Gaston Schwertzer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gaston Schwertzer
Gebuer 18. Juli 1932
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist, Manager

De Gaston Schwertzer, gebuer den 18. Juli 1932, ass e lëtzebuergesche Jurist, Industriellen a Manager.

Hien huet 1955 säin Doktorat an Droit ofgeluecht a war duerno 3 Joer um Barreau ageschriwwen.

De Schwéierpunkt vu sengem Schaffe war an der Gasindustrie, wou hie 34 Joer aktiv war. Hien huet follgend Gesellschafte gegrënnt a gesteiert: Probutan-Gas, Compagnie Générale des Gaz Liquéfiés, Presta‑Gaz zu Klengbetten, d'Gaslagerzentrum zu Grimbergen an d'Offëllfanlag zu Ans bei Léck. Hie war 20 Joer laang President vun der lëtzebuergescher Sektioun vun der Association Professionnelle des Gaz de Pétrole a Vizepresident vun der Association belgo-luxembourgeoise Febupro. Parallel dozou huet hien zu Lëtzebuerg an de Bau an d'Gestioun vun Immobilien investéiert.[1]

Hie war och nach Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der Cegedel an Dexia BIL a Verwaltungsrotmember vun der CLT, Cargolux, Paul Wurth, SEO, SES, Audiofina, Banque Puilaetco Dewaay Luxembourg. Hien ass President vum Grupp Sichel a Presta-Gaz.[1]

Hien huet weiderhin 1988 BIL Participations (1992 a Luxempart ëmbenannt) matgegrënnt a war vun 1993-2002 dovun den Administrateur-délégué an ass den aktuelle President vum Verwaltungsrot. Hie war och am Verwaltungsrot vu Gesellschaften, déi op der Bourse quotéiert sinn, wéi Audiolux an Trief (Groupe Wendel Investissement).[1] Hien ass am Verwaltungsrot vu Foyer Finance.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 CV Gaston Schwertzer op luxempart.lu (gekuckt 2013-01-16