Collart (Famill)

Vu Wikipedia
Collart-Schlass Beetebuerg

D'Famill Collart ass eng lëtzebuergesch Industrielle-Famill, déi am 19. Joerhonnert an engem Otemzuch mat anere Notabelsfamille wéi Metz, Pescatore, Servais, Wurth, Tornaco a Brasseur genannt ginn ass. Et gouf laang eng Rivalitéit tëscht de Stol-Famille Collart a Metz, mä wéi üblech an där Zäit hunn Hochzäiten dee Problem geléist.

De Charles Joseph Collart huet d'Dynastie gegrënnt. Zu de bedeitendste Familljememberen hu seng Kandskanner Charles a Jules Collart, Schmelzhären zu Stengefort, gehéiert. Dee leschte Collart deen um nationale Plang bekannt war, war den Eugène Auguste Collart, Minister vun 1918 bis 1920.

An der Sidérurgie fënnt een d'Spuere vun der Famill Collart ënner anerem zu Dummeldeng, Fëschbech, Berbuerg, Stengefort a Rodange.

Zum Besëtz vun der Famill huet d'Dummeldenger Schlass, d'Beetebuerger Schlass, d'Schlass Schengen an d'Fëschbecher Schlass gehéiert.

Zu den Nokomme vun der Famill Collart gehéieren am 20. an 21. Joerhonnert Leit wéi den Affekot Ernest Arendt, säi Brudder de Banquier Georges Arendt an deem säi Fils, de fréiere Finanzdirektor vun der Cargolux David Arendt, de Versécherungsdirekter Jean Prüm an de Joseph Jean Aghina.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Collart (Famill) – Biller, Videoen oder Audiodateien