Minière Cockerill

Vu Wikipedia
Agank an d'Minière

Minière Cockerill ass den haut méi geleefegen Numm vun der fréierer Minière Kazebierg ("Katzenberg") am Ellergronn zu Esch-Uelzecht, wou zulescht, bis an d'1970er Joren, d'Cockerill-Ougrée Minett ofgebaut huet.

Et ass déi eenzeg Minettsminière zu Lëtzebuerg, déi duerch e Pëtz z'erreeche war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Minière gouf tëscht 1881 an 1943 vun de Bridder Collart exploitéiert, déi eng Konzessioun vun iwwer 28 ha haten.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet den däitsche Besatzer se an d'Gewerkschaft Lützelburg integréiert. Nom Krich huet d'Firma John Cockerill se iwwerholl a weider bedriwwen, bis se 1967 zougemaach gouf.

1986 gouf de Staat Proprietär vun der Mine. E Veräin, d'Entente Mine Cockerill, dee sech aus fréiere Grouwenaarbechter zesummesetzt, huet an de Joren duerno den Terrain an d'Fassong bruecht an déi verschidde Gebaier renovéiert.

An engem dovun ass e klenge Musée, wou virun allem Fotoen an d'Aarbechtsgeschier vun de Grouwenaarbechter aus verschiddenen Epochen ze gesi sinn.

D'Minière Cockerill läit haut am Naturschutzgebitt Ellergronn. Vun do aus ginn 2 Wanderunge fort: eng Wanderung vun 3 km, bei där Panneauen doriwwer informéieren, wat et ënnerwee ze gesi gëtt, an eng mam Titel "De Mënsch an de Bësch".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mine Cockerill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quell[änneren | Quelltext änneren]