Eugène Auguste Collart
Eugène Auguste Collart | |
---|---|
op der Benelux-Konferenz 1949 | |
Gebuer |
26. Juli 1890 Beetebuerg |
Gestuerwen |
20. Mee 1978 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Eugène Auguste Collart, gebuer de 26. Juli 1890 zu Beetebuerg, a gestuerwen den 20. Mee 1978 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Bauer, Industriellen, Politiker, Diplomat a Publizist.
Hien ass en Nokomme vum Medezinner a Schmelzhär Charles Joseph Collart.
Den August Collart war 1918 an dann nees vun 1921 bis 1933 Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.
Dertëscht, vum 28. September 1918 bis de 5. Januar 1920 war hien als Onofhängege mat Ënnerstëtzung vun der Vollekspartei Generaldirekter ("Minister") fir Landwirtschaft, Industrie, Handel an Aarbecht an der Regierung Reuter. An där Funktioun huet hien ënner anerem d'Aarbechtszäitbegrenzung (den 8-Stonnendag) ouni Lounverloscht agefouert an d'Constitutioun vun 1919 mat ënnerschriwwen.
Vun 1921 bis 1933 war hien Deputéierten an der Chamber.
1928 gouf e Chambellan um Groussherzoglechen Haff.
1929 huet hien d'Celula-Molkerei zu Beetebuerg matgegrënnt.
Vun 1933-1940, an dann nees vun 1945 bis 1955 war hie Chargé de Mission vu Lëtzebuerg an Holland.
Virum Zweete Weltkrich war hien Administrateur-Délégué vun der Assurancëgesellschaft Le Foyer, déi hien no Differenze mat de Leit vum Gauleiter, a well hie sech geweigert huet der VdB bäizetrieden, verlooss huet. "Ech hun dénen discussio'nen emer en enn gemâcht mat dém klenge sproch: Le'wer e go'erechen hèr, ass we' e fette sklav"[1]
Den Auguste Collart ass wéinst senger Gesënnung 1941 op Hinzert komm. 1942 huet hie mat senger Fra a senger jéngsten Duechter zu deene éischte lëtzebuergesche Famille gehéiert déi ëmgesidelt goufen. Si koumen ënner anerem op Leubus vu wou si eréischt bei Krichsenn zeréck op Lëtzebuerg koumen.
D'Episod vum Fändel zu Leubus
Géint den hallwen Oktober 1942 huet de Lagerführer Henninges sech beim Mueresappell wéi e wëllt Déier opgefouert, well ee Lëtzebuerger anscheinend op den däitsche Fändel gespaut hätt. D'Lager gouf gespaart, an den Henninges huet gedreet, wann de Schëllege sech net géif mellen, da géifen der e puer erschoss ginn. Well awer keen eppes dovu wousst huet och kee sech gemellt, a sou souzen d'Famillen owes op den Zëmmeren an hu gewaart wat geschéie sollt. Keen huet vill geschwat. Den Auguste Collart huet déifbedréckt d'Wuert geholl a follgendes gesot: Lauschtert elo mol gutt. Mir hunn all de Kapp gewisen doheem, an den Nazien d'Stir duergehalen. Sollt de verréckten Henninges seng Dreeung mar wouer maachen, da musst der all de Courage hu fir dat Schicksal z'erdroen, wat op eis duerkënnt. Loosst de Kapp net hänken, an deejéinegen deen et trefft, muss genee wéi Helden an de KZter ouni ze zécken, onschëlleg den Doud op sech huelen, fir d'Heemecht an eis Grande-Duchesse Charlotte.[2]
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Auguste Collart war mat der Marguerite Lucie "Daisy" Weber bestuet, déi den 1. Juli 1969 gestuerwen ass. Si war "Dame d'Honneur" vun der Grande-Duchesse Charlotte.
Hir Duechter Anne Marie "Annemie" Collart gouf den 31. August 1917 um Beetebuerger Schlass gebuer an ass den 19. Abrëll 2007 gestuerwen. Si war mam hollänneschen Diplomat Joannes Petrus Maria Aghina bestuet, deen den 2. November 1992 zu Wassenaar gestuerwen ass. Där hire Fils, dem Auguste Collart säi Kandskand, ass de Joseph Jean Auguste Aghina, Dokter an der Ekonomie, deen zu Monaco lieft. Hien ass ënner anerem Member vum Verwaltungsrot vun der Holding Audiolux, enger Filial vun der Holding Luxempart. De Joseph Jean Aghina fiert reegelméisseg Rallyeë mat historeschen Autoen op sengem Fiat 124 Abarth Spider.
D'Collarts-Schlass, dat ëm 1730 vun der Famill von Zievel aus der Äifel gebaut gouf, ass 1971 un d'Beetebuerger Gemeng verkaaft ginn.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Von meiner Brasilienfahrt. Reiseerlebnisse, 1928.
- Aus den Papieren des Bürgermeisters (1813-1824) und Kantonskommissars (1814-1816) August Collart von Bettemburg, 1935.
- Am Wege zur Unabhängigkeit Luxemburgs, 1938.
- Der Krieg 1870-71 und Luxemburg, 1939.
- Aus der shroer zeit vun 1940-1945, 1946.
- Sturm um Luxemburgs Thron 1907-1920, 1959, Neioplo 1991.
- Aus der Uucht, 1963.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-Croix de l'Ordre d'Adolphe de Nassau[3]
- Grand-Croix de l'Ordre d'Orange-Nassau[3]
- Grand-Croix de l'Ordre de la Maison d'Orange
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne (Promotioun 1953)[4]
- Grand-Croix vum Ordre de Léopold II[3]
- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1951)[5]
- Médaille de la résistance
- Commandeur de la Légion d'honneur (Promotioun 1957)[3][6]
No him genannt
[änneren | Quelltext änneren]- Eng Strooss zu Beetebuerg (rue Auguste-Collart)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Sahl, Nicole, 2007. Collart, Auguste. S. 103 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Regierungsmemberen
- Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
- Collart (Famill)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eugène Auguste Collart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Aus der shroer zeit vun 1940-1945, Paul Faber, Gre'vemacher, 1946
- ↑ Marie-Madeleine Schiltges. Die Umsiedlung in Luxemburg 1942-1945. Imprimerie Saint-Paul Luxembourg S.A., 1988
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 Doudesannonce vum Auguste Collart am Luxemburger Wort vum 22. Mee 1978 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 8. Februar 2022
- ↑ Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 63
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert de(n) 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
- ↑ Ministère d'Etat du Grand-Duché de Luxembourg, « Bulletin de documentation », op Service information et presse du Gouvernement grand-ducal de Luxembourg, (consulté le 18 juin 2020)
- Gebuer 1890
- Gestuerwen 1978
- Lëtzebuergesch Industrieller
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Landwirtschaftsministere vu Lëtzebuerg
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne
- Grand-croix de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau
- Grand-croix de l'ordre de Léopold II
- Commandeur de la Légion d'honneur
- Buergermeeschtere vu Beetebuerg