Banque internationale à Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) BIL)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Banque internationale à Luxembourg
BIL logo.svg
Sëtz zu Hollerech
Sëtz zu Hollerech
Typ: SA
Grënnung: 1856
Sëtz: Hollerech
Leedung: Marcel Leyers (Generaldirekter)[1]
Branche: Finanzen

D'Banque Internationale à Luxembourg SA (BIL) ass eng Société anonyme no Lëtzebuerger Recht. Aktionäre sinn zanter September 2017 déi chinesesch Legend Holdings (90%) an de Lëtzebuerger Staat (10 %).

Legend huet seng Parte vu Precision Capital, engem Investergrupp vun der Kinneksfamill aus dem Katar fir bal 1,5 Milliarden Euro ofkaaft,[2] dee se sengersäits 2012 kaaft hat.[3]. Deemools hate Precision Capital an de Lëtzebuerger Staat d'Kapital vun der Dexia Banque Internationale à Luxembourg, déi bis dohin zum Dexia-Grupp gehéiert huet, fir 730 Milliounen Euro opkaf.

Dexia hat hirersäits an den 1990er Joren d'Banque Internationale à Luxembourg iwwerholl. D'Participatioune vun Dexia zu Lëtzebuerg an Dexia Asset Management Luxembourg, RBC Dexia Investor Services Limited an Dexia LDG Banque goufen net mat iwwerholl.[3].

2015 hu 1.940 Leit bei der BIL geschafft an den Nettogewënn louch bei 134 Mio. Euro. De Generaldirekter ass de Marcel Leyers.[4]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Banque internationale à Luxembourg gouf 1856 gegrënnt a war déi éischt Bank zu Lëtzebuerg.[5] Haaptmotivatioun vun der Grënnung war et, de Bau vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg ze finanzéieren. Grënnungsaktionäre waren däitsch Banquieren, de Raphael Erlanger vu Frankfurt/Main, an den Abraham Oppenheim an de Gustav Mevissen vu Köln.[6]

D'BIL huet 1856 deen éischte Geldschäin zu Lëtzebuerg erausginn an hat dëse Privileg bis 1999, wéi den Euro agefouert gouf.[7].

1929 war d'BIL ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Bourse. An de Joren nom Zweete Weltkrich huet d'BIL sech u lëtzebuergesche Gesellschafte bedeelegt, wéi der Luxembourg Airlines Cie (1948), der Société électrique de l'Our (1951) an der Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion (1955).[5]

An den 1970er Joren huet se d'Clearinggesellschaft Cedel matgegrënnt, der spéiderer Clearstream.An den 1980er Joren huet d'BIL hir Bedeelegungen un auslännesche Banke gehéckt, an huet Auslandsrepresentatiounen opgemaach ë. a. zu Singapur, New York, London, Tokyo a Madrid. 1976 huet se d'Banque Lambert Luxembourg opkaaft.[5]

1988 gouf se majoritären Aktionär vu BIL Participations an huet hir éischt Investmentfonge gegrënnt. 1989 huet se hire Geschäftssëtz vum Boulevard Royal op Hollerech an d'Gebai L'Indépendance verluecht.[5]

1991 gouf de Crédit Communal de Belgique Haaptaktionär vun der BIL. 1996 huet dësen eng Coentreprise mam Crédit Local de France gemaach, där hiert Resultat de Groupe bancaire Dexia war. 2000 gouf aus der BIL d'Dexia Banque Internationale à Luxembourg.[5]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Calmes, C., Une banque raconte son histoire: histoire de la Banque Internationale : 1856-1981, Luxembourg, Saint-Paul, 1981.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banque internationale à Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wechsel an der Führungsspitze: Marcel Leyers ist neuer Chef der BIL op wort.lu, gekuckt den 21. Mäerz 2019
  2. "Legend iwwerhëlt 90%, Politik a Verwaltungsrot reagéieren." rtl.lu, 01.09.2017, 19:53:24.
  3. 3,0 3,1 [ https://www.bil.com/fr/Documents/communiques-de-presse/2012-04-05.pdf "Signature d'accords de cession concernant Banque Internationale à Luxembourg"]. Pressecommuniqué op bil.com vum 4. Abrëll 2012.
  4. "Wechsel an der Führungsspitze: Marcel Leyers ist neuer Chef der BIL." wort.lu, 21-03-2019.
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 Histoire de la BIL. (fr) op bil.com (consultéiert den 2. Mee 2012)
  6. Arrêté royal grand-ducal du 8 mars 1856 approuvant les statuts de la Banque Internationale de Luxembourg. an Arrêté royal grand-ducal du 14 avril 1856 approuvant l'acte constitutif de la Banque Internationale de Luxembourg; Mémorial A n° 9 vum 17.04.1856 op legilux.lu
  7. Als lescht gouf et en 100-Frang-Schäin vun der BIL, dee parallel zu deem vum Institut monétaire luxembourgeois an dem aus der Belsch am Ëmlaf war.