Lubiąż

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Leubus)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Klouschter vu Leubus

Lubiąż (fréier de: Leubus) ass mat ronn 2.000 Awunner eng Uertschaft an der Gemeng Wołów an der Woiwodschaft Nidderschlesien am Powiat Wołowski a Polen.

D'Uertschaft ass zu Lëtzebuerg haaptsächlech bekannt well tëscht 1942 an 1945 vill Lëtzebuerger déi ëmgesidelt goufen, am Klouschter Leubus (Lager 158), internéiert waren.

Lubiąż läit um rietsen Uwänner vun der Oder, eng ronn 7 km vu Prochowice ewech do wou d'Kaczawa an d'Oder leeft.

Lubiąż ass dat eenzegt Ëmsiidlungslager an deem haut nach Lëtzebuerger begruewe leien an zwar:

  • Michel Adamy vun Ettelbréck
  • Mathias Kemp vu Walfer
  • Christiane Koch vun Esch-Uelzecht
  • Mathilde Stephany vun Huldang
  • Marie Schlottert vun Holz

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lubiąż – Biller, Videoen oder Audiodateien