Luxempart

Vu Wikipedia
Luxempart
Sëtz zu Leideleng
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1988
Sëtz Leideleng
Branche Investmentbank, Holding
Homepage https://www.luxempart.lu/

Luxempart ass eng Investment-Gesellschaft déi op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert ass.

Luxempart gouf de 25. Abrëll 1988 gegrënnt an den 10. Juni 1988 fir d'éischt op der Bourse cotéiert, deemools nach ënner dem Numm BIL Participations. De Cours en Bourse war deemools LUF 1.210 (EUR 29,99). Enn 2000 war de Cours bei LUF 10.730 (EUR 266,00), eng Steigerung vu 787 Prozent. Enn 2006 stoung de Cours bei 182,00 Euro.

D'BIL Participations war e Genre Spinn-Off vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL). An dëser Gesellschaft goufen deemools der Bank hir Participatiounen a grousse Lëtzebuerger Gesellschaften zesummegeluecht. Dozou hunn Aktië vun der CLT, der SES, der Cegedel, der Cargolux an der Luxair gehéiert.

Doduerch datt d'BIL Participations dunn op d'Bourse bruecht a bal zur Hallschent verkaaft ginn ass, huet d'Bank kënnen hir Participatiounen zu Geld maachen. Dëse Schrëtt ass domat z'erkläre gewiescht, datt den deemolegen Aktionär vun der BIL, de Groupe Bruxelles Lambert vum Albert Frère, d'Rentabilitéit vun der Bank wollt an d'Luucht setzen. Eng änlech Prozedur, wann och net genee aus de selwechte Beweeggrënn, gouf et am Joer 2000 bei der Banque générale du Luxembourg (BGL), déi hir Participatiounen an der Gesellschaft BGL Investment Partners (BIP) zesummegeluecht huet.

1992 huet d'BIL hir Aktien an der BIL Participations (52 Prozent) un eng Grupp Investisseure verkaaft mat un hirer Spëtzt Foyer Finance, d'Mammegesellschaft vun der Versécherungsgesellschaft Foyer. De Foyer gouf mat 28,13 Prozent vum Kapital den neie Referenzaktionär vun der BIL Participations déi a Luxempart, Société luxembourgeoise de participations ëmbenannt gouf. En anere wichtegen Investisseur war de Gaston Schwertzer, dee President vum Verwaltungsrot vu Luxempart gouf.

Enn 1992 louch de Cours en Bourse bei LUF 990. D'Aktie vun der Luxair waren un d'BIL zeréckverkaaft ginn an och d'CLT-Aktie goufe verkaaft. D'Luxempart huet an Electrabel investéiert, war och Aktionär vu Sommer Allibert International NV a vun Dexia, dem Mammenhaus vun der BIL. Si hunn mat Momenter och an d'BIL, an d'KBL an an d'BGL investéiert. D'Luxempart hat och Aktien an der Cargolux déi zum Deel spéider un d'BIP verkaaft goufen.

1997 waren d'Aktionäre vun der Luxempart virun allem Le Foyer (30 %), d'Sofina aus de Belsch (15 %) an d'BGL (10 %). Dat selwecht Joer gouf d'Audiolux e Genre Filial vun der Luxempart. Dësen Holding huet en Deel vun de Participatioune vun der Luxempart am audiovisuelle Secteur iwwerholl, z. B. an der SES, am CLT-Daach-Holding Audiofina an am Kinosbedreiwer Utopolis. D'Luxempart huet am Juni 1997 d'Audiolux zu 73,1 Prozent kontrolléiert an de Foyer hat nach eng Kéier 10,2 Prozent vun den Aktien.

Am Joer 1999 huet d'Luxempart hir Participatiounen am Energiesecteur an e Partenariat mat dem däitschen Energieris RWE abruecht, d'Luxempart-Energie S.A. Déi nei Holding huet d'Cegedel-Aktië vun der Luxempart (14 %), dem Foyer (7 %) an der RWE (1 %) iwwerholl an och 5 Prozent an der Société électrique de l'Our (SEO). D'Kapital vun LUF 2,137 Milliarde gëtt zu 51 Prozent vun der Luxempart an zu 49 Prozent vun RWE gehalen. D'Participatioun an der Cegedel ass duerno weider op 30 Prozent ausgebaut ginn.

Enn 2006 war d'Luxempart ënner anerem Aktionäre vun der SES, Foyer Finance, Foyer S.A., Atenor, Paul Wurth an IEE sou wéi an den Holdingen Audiolux (RTL Group, Utopia, Vox Mobile), Luxempart-Energie (Cegedel, SEO) an dem belsche Private Equity Spezialist Indufin, eng Coentreprise mat der belscher Investment-Gesellschaft De Eik N.V. Am Summer 2007 huet d'Luxempart d'Audiolux komplett iwwerholl andeems se d'Minoritéitsaktionäre mat Boergeld an Aktien ausbezuelt huet.