelltext änneren]

Waasser an de Galerien muss duerch Entwässerungstechniken nees eraus. Dat geschouch zu Lëtzebuerg meeschtens op natierlechem Wee mat engem Caniveau, mee wou dat net méiglech war hu misse Pompelen agesat ginn.

Otemloft dogéint muss eran an de Bierg, wat ee Bewiederung nennt.

Iwwer Dag[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer Dag gouf als éischt de Raum ofgedroen, deen aus Akerbuedem, Leem, Buch an oder Bengeléck bestanen huet. Iwwer Piste sinn dunn déi eenzel Lager an Tëscheschichten ofgebaut ginn, bis ënnen op d'Suel. All Block ass parallel ëmmer méi wäit verréckelt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Biergbau[änneren | Quelltext änneren]

  • Bergbaukunde vum C.Hellmut Fritzsche, Springer Verlag.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minièren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi Zort Verbau gouf an den uewerschlesesche Grouwe gebraucht a koum zu Lëtzebuerg an den Asaz well d'Verhale vum Gestengs (Säitendrock a Brieche vum Daach) zu Lëtzebuerg deem uewerschlesesche geglach huet. Wat och d'Presenz vun de villen uewerschlesesche Minettsdäpp erkläert.